Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Feist - One Evening

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Fils à papa

Marcel Ophüls

Kee Fils à papa

De Woody Allen war obsedéiert vu sengem Krichs-Documentaire: De Marcel Ophüls ass ee vun deene wichtegsten Dokumentariste vum 20. Joerhonnert. Hie gëtt dem Tom Dockal Ablécker a säi spannend Liewen.

ys

auto_stories

5 min

Marcel Ophüls ©Tom Dockal

D'Wierk vum Marcel Ophüls an dat vu sengem Papp, dem Max Ophüls, sinn net mateneen ze vergläichen. De Max huet säi Liewe laang Fiktiounsfilmer gedréint. Dorënner "Die verkaufte Braut", "Le plaisir" a "Lola Montès". Op där anerer Säit stinn Documentairen ewéi "Le chagrin et la pitié" oder "Hôtel Terminus", déi alleng duerch hir Spilldauer (4h08 a 4h25) d’Stir bidden. Awer och den Ophüls-Jong huet Ufank de 60er Jore mat Hëllef vum François Truffaut an der Fiktioun seng éischt Schrëtt am Film gemaach. Den Truffaut huet dem Ophüls ugebueden, fir e Segment am Kollektivfilm "L’amour à 20 ans" ze realiséieren.

"Mémoires d'un fils à papa"

Et war och de François Truffaut, dee schwéierkrank den Ophüls versprieche gedoen huet, datt hien iergendwann seng Memoire sollt schreiwen. De Truffaut hat zwar "Les films de ma vie" geschriwwen, awer selwer ni eng Autobiographie op d’Blat bruecht. "Ech mengen, well hie keng Zäit hat, fir seng eege Memoiren ze schreiwen," seet de Marcel Ophüls "A well mir eis donieft ganz gutt kannt hunn. Hie wousst, datt ech vill erlieft hunn. Hie war e groussen Ophülsianer."

Den Exercice huet sech gelount. "Mémoires d’un fils à papa" (Calmann-Lévy, 2014) ass tatsächlech e ganz flott Lieserliewnis. Witzegerweis steet et an engem staarke Kontrast zu de monolithesche Filmer. Den Ophüls erzielt, an enger Mëschung aus perséinlechem Beschass an Ofrechnung mat deene verschiddenste grousse Perséinlechkeeten aus Politik a Gesellschaft, Anekdoten aus sengem professionelle Schafen an natierlech senger ganz mouvementéierter Familljegeschicht. Mat am Mëttelpunkt natierlech där dominanter, mee häerzlecher Pappefigur an der Persoun vum Max Ophüls. Dat alles vermëscht ergëtt d’perséinlech Liewensgeschicht vun engem vun deene wichtegsten europäesche Chroniqueure vum 20. Jorhonnert.

"Le Chagrin et la Pitié"

Vill Leit hunn hiren éischte Kontakt mam Wierk vum Marcel Ophüls mat Hëllef vum Woody Allen. Am Allenn sengem objektiv beschte Film aus dem Joer 1977, Annie Hall, baut hien eng Obsessioun mam 4-Stonnen-Documentaire iwwert d’Stad Clermont-Ferrand während der Okkupatiounszäit an dem Vichy-Regime.

Fantastesch ass och d’Anekdot ronderëm den engleschen Titel vun dësem Film. De Film heescht "The Sorrow and the Pity". Wéi dëse Film déi éischte Kéier zu New York um Festival hätt solle lafen, wor dat alles bëssen anescht. "Do hate si als Iwwersetzung 'The Shame and the Pity' benotzt. Du sot ech, ech géif geschwënn nees heemfueren. Iwwer Nuecht hu si vun Hand 'The Sorrow' op d'Affichë geschriwwen."

Mat dëser Geschicht am Hannerkapp ass et bal schwéier ze gleewen, dat den Ophüls et duerchgoe gelooss huet, dat de franséischen Originaltitel vun der Autobiographie "Mémoires d’un fils à papa" an der däitscher Iwwersetzung beim Propyläen zu "Meines Vaters Sohn" ginn ass. Awer de Cineast erkläert, datt hien deen Titel net wollt. "Mäi Frënd Jean-Luc Godard war ee Fils à Papa. De Louis Malle war e Fils à Papa. Ech war ee Fils de Papa. Dat ass net dat Selwecht."

"Un voyageur"

2013, ee Joer virun der Autobiographie koum "Un voyageur" eraus. De Film gouf vun ARTE finanzéiert a vum Ophüls selwer realiséiert. "Ech hat ee Vertrag fir d'Buch. Awer nach ëmmer keng Loscht fir d'Schreiwerei. An och Schiss virdrun. Dat ass sou eng wahnsinneg einsam Konscht. Dowéinst bréngen déi sech jo och ëmmer ëm. Wëll et sou einsam ass. A wéinst der "peur de la page blanche". Dowéinst duecht ech, wann ech virudru géif Leit fannen, déi mir e Film géife finanzéieren, kéint ech herno méi einfach schreiwen. An dat war dunn och sou."

"Un voyageur" ass zu Cannes 2013 an der Selektioun "Quinzaine des réalisateurs" gelaf. Op ARTE ass en als Video on Demand ze kucken. Zum Medium Telé huet de Marcel Ophüls e liicht gestéiert Verhältnis. Säin neiste Projet, en Documentaire ronderëm den Israel-Palästina Konflikt ënnert dem Aarbechtstitel "Des vérités désagréables" kënnt grad net just wéint zwëschemënschleche Schwieregkeeten net zum Schoss. Och mam Finanzement ginn et Problemer.

Un der Wuerzel vum Problem stéing den Terminus "Fernsehbonzen", déi him ëmmer nees géifen draschwätzen, wéi wat wéi laang an wéi auszegesinn hätt, esou de Marcel Ophüls zu Saarbrécken am 100,7-Interview.