Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Goût vum Publikum

Luxembourg Art Week

De Goût vum Publikum

Am Konschtbusiness geet et ëm vill Suen. Awer Kommerz ass net alles. An net alles verkeeft sech. Fir d'Galerien ass et wichteg, eng Balance zwëschent Lukrativitéit an Originalitéit ze fannen.

auto_stories

3 min

Table Ronde mam Alex Reding, Audrey Bossuyt a Michael Krome (vlnr)

D’Audrey Bossuyt huet e Galeristinnebackground, huet 7 Joer an der Belsch am Konschtmilieu geschafft, war duerno als ‘Advisor’ zu London. Mëttlerweil ass si 7 Joer zu Lëtzebuerg, huet am Gronn mam Nordine Zidoun eng Galerie opgemaach, wou si bis ewell eng Rei hei éischter onbekannt amerikanesch Kënschtler ausgestallt huet. Mat der rezenter Martine Feipel-a-Jean-Bechameil-Expo huet si sech awer elo och a Richtung Lëtzebuerger Kënschtler lancéiert.

"Dat do verstinn ech net"

D’Galeristin proposéiert bei der Luxembourg Art Week souwuel Lëtzebuerger, wéi och international Kënschtler. Wéi de Publikum wäert reagéieren ass fir si zweetrangeg."Jo, et ginn economesch Erausfuerderungen. Awer vun deem Moment un, wou ee Foirë mécht, geet een dohinner fir säi Programm ze verdeedegen. Dorop soll een houfreg sinn. An et ass un eis fir d'Collectionneuren z'iwwerzeegen." Am Léifsten hätt si déi Leit, déi op hire Stand géife kommen an iwwer ee Wierk géife soen: "Dat do verstinn ech iwwerhaapt net."

Net alles verkeeft sech

Fir de lëtzebuerger Galerist Alex Reding geet et am Alldag net just dorëms, eng Galerie ze bedreiwen, mee och e Reseau opzebauen, also e Relais fir Sammler ze sinn. Hie presentéiert op der enger Säit also lokal jonk Talenter a confirméiert Kënschtler an op der anerer nei Mouvancen aus der internationaler Zeen. Haaptsächlech aus der EU. Lukrativitéit spillt natierlech eng Roll, mee déi perséinlech Ausso mécht d’Rennen.

Et ass senger Meenung no normal, datt een Deel vum Programm kommerziell gesinn oninteressant ass. A senger Galerie géifen 20 bis 30 Prozent vun de Kënschtler de Recht mat duerch zéien. "Dat ass ebe sou."

De Publikum iwwerraschen

Am Dezember 2014 huet de gebiertege Rheinlänner Michael Krome op der Adress vun der fréierer Galerie Beaumont eng Succursale vu senger Berliner Krome-Gallery opgemaach. Hien ass also aktuell nach an enger Zort Testphase, versicht de Lëtzebuerger Publikum a säi Goût kennen ze léieren, ma och d’Visiteure mat ongewinnten Aktiounen ze iwwerraschen.

Fir seng iwwernächst Ausstellung weist de Michael Korme Aarbechte vun der Tania Mouraud, déi sech konzeptuell mam ëffentleche Raum beschäftegen. De Centre Pompidou zu Metz hat viru kuerzem eng grouss Retrospektiv vun der franséischer Artistin gewisen. "Fir eng lëtzebuerger Perceptioun kéint et och interessant sinn ze gesinn, datt een Aarbechten, déi an engem Musée waren, an déi zum Deel aus de 60er, 70er oder 80er Joere stamen, och an enger Galerie kafe kann."

De Michael Krome wëll bekannt international Positioune weisen a mat gudde Lëtzebuerger Kënschtler mëschen. Déi, déi am Ausland géife wunnen, kéint een domat villäicht zeréckbréngen, sou de Galerist weider.