Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Black Marble - Somewhere

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Den Dalí war de Revolutionär, net de Picasso"

Theater

"Den Dalí war de Revolutionär, net de Picasso"

Mat sengem Stéck “Dalí vs Picasso” liwwert de spueneschen Exzentriker Fernando Arrabal eng ganz perséinlech Interpretatioun vum Liewen a Wierke vu sengen zwee Landsleit. Am Mëttelpunkt steet d’Geschicht vun de Biller “Guernica” a "Construction molle aux haricots bouillis". Nach bis dëse Freideg den Owend leeft dës Co-Produktioun vum TNL am Theâtre de la Manufacture zu Nanzeg, an enger Mise-en-Scène vum Frank Hoffmann.

Charlotte Wirth, md

auto_stories

13 min

Aus dem Stéck “Dalí vs Picasso”

J'ai toujours cru et je crois encore que les artistes qui vivent et travaillent selon les valeurs spirituelles ne peuvent et ne doivent pas demeurer indifférents au conflit dans lequel les plus hautes valeurs de l'humanité et de la civilisation sont en jeu.” Dat sot de Pablo Picasso 1937. Als Reaktioun op d'Bombardement vun der baskescher Stad Guernica hat hien ee Bild gemoolt, dat weltberühmt sollt ginn. "Guernica" gouf dunn och am spuenesche Pavillon vun der Paräiser Weltausstellung ausgestallt. Virgesi war eigentlech een aneren Tableau - een Optrag, deen de Picasso vun der spuenescher Regierung krut an och ausgefouert hat.

"Guernicaweist doudeg a verwonnte Mënschen an Déieren, Symboler vun der Brutalitéit an der Zerstéierung. D'Bild ass eng Uklo géint de Krich, an deemno en héich politesch. Op d'mannst Esouwäit entsprécht dat der Virstellung, déi een haut vun deem Wierk huet.

Ganz perséinlech Interpretatioun vum Fernando Arrabal

De Fernando Arrabal erzielt eng ganz aner Geschicht. A sengem Stéck "Dalí vs Picasso" interesséiert sech de Picasso séier wéineg fir de spuenesche Biergerkrich. Hie wosst net emol, datt Guernica bombardéiert ginn ass. Politesch engagéiert ass en och net: “Vous êtes encore plus conservateur que Victor Hugo qui, à dix-sept ans, a fondé la revue littéraire ultra-royaliste "Le Conservateur”, geheit den Dalí ëm am Stéck vir. Je suis comme Shakespeare, je préfère une injustice à un désordre”, äntwert de Picasso. D’Bild Guernica huet weder esou geheescht nach huet de Picasso et als Reaktioun op d’Bombardement gemoolt. Et war eng Commande vun enger Elektizitéitsfirma fir d’Weltausstellung.

Mee du kënnt den Optrag vun der spuenescher Regierung: ee Bild fir d’Weltausstellung, dat de spuenesche Biergerkrich soll representéieren. Véier Deeg huet de Pablo Picasso Zäit. Wat maachen? Dem Salvador Dalí seng Fra erzielt dem Picasso vun de Bommen op déi baskescher Stad. Kuerzerhand benennt hie seng "Fée Electricité" a Guernica ëm.

Dem Fernando Arrabal seng Geschicht ass also ganz nei. Et wier jo och onméiglech, datt de Picasso esou e grousst Uelegbild an nëmme fënnef Deeg gemoolt hätt, mengt de spueneschen Auteur. “Spuenien huet den Tableau och net fir ganz wichteg gehalen, e war emol net um éischte Stack vum Pavillon ausgestallt”.

“Firwat ännert de Picasso seng Meenung a gëtt Kommunist?"

Eréischt 1944 hätt de Picasso d’Wierk a Guernica ëm benannt, nodeems hie Member vun der Kommunistescher Partei gi war. “Firwat ännert dee Mann seng Meenung a gëtt Kommunist? Hie léisst sech vum Dora Maar scheeden, an de Mythos vu Guernica fänkt un… Firwat gëtt deen Tableau ee Symbol vum Krich? De Picasso hat esou eppes bis dohin ni gemaach, nëmme kleng Tableauen”, wonnert sech de Fernando Arrabal.

