Kerstin Talau: Lucien Kayser, den Henri Dillenburg war en diskrete Mënsch, ech ka mech erënneren, datt hien Interviewe ganz gären aus de Féiss gaangen ass; et gëtt jo awer ëmmer nees betount, datt hien d'Molerei zu Lëtzebuerg op seng Manéier virubruecht hätt.
Lucien Kayser: En huet ganz zeréckgezu gelieft, zemools nom Doud vu senger Fra. Trotzdeem konnt een awer mat him ganz intensiv Diskussiounen zur Konscht hunn. Hie war vill gereest; hien hat e risegt Wëssen iwwer d'Konscht. Hei zu Lëtzebuerg hat hien eng ganz speziell Positioun ageholl. Hie war jo ee vun de Fondateure vun "Les iconomaques". An: déi meescht, déi zu der moderner Konscht komm sinn an de 50er Joren hunn dat e bëssen an der Suite vun der École de Paris gemaach; dat war bei him net de Fall, hien ass e ganz eegene Wee gaangen, huet sech permanent mat neie Recherchë renouvelléiert.
Dir hutt d'Iconomaques ugeschwat, Lucien Kayser, dee Kënschtlergrupp, deen den Henri Dillenburg 1954 ë. a. mam Frantz Kinnen, Emile Kirscht, Michel Stoffel a Lucien Wercollier zesumme gegrënnt hat, nom Adjektiv "iconomaque: qui combat le culte des images", also Billerstiermer. Et heescht, dës Beweegung hätt der abstrakter Molerei zu Lëtzebuerg e wichtege Coup de pouce ginn. 1954 ass den Henri Dillenburg awer och vum Cercle artistique de Luxembourg mam Prix Grand-Duc Adolphe ausgezeechent ginn. Wat huet hien a senger Konscht gedriwwen? Wéi wichteg war seng Biografie? Den Henri Dillenburg koum 1926 zu Dikrech op d'Welt, huet als Jonke refuséiert, Member bei der Hitlerjugend ze ginn. Nom Krich huet hien zu Bréissel Konscht studéiert a no sengem Retour op Lëtzebuerg huet hie säi Liewensënnerhalt am Nationalmusée als Restaurateur verdéngt. Wéi vill Afloss haten dës Experienzen op seng Kreativitéit?
Ech trennen eigentlech prinzipiell d'Biografie vun der Aarbecht vun de Leit. Et ginn Artisten, wou déi zwee aneneegräifen, dat war awer bei him wéineg de Fall, wann ech dovunner ofgesinn, datt hien heiansdo ganz staark an humorvoll Stellung geholl huet zur Kultur zu Lëtzebuerg. Ech denken do un eng Ausstellung, déi komplett zu deem Theema war. Bon, natierlech war hie vun der Éisleker Landschaft gepräägt, mee et soll een awer näischt Biografesches a senger Konscht siche goen, déi war eegestänneg an autonom. Virun zéng Joer si seng Paysagen zimmlech abstrakt ginn, hien huet do just nach Silhouettë vun den Dierfer aus dem Éislek geholl, mat de Kierchtierm oder engem Ensembel vun Haiser, an déi huet hien an der Molerei oder als Collage op der Toile verbreet, bal ëmgedréit, bal schif. Haut schwätzt een dacks vun enger Déconstructioun, bon, dat do war eng Défiguratioun. Fir et ze vereinfachen, kann ee säi Wierk an zwee Deeler deelen: d'Paysagen, mat deene leschten Evolutiounen do, mee dann op där anerer Säit och Figuren. An do denken ech un d'1970er, wou hien Homunkulen, also Männercher mat ganz kuerze Been etc, gezeechent huet. Dat si Produktiounen, déi zu Lëtzebuerg wierklech eng eegestänneg Positioun anhuelen, all Zäit ganz wäit ewech vun deem, wat d'École de Paris war.
Lucien Kayser, Dir hutt Iech an enger Rei längeren Texter mam Wierk vum Henri Dillenburg ausenanergesat, oder zum Beispill 2012 am kuerzen Artikel "Avatars de paysages: à partir des peintures d'Henri Dillenburg" an der Nummer 99 vun Ons Stad. Dir hutt de Kënschtler och perséinlech kannt, Iech bleift hien an Erënnerung. Wat sollten anerer vum Henri Dillenburg an hirer Memoire versuergen?
Éischtens vum Mënsch eng gewësse Rigueur mat sech selwer, och mat deenen aneren, an eng Intransigeance. Hie selwer hat eng gewëss Stuerheet, déi awer berechtegt war a ganz authentesch. An da wat d'Konscht ugeet - an do brénge mir dann elo awer déi zwee e wéineg beieneen - säin eegene Wee goen, wäit ewech vu Mouden an Influenzen. Hien huet sech net, wéi vill anerer, a seng Konscht eran diktéiere gelooss.