Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ David Sala - Le Poids des héros: Am Schiet vun de Grousspappen

Bande dessinée

David Sala - Le Poids des héros: Am Schiet vun de Grousspappen

Dat neit Wierk vum franséischen Zeechner geet nees an eng éischter literaresch Richtung. Et ass e Familljeportrait vum Auteur, vu senger Kandheet a Jugend. Ee visuell enorm beandrockende Comic, fënnt de Jeff Thoss.

auto_stories

4 min

De David Sala beschreift d'Opwuessen a senger Famill, déi souwuel op der Säit vum Papp, wéi op där vun der Mamm spuenesch Wuerzelen huet. Allen zwee Grousspappe sinn Enn vun de 1930er virum Franco geflücht an hunn de Kampf géint de Faschismus a Frankräich weidergeféiert.

Deen een, de Papp vun der Mamm, ass relativ schnell als politesche Prisonéier an d'KZ Mauthausen komm, dat en iwwerlieft huet, wärend den aneren, also de Papp vum Papp, de ganze Krich duerch an der Resistenz aktiv war. Déi zwee Schicksaler markéieren d'ganz Famill. Et ass, wéi den Titel et schonn undeit, d'Gewiicht vun dësen Helden an hire Liewen, dat déi vun de anere Familljemembere bestëmmt.

Geschichte vu fréier

Wann et ëm de jéngsten, also den David geet, probéiert de Comic, d'Perspektiv vum Kand anzehuelen, fir dat déi zwee Grousspappen iwwerliewensgrouss Figure sinn, an dat matkritt, datt si aussergewéinlech Saachen duergemaach hunn, mee dat alles natierlech net wierklech versteet. De Protagonist wiisst an der BD an enger Welt vu Geschichten op, déi sech an der Famill erzielt ginn.

De Papp vun der Mamm stierft, wéi den David dräi bis véier Joer huet, hei geet et méi ëm d'Geschichten, déi d'Mamm oder anerer weidererzielen, zum Beispill, wéi de Grousspapp huet misse vum engen Dag op den anere fléien, well en als Kämpfer fir d'spuenesch Republik verrode gi war.

Den anere Grousspapp begleet den David duerch seng ganz Kandheet an erzielt och dacks selwer. Et gëtt vill Familljeniessen, Treffe mat ale Frënn oder och eng Gedenkfeier am Buch, wou d'Geschichte vun deemools ausgepaakt ginn.

Donieft spillt awer och ee Bild eng wichteg Roll: e Portrait vum enge Grousspapp, dat heemlech am KZ gemoolt gouf, an dat bei de Salaen an der Stuff hänkt. D'Bild konfrontéiert den David och ëmmer erëm mat der Vergaangenheet, där hir Hannergrënn hien natierlech och an dësem Fall net ganz duerchbléckt.

Niewent dësen Zeene gëtt et awer och vill Passagen, wou typesch, banal Erliefnisser vun enger onbeschwéierter Kandheet an der Nokrichszäit gewise ginn. Do fiert den David mat senge Kolleege mam Vëlo bei en eidelt Haus, an deem et, wéi si mengen, geeschtert. Oder en hëlt mat sengem Brudder doheem mam Kassetterekorder Lidder aus dem Radio op.

D'Perspektiv vum Kand unhuelen

D'Zeenen, an deenen d'Vergaangenheet vun der Famill am Mëttelpunkt steet, an déi, wou et ëm gewéinlech Kandheetserënnerunge geet, ginn an der BD ouni Kommentar niewentenee gestallt. Als Lieser spréngt engem d'Diskrepanz natierlech direkt an d'A.

Mee och hei invitéiert eis den David Sala, de Bléckwénkel vum Kand ze adoptéieren, dat d'Onverhältnisméissegkeet vu deenen Erliefnisser net bemierkt, dat d'Saachen net esou a Relatioun setzt wéi en Erwuessenen a ganz eege Prioritéiten huet.

Wann um Schoulhaff vun engem alen Horrorfilm erzielt gëtt, den an 3D um Fernsee leeft, dann ass et fir en Néngjärege vläicht grad dat Wichtegst op der Welt, nach iergendwou un en 3D-Brëll ze kommen, fir de Film kënnen ze kucken.

Ee kontrasträiche Stil

Vum Stil hier ass "Le Poids des héros" ass eng BD, déi éischter gemoolt wéi gezeechent ass. Et erkennt een zwar Bläistëftëmresser, mee et dominéiert e Molstil, dee sech um Expressionismus orientéiert. Et ass e ganz faarwege Comic, deen de Biller vill Plaz léist. Heiansdo sinn der just een oder zwee op enger Säit, esou dass ee praktesch dozou forcéiert gëtt, sech méi genau mat hinnen auserneenzesetzen.

Och beim Stil gesäit een dee Kontrast tëschent der Welt vun der Kandheet an der Welt vun der Familljegeschicht. D'Zeenen an der Géigewaart vum Buch si méi realistesch, méi detailléiert duergestallt. Den David Sala huet eng besonnesch Freed drun, d'Tapissereien, d'Miwwelen, d'Kleeder, am Fong de ganze charakteristeschen, confortabelen Dekor vun de 70er an 80er ze weisen.

D'Geschichte vun de Grousspappen dogéint, eng Episod aus Mauthausen oder eng aus enger Stopp vun der Resistenz am Bësch, zum Beispill, si méi abstrakt, méi däischter gezeechent, an och méi expressiv vun de Formen an de Faarwen hier.

Hei ginn d'Figuren och mol verzerrt an e grellt Magenta gëtt benotzt, fir d'Brutalitéit vun där Zäit ze ënnersträichen. Donieft widderhëlt den David Sala och nach e Blummemotiv, fir de Géigesaz tëscht där geschützter Kannerwelt an der traumatescher Familljegeschicht, déi an déi Kannerwelt erabrécht, symbolesch duerzestellen.

Zum Schluss verléiert d'BD e wéineg de Fokus, well do dem David Sala seng eege Karriär als Zeechner eng gréisser Roll spillt, wat éischter eng Oflenkung ass. All Allgemengen ass et awer e Comic, deen ee jiddwerengem empfeele kann.

En ass visuell enorm beandrockend an, wat d'Erzielung ubelaangt, geet e ganz sensibel a ganz nuancéiert fir, fir eis d'speziell Atmosphär an där Famill an d'Relatioun vum Kand zu de Grousspappe méi no ze bréngen.