Bis 1944 keen Interessi fir Politik also, sou den Arrabal, dee souwuel de Picasso wéi och den Dalí perséinlech kannt huet. Am Stéck interesséiert sech de Picasso dann och just fir Suen. Et wier paradox, datt de Picasso mat sengem “Guernica” eng Aart Held ginn ass. Fir de spuenesche Biergerkrich hätt hie sech jiddefalls net interesséiert. “D’Regierung hat de Picasso gefrot, zeréck a Spuenien ze komme fir dee gréisste Musée vun der Welt ze leeden, de Prado. Natierlech hat hie refuséiert.” Vill méi spéit, vu 1944 un, wier de Picasso e Revolutionär ginn.

Et wier den Dalí gewiescht, net de Picasso, deen an den 1930er Joere politesch engagéiert war. A sou representéiert am Stéck dann och dem Dalí sengConstruction molle avec haricots bouillis-prémonition de la guerre civile” de Krich an d’Zerstéierung, an net Guernica. “Et ass schwéier ze gleewen, datt den Dalí deemools de Revolutionär war, dausend Mol gouf de Géigendeel behaapt”, interpretéiert den Arrabal d’Haltung vum Salvador Dalí, dee vu villen ënnerstallt kritt hat, de faschistesche Franco-Regime ënnerstëtzt gehat ze hunn.

Spill mat den Erwaardunge vum Spectateur

Dalí vs Picasso” thematiséiert och den Exil vun deenen zwee Kënschtler. Eng Situatioun mat där den Arrabal sech kann identifizéieren: hie selwer hat während dem Biergerkrich missten a Frankräich liewe. A sengem Stéck léisst hien den Dalí soen:

Vous, Picasso, comme moi, n’êtes ni français, ni espagnol, comme Max Ernst, qui n’est ni allemand, ni français, comme le Gréco, comme Luis Vives, comme Spinoza, comme nous tous qui sommes entrés en notre mission artistique, philosophique, littéraire, comme qui entre en religion. Nous sommes desterrados, exilés, comme ceux qui sont retenus dans les centres... Nous sommes de Destierrolandia, d’Exilande.”

De Fernando Arrabal spillt gär mat den Erwaardunge vum Spectateur. Dat fënnt och den Direkter vum TNL Frank Hoffmann, deen d’Stéck op d’Bühn bruecht huet. Et wier awer net wichteg, wéi eng Geschicht elo wouer ass. Am Virdergrond stéing villméi dem Arrabal seng Visioun vum Theater: eng absolut Wourecht gëtt et net.

"D'Surrealiste wollten net räich ginn, mee d'Welt veränneren"

Mam Schluss vum Stéck leet den Arrabal dann och nach een drop. Op eemol ass ee sech net méi sécher, ob een op der Bühn wierklech den Dalí an de Picasso gesinn huet, oder zwee Geckeger an enger Psychiatrie, déi sech just fir béid Kënschtler halen. Dem Frank Hoffmann wier et net drëms gaangen, exakt Kopien op d’Bühn ze bréngen – et wier jo keen Documentaire, mee en Theaterstéck. “Et ass eng Iddi vum Picasso oder vum Dalí. Et ass net de Picasso oder den Dalí”, präziséiert de Frank Hoffmann. De Spectateur huet heiansdo d’Gefill zwou Karikaturen nozekucken, déi sech géigesäiteg opstëppelen a sech am léifsten d’Käpp géifen aschloen, ugestëft vun hire respektive Fraen, Gala an Dora Maar.

Grad esou empfënnt et och de Schauspiller Samuel Finzi, deen de Picasso verkierpert. Et wier net interessant de Picasso einfach z’imitéieren. Fir authentesch ze bleiwe wier d’Karikatur den eenzege Wee: grotesk sinn, iwwerdreiwen. Um Enn hätt ee jo och vläicht just zwee Patienten aus enger Psychiatrie gesinn…

Ee Liewe laang huet de Fernando Arrabal probéiert mat den Erwaardunge vu senge Lieser ze spillen an hir Siicht op d’Welt ze hannerfroen. Esou wéi déi aner Surrealisten, Breton, Tzara, Ionesco an anerer mat deenen hie vill Zäit am Café Surréaliste verbruecht hätt. Dem Zuschauer hätt den Arrabal nom Stéck ee wichtege Message wëlle mat op de Wee ginn: Kee vun hinnen, vun de Surrealisten, wollt räich oder berühmt sinn; se wollten d’Welt veränneren.