Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Jemp Schuster gewënnt de Lëtzebuerger Buchpräis 2021

Präisiwwerreechung

De Jemp Schuster gewënnt de Lëtzebuerger Buchpräis 2021

"Bluttsëffer" ass dee Roman, fir deen d'Jury de Jemp Schuster an der Kategorie "Literatur" ausgezeechent huet. De Lëtzebuerger Buchpräis gëtt all Joer vun den Editeuren organiséiert.

auto_stories

1 min

Zu Walfer war um Donneschdeg Owend d'Präisiwwerreechung vum Lëtzebuerger Buchpräis, wou och dem Ufank vum Joer verstuerwenen Editeur Manuel Schortgen geduecht gouf, Et ass scho praktesch eng Traditioun, datt d'Zeremonie kuerz virum Weekend vun de Walfer Bicherdeeg iwwert d'Bün leeft.

An der Kinnékskategorie ''Literatur" geet de Präis dëst Joer also un de Jemp Schuster. Säi Roman "Bluttsëffer" (Editions Imprimerie Centrale) beschreift d'Kontinuitéiten an d'Bréch vum Liewen am fiktive Bauerenduerf Grozeg. Et ass deen éischte Band vun enger Familljesaga an zwee Deeler. D'Suite heescht "Ouereschlëffer".

Déi weider Laureaten

Sachbicher: John Marshall, "#LuxUKLinks" (Maison Moderne)

Kannerbicher: Marina Fonseca & Lisa Junius," Waking the Mountain" (Zoom Editions)

Design: "40 Years Valentiny Architects: Stories from the Inside" (Point Nemo Publishing)

Publikumspräis: Sonja Bintener a Snejana Granatkina, "12 nei Gutt-Nuecht Geschichten" (Editions Phi)

D'Jury vum Lëtzebuerger Buchpräis 2021 war zesumme gesat vun: Marcel Kieffer (Journalist), Isabelle Marinov (Autorin), Romy Liefgen (Libraire), Miriam Rosner (Grafikerin) a Pascal Seil (Centre national de littérature).