Radioen

On air

Resonanzen  |  Musikalesch Extas

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däerf Kultur eppes kaschten?

Kulturassisen

Däerf Kultur eppes kaschten?

Och Kënschtler a Wëssenschaftler solle fir hir Aarbecht entschiedegt ginn. Den Historiker Michel Pauly kënnt zréck op d’Kulturassisen an op de Kënschtler hir finanziell Fuerderungen.

auto_stories

4 min

Michel Pauly

Uganks Juli waren also déi éischt Assises culturelles. Ronn 500 Leit waren am Neien Theater an der Stad vir zwee hallwer Deeg zesummen, an hu véier Diskussiounsronnen nogelauschtert. Vill mat ze diskutéiere kruten si awer net. Déi op der Bühn hunn deenen am Sall wéineg Zäit iwwereg gelooss.

Kënschtler solle bezuelt ginn

Ech kommen hei op eng Fuerderung zréck, déi och an den Aarbechtsgruppe virun den Assisen ëmmer nees gemaach gouf. D’Kënschtler géife gär fir hir Aarbecht bezuelt ginn. Si gesinn hiert Konschtschaffen als e ganz normale Beruff un, fir deen een an eiser Gesellschaft och muss bezuelt ginn. Ass dat dann net esou?

Wann ech an eng Galerie ginn an en Tableau kafen, muss ech dach bezuelen. Dat ass richteg, mä dat ass nach laang net déi eenzeg Plaz wou Leit, déi kreativ schaffen, hire Produit verkafen. Dozou ziele Moler a Sculpteuren, awer och Museker a Schauspiller, Auteuren a Regisseuren a sou weider. Wann et net ze vill pro domo kléngt, géif ech gär och Wëssenschaftler derbäi setzen, déi zwar net als sollech op d'Assisen invitéiert waren, déi awer a mengen Aen och eng kulturell Aktivitéit ausüben.

Tatsächlech ass et esou, dass déi Kulturschaffend dacks gefrot ginn, fir aus Gefällegkeet e Bild zur Verfügung ze stellen, bei engem Duerf-Theater Regie ze féieren, e Virtrag ze halen, eng Feier musikalesch ze verschéineren oder aus hirem Wierk ze liesen. An da gëtt oft vergiess déi Aarbecht, déi och Virbereedung kascht, ze bezuelen.

Keng Jetone fir kulturpolitesch Aarbecht

Wéi mir 1989 di grouss Ausstellung fir 150 Joer Lëtzebuerg organiséiert hunn, hunn d'Historiker, déi dee ganzen Inhalt hu misse liwweren, no laangem Gestreits ganzer 250 Euro Entschiedegung kritt. D'Handwierker hunn einfach nëmme missen eng Rechnung fir hir Aarbecht virleeën. De Lëtzebuerger Schrëftstellerverband huet laang misse streiden, fir dass en Auteur, deen an eng Schoul invitéiert gouf fir aus senge Bicher virzeliesen, anstänneg géing bezuelt ginn. Allze gär gouf gesot, dat wär jo eng Reklamm fir hien. All di Leit, déi an hirer Fräizäit um Denkmalschutz interesséiert sinn, hunn zejoert u ronn enger Dose Sëtzunge vun zwou bis dräi Stonnen am Kulturministère deelgeholl, fir iwwert e neit Denkmalschutzgesetz nozedenken. Vu Jetone fir déi kulturpolitesch Aarbecht war keng Rieds.

Studiotechniker, Botzfra a Chefredakter ginn och entschiedegt

Wéi ech op engem anere Lëtzebuerger Radiosender op Ufro vun der Redaktioun geleeëntlech eng Carte blanche publizéiert hunn, huet et e bemol geheescht, déi fräi Mataarbechter kréiche keng Honorairë méi. Si kréiche jo an hirem Haaptberuff eng Pei. Zu enger ganzer Rei hu mir doropshin demissionéiert, well mir net verstanen hunn, dass de Studiotechniker an d'Botzfra an de Chefredakter eng Pei kréien. Mä mir sollten den Inhalt fir näischt liwweren, mat deem Nolauschterer gewonne goufen, déi da vill Reklamm-Suen erabruecht hunn. Dee Sender, op deem Dir mech haut héiert schwätzen, gesäit dat anescht a bezilt eng Entschiedegung. Si ass sécher méi niddereg wéi dat wat ech als Proff fir 2-3 Stonnen Aarbecht kréien, mä et ass net dat, op dat et u kënnt: D'Haaptsaach ass, meng, ons intellektuell Aarbecht gëtt grad esou honoréiert wéi engem Techniker oder Journalist seng.

Eng Fro vu Respekt

Ech hunn dofir gutt verstanen, datt op den Assisen eng ganz Rei Kënschtler, Schauspiller, Auteuren hirem Ierger Loft gemaacht hunn. Dee selwechte Mueren hunn nämlech op dëser Antenn zwee Journaliste fonnt, d’Artiste géifen ëmmer nëmme Suen heeschen a si sollten emol méi bescheide ginn. Dat war tatsächlech eng Frechheet. Zu Lëtzebuerg ginn et jo éischter eng Rëtsch gutt Kënschtler, Acteuren, Schrëftsteller an Dänzer. Mä et ass un der internationaler Vermaartung wou et happert.

Wann ech zu Lëtzebuerg an der Konschtzeen aktiv sinn, weess ech, dass ech net dat grousst Geld verdénge wäert. Méi wéi ee lieft an éischter prekäre Verhältnisser. Eng minimal Unerkennung däerf ech och als Konschtaarbechter oder Chercheur erwaarden. Da kann ech als Kënschtler oder Wëssenschaftler nach ëmmer decidéieren, datt ech eppes fir de gudden Zweck gratis maachen. Mä ech decidéieren dat dann, a net den Organisateur, dee meng Servicer brauch. Dat ass einfach eng Fro vu Respekt virun der Aarbecht vum Kënschtler.