Gedichter Das Ende vom Lied

Den däitsche Literaturkritiker Michael Braun huet bei Editions Phi e Gedichtband mat ausgewielte Gedichter vum Jean Krier ënner dem Titel "Das Ende vom Lied" erausbruecht. Zesumme mam Dr. Raoul Walisch huet hien dëst neit Wierk am Mierscher Literaturarchiv virgestallt.

Valerija Berdi / cbi

Das Ende vom Lied
Fotomontage: Bigstock / Inuella123 ; Editions Phi

Véier Gedichtbänn huet de Joer Krier, Joergang 1949, zu Liefzäite publizéiert. All dës Bicher koumen an däitsche Verläg eraus. De Jean Krier hat net vill Loscht ze Lëtzebuerg ze editéieren, vun däitsche Publikatiounen huet sech den Dichter, deen 2013 gestuerwen ass, eng gréisser Lieserschaft erwaart.

Elo koum an engem Lëtzebuerger Verlag en neit Gedichtband mam Titel "Das Ende vom Lied" eraus. De Michael Braun ass renomméierte Literaturkritiker, gudde Kenner vun der Lyrik an natierlech och vum Jean Krier senge Gedichter.

Mam Schluss ufänken

Et war un him de Choix ze maachen, wat an dëser Anthologie publizéiert sollt ginn. De Michael Braun huet erkläert, wéi hie virgaangen ass, fir déi elementaarst a wichtegst Gedichter vum Jean Krier auszewielen:

"Ich behelfe mir damit, ich versuche Motive, Themen, jeweils in Kapiteln zusammenzufassen und zu zeigen, es gibt vielleicht Motive, die Jean Krier seit Beginn seines Schreibens begleitet haben. Ich habe erwähnt "Fin de partie", das Endspiel von Samuel Beckett, das ist vielleicht so eine Art Existenzformel für ihn gewesen, die ihn von Anfang an begleitet hat, d. h. er hat quasi am Ende angefangen. Er hat am Anfang seines Schreibens mit dem Ende begonnen, nämlich in einem Lebensgefühl des Fatalismus, der Existenzverzweiflung, in den frühen Gedichten will er die Welt von sich werfen, und sich quasi seinen ganzen Lebensekel herausschleudern, das war der Anfang, aber aus diesem Lebensekel hat er sich mit ganz großartigen Gedichten immer weiter heraus gearbeitet, und zwar über die Arbeit mit der höchsten Tradition, die die deutsche Dichtkunst kennt, mit den Odenstrophen von Friedrich Hölderlin. Das hat ihm Stabilität gegeben und gleichzeitig seine eigene Dichtung verbessert."

De Claude Conter schreift am Lëtzebuerger Autorelexikon iwwer dem Jean Krier säin Dichten:

"Kriers Gedichte verstehen sich nicht als thematische Verhandlungen von gesellschaftlichen oder politischen Prozessen, sondern als Impressionen des Wahrgenommenen und als Reflexionen. Ihm zufolge verweigert die Dichtungssprache gerade die Verpflichtung auf Sinnvermittlung und rückt stattdessen das Bewusstsein von Sprache in den Mittelpunkt. Kennzeichnend ist der ironische Umgang mit Redewendungen, Sprichwörtern, idiomatischen Wendungen sowie Alltags- und Mediensprache durch Auslassungen, Wortverdrehungen oder sinnentstellende Wortersetzungen. Die daraus erwachsende Sprachkritik versteht Krier als erweiterte Gesellschaftskritik, da er Gesellschaft als Folge von Spracherzeugung begreift."

Zwou verschidde Komponenten

De Literaturwëssenschaftler Dr. Raoul Walisch, Chargé de cours op der Uni Heidelberg huet dann och eng ganz passionéiert Analys vun e puer Gedichter vum Jean Krier dem Publikum am CNL presentéiert. Egal wéi pessimistesch an däischter dem Krier seng Gedichter sech dacks liesen, et feelt ni un Humor.

De Raoul Walisch betount, datt hien dës zwou opposéiert Komponenten dacks mam Michael Braun beschwat huet, an dëse géif dem Jean Krier seng Literatur och "trostlos und heiter" nennen:

"Was da vorkommt und es ist genau dieser Ton, der da drin steckt. Und das ist so besonders, diese Zerrissenheit ist nicht durchgängig negativ, sie ist in mehrere Richtungen offen, und das ist das Schöne und für den Leser ist so ein Riss diskrepant."

An eent vun de wichtegste Gedichter vum Jean Krier ass virgestallt ginn, dat och am "Das Ende vom Lied" ze liesen ass.

Komplizéiert, mee derwäert

D'Anne Manternach, dat e wëssenschaftleche Stage am Nationale Literaturarchiv mécht, huet de Bestand Jean Krier opgeschafft. Eng spannend Aarbecht, erkläert déi jonk Chercheuse. Et wier eng zäitopwändeg Aarbecht gewiescht, déi sech awer absolut gelount huet.

"Beim Jean Krier sengem Bestand ass am Fong geholl déi Zouuerdnung vun de Gedichter dat Faszinéierendst gewiescht. Engersäits Zouuerdnung zum jeeweilege Band, dat war eenegermoossen einfach ze maachen. [...] Méi komplizéiert ass et awer ginn, wa mer zu de sougenannte Varianten oder vläicht och Viraarbechte komm sinn."

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Claude Schmit - Parfum de Chasteté
Buchkritik

E gutt situéierte Paräisser Bobo begeeschtert sech op eemol fir sexuell Abstinenz, sou wéi se vun der kathoulescher Traditioun gepriedegt gëtt. De Michel Delage huet "Parfum de chasteté" gelies.

Le premier homme
Een Thema, Ee Buch

E Wierk vun autobiographeschem Charakter ass dat fragmentarescht Wierk "Le premier homme" vum Albert Camus. E Buch, an deem ee vill Äntwerten op dem Camus säi spéideren Engagement fënnt.

Michèle Frank - Blessures sans cicatrices
Literatur

D'Liewe vun engem manesch-depressive Mann no der Trennung: "Blessures sans cicatrices" (Phi) vun der Michèle Frank behandelt e schwierege Sujet. De Roman ass awer ganz schlecht zesummegebastelt.

Peter Handke Wikimedia Commons
Kultur

Beim Schirmer/Mosel Verlag ginn elo fir déi éischte Kéier am Ganzen 104 Zeechnunge vum Peter Handke, déi tëschent 2007 an 2017 entstane sinn, gesammelt an engem Buch gewisen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen