Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Jas - eng Éislecker Legend

Graphic Novel

De Jas - eng Éislecker Legend

Am Nikolas Gredt sengem “Sagenschatz des Luxemburger Landes “ sinn zéng kuerz Geschichten iwwer de Jasmännchen ze fannen. E Männchen, deen als Geescht mat iwwernatierleche Kräften duerch d'Dierfer zitt, an dem Vollek vill Misère bréngt. De Jean-Louis Schlesser, Essayist, Auteur vu literareschen Texter a Filmdréibicher, huet des Legenden ëmgeschriwwen, an zesumme mam Grafiker an Illustrator Marc Angel eng Bande dessinée erausbruecht: "De Jas".

Valerija Berdi / ckl

auto_stories

3 min

De Jas ass op Lëtzebuergesch a Franséisch erauskomm (©Insitu Creation Édition)

De Jean-Louis Schlesser hat säin Text iwwer de Jas eigentlech  als Filmszenario geplangt, e Projet deen awer net sou richteg un d'Rulle koum. Gläichzäiteg huet de Jean-Louis Schlesser dem Marc Angel seng Aarbechte kennengeléiert hat. Esou ass hien da, mat der Propos eng BD ze kreéieren, un de Grafiker erugetrueden. "A vu datt d'Thema mech ugeschwat huet, hunn ech zimlech séier Jo gesot", erënnert de Marc Angel sech.

Wann een  dem Nicolas Gredt seng Legende liest, da begéint een do engem Jasmännchen, dee mol als Poltergeescht d'Leit aus den Haiser verdreift, dann awer och mol als feierspäizende Stéier, als wëlle Jeeër oder och mol am Schofspelz erschéngt. De Marc Angel an de Jean-Louis Schlesser hunn sech déi eenzel Spuere vum Jas ugekuckt an du versicht eng Biografie vum Jas opzestellen.

Kee Märechersbuch fir Kanner

De Jas ass sécherlech kee Märechersbuch fir Kanner, an d’ Zeechnunge vum Marc Angel sinn düster awer kloer, entsprieche ganz dem Geescht vun der Geschicht. Datt d’ Biller net mat ze vill Text iwwerluede sinn, suergt fir e ganz agreabelt Liesen a virun allem Kucken: well all eenzel  Zeechnung gëtt vill hir, wat och um Marc Angel séngem ausdrocksstaarke Stréch läit.

D’ Protagonisten si villschichteg a komplex, déi gespenstesch a sinister Momenter wierke ganz   plastesch an zéien de Betruechter an eng luguber Welt. D’ Geschicht ass och spannend, sou datt een déi éischte Kéier vläicht ze schnell duerchgeet, mee da kann een sech eng zweeten an drëtte Kéier an d’Zeechnunge verdéiwen an awer och mat den deelweis verstoppten, deelweis oppene sozialkritesche Messagen ze beschäftegen. 

Keng klassesch BD

Graphic Novel nennt sech des Form vun der BD, déi de Jean-Louis Schlesser an de Marc Angel fir de Jas gewielt hunn. "Eng Graphic Novel grenzt sech vun der BD of andeems si sech méi un en erwuessenen an avertéierte Publikum riicht, a kënschtleresch grad wéi literaresch méi héich Uspréch stellt", erkläert de Marc Angel.

An hirer Kreatioun sinn de Jean-Louis Schlesser an de Marc Angel, "zimlech séier ewechkomm vum klassesche BD-Konzept, also dem Album vun 48 Säiten", och well d'Graphic Novel, dem Marc Angel no, "méi fräi" ass, souwuel vum erzieleresche Genre hier wéi vum graphesche Stil hir.

De Jas ass op Lëtzebuerg a franséisch erauskomm an op eng Fortsetzung vu Geschichte  mat dësem faszinante Poltergeescht kann een sech scho freeën...

De Jas, Jean-Louis Schlesser a Marc Angel , November 2015, 120 Säiten, Insitu Creation Édition