Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Watermelon Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Méiglechst hemmungsfräi dra beweegen"

Réouverture vum Casino

"Méiglechst hemmungsfräi dra beweegen"

Den 22. Mäerz 2016 feiert de Casino Lëtzebuerg säin 20. Gebuertsdag. An dat net nëmme mat enger spezieller Gebuertsdagsparty, mee och mat enger neier Zeenographie. Dowéinst ass de Forum fir zäitgenëssesch Konscht zanter Uganks 2016 fir Renovatiounsaarbechten zou. Lo ginn d'Dieren also rëm op – an et gëtt Neits ze entdecken.

Kerstin Thalau / Cléo Thoma / ckl

auto_stories

3 min

Kevin Muhlen: "Eng Plaz wou een sech dagdeeglech mat der zäitgenëssescher Konscht kann auserneesetzen"

Et war vu laanger Hand geplangt, fir dem Casino fir séng 20 Joer eng nei Nues ze ginn. D'Gebai sollt verännert ginn, ouni awer un d'Grondstruktur ze goen. An och d'Ausriichtung bleift: de Casino an der Ënneschtgaass soll e Forum d'art contemorain bleiwe mat eben der Missioun zäitgenëssesch Konscht ze weisen.

D'Iddi war, sou den Direkter Kevin Muhlen, fir déi verschidde Méiglechkeeten, déi dëm Publikum am Casino zur Verfügung stinn, ze multiplizéieren. "Et sollt net nëmmen een Ausstellungshaus ginn, mee eng Plaz wou een sech dagdeeglech mat der zäitgenëssescher Konscht kann auserneesetzen, a verschidde Konditiounen an Environnementer". Zil war et dobäi och d'Notioun vum "Forum" sou gutt wéi méiglech auszenotzen. "Mir hunn eise Rez-de-chaussée sou amenagéiert, datt ee sech méiglechst hemmungsfräi kann dra beweegen".

"Gebai nei amenagéiert"

Nei ass, zum Beispill, de Ca(fé)sino wou et z'iessen an ze drénke gëtt, an och den Accès vum Boulevard Roosevelt aus, där Säit also vum Aquarium. "Et kann ee souguer eran a raus ouni eppes dobannen ze maachen, mee vläit bleift ee jo stoen a stellt fest, datt een hei eppes kann drénken oder eng Ausstellung gesinn", sou de Kevin Muhlen. Mee och an den Ausstellungsraim ginn et eng Rei – deels radikal – Ännerungen.

"Mir hu kee neit Gebai gebaut, mee mir hunn d'Gebai nei amenagéiert – fir dem Publikum an och eiser Equipe méi Confort ze bidden", seet de Kevin Muhlen. Déi al Iddi vum "il n'y a que le temporaire qui dure" soll lues a lues verschwannen. "Deen huet lo déi 20 éischt Joer geprägt, mee lo probéiere mir méi permanent schaffen, fir datt mir déi nächst 20, 30, 60, 100 Joer kënne weidermaachen".

Éischt Expo an de neie Gemaier ass "Le Gypse" vum Lara Almarcegui. Déi spuenesch Artistin deklinéiert de Gips, dee Baustoff also deen och am Casino am Asaz war an ass. Ausgangspunkt waren déi wäiss Cuben uewenop, déi aus dem Casino verschwannen. Op der Ouverturessoirée, an doriwwer eraus, ze gesi sinn ënner anerem och den d'Alexandra Pirici an de Manuel Pelmus mat hieren "Public Collections". De ganze Programm vum Owend an der "Semaine Portes ouvertes" fannt Dir um Site vum Casino.

De radio 100,7 ass iwwregens och en Dënschdeg live mat bei der Reouverture dobäi.