Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zäit hanner der Geschicht erëmfannen

Literatur

D'Zäit hanner der Geschicht erëmfannen

Wéi d'Kollaboratioun mat den Nazien déi nächst Generatioune belaascht ... A sengem komplexe Roman "La Guerre du temps" verschafft de Jean Sorrente eng Kéier méi déi problematesch Geschicht vu senger Famill.

auto_stories

5 min

"L'existence du mal se comprend comme le mal de l'existence, le mal de vivre. On y égare son âme, on l'y abandonne. Ce qui se perd, on peut le définir comme le sens de l'être, l'ouverture et l'appel dont l'âme, ou comment l'appeler, a été hôte. C'est la guerre du temps."

Den Zweete Weltkrich huet fir dës Famill vun der Bourgeoisie vu Malmedy ageschloen ewéi eng Bomm. Vill Memberen hunn de Krich net iwwerlieft, déi aner - gréisstendeels d'Fraen - huet e fir de Rescht vun hirem Liewen aus der Bunn gehäit. Eng duebel Laascht iwwerdréit sech vu Generatioun zu Generatioun. Nieft dem Deuil ass et d'Schan: deen een oder aneren aus där Brauerdynastie huet sech nämlech der Kollaboratioun mat Nazi-Däitschland schëlleg gemaach.

Dem Erzieler läit déi Geschicht, och nach Joerzéngte méi spéit, besonnesch um Mo. Iergendwa gëtt de Lieser gewuer, datt et sech ëm de Jean Sorrente selwer handelt, deen hei de Familljemythos auserneen hëlt.

Tëschent Mythos a Realitéit

Den Ausgankspunkt vu senger Enquête si Fotoen, déi kuerz virun Ausbroch vum Krich am - no der griichescher Friichtegöttin Pomona genannte - Familljendomaine geknipst gi waren. D'Famill ass au grand complet versammelt, zu engem Zäitpunkt, wou d'Welt nach an Uerdnung ass.

Den Erzieler versicht den Tri ze maachen tëschent de Fakten an de Ligen. Hie stellt fest, datt d'Afferroll, déi ee laang fir sech an Usproch geholl hat, eng Verklärung vun der Vergaangenheet ass.

Et ass net fir d'éischt, datt de Jean Sorrente sech mat där Familljegeschicht beschäftegt. Schonn a sengem Roman " Le Vol de l'aube " vun 1995, op deen hie sech och hei dacks bezitt, hat hien d'Parcourse vu senge Virfare wärend dem Krich nogezeechent.

D'Buch war deemools gutt ukomm, seet hien, ënnert anerem, well hien d'Personnagen net jugéiert gehat hätt. Wat eigentlech als Kompliment geduecht war, stéisst him Jore méi spéit batter op. Also huet hien déi ganz Matière nees op de Leescht geholl.

Liewensparcoursen an essayistesch Passagen

"La Guerre du temps" ass e villschichtegen, komplexe Roman. Op engem éischten Niveau gëtt all eenzele Member ënnert d'Lupp geholl fir ze klären, mat wéi enger Schold hien d'Famill belaascht huet.

Virop den Alphonse, deen an der Wehrmacht-Uniform duerch Osteuropa gezunn an am Balkan op eng Minn getrëppelt war. Hie muss op d'mannst Zeie vu schreckleche Massakere gewiescht sinn - wann en dann net och Täter war...

D'Mariette, déi sech mam Alphonse sollt bestueden, hat sech op hir Manéier kompromettéiert. De Schock vum Krich koum bei hir an de Joren duerno duerch en onbestännegt Bezéiungsliewen zum Ausdrock.

Dës an nach aner Acteure versicht de Jean Sorrente dës Kéier ze jugéieren, dat heescht fir d'éischt emol ze verstoen. Op Grond vun de Fakten, op Grond vum Kontext : d'Nazi-Propaganda, den Antisemitismus, d'Logik vun der Gewalt, de Loyalitéitskonflikt vun de belschen Ostkantonen, déi fréier Deel vum däitsche Räich waren, asw.

An dësen essayistesche Passagë vum Buch entwéckelt de Sorrente eng Reflexioun iwwert d'Geschicht, déi sech op eng ganz Rei vu literareschen, historiographeschen a philosophesche Referenze bezitt.

"J'essayais, à la lumière du mythe familial, d'en comprendre les ressorts, de me représenter l'enchaînement des événements : la petite noblesse belge, la haute bourgeoisie, les affaires, les deux guerres, l'option allemande, le nazisme, la catastrophe. Là-dessus, le renversement de perspective, le déni, le refoulement, l'amnésie, l'aveuglement, le propos qui, dans le souvenir inconsolé d'Alphonse, victimisait la famille."

De Lien mat der eegener Vergaangenheet

Op engem zweeten Niveau schwätzt den Erzieler Jean Sorrente vu sech selwer, vu senger Kandheet, vu senger Jugend, vu senge Fraebezéiungen:

" Je me rendais compte que remonter dans l'histoire de la famille, c'était mettre en perspective ma propre vie. Je ne l'appelais pas de l'autofiction, mais une manière d'exégèse ; elle se faisait sur le mode du roman."

Mat der méi ewéi problematescher Vergaangenheet vu senger Famill wëll den Auteur briechen. Gläichzäiteg suggeréiert hie Parallellen, zum Beispill tëschent der Mariette a senger fréierer Maîtresse Pauline : béid Frae kommen an zwee verschidde Kapitele via stream of consciousness zu Wuert.

Parallellen och an der Aart a Weis, wéi d'Erënnerung funktionéiert : seng perséinlech Souveniren erschéngen dem Erzieler dacks net méi konsistent ewéi déi al Fotoe vu senger Famill.

Zweete Weltkrich/Jugoslawien-Krich

Um historesche Plang ass et de Jugoslawien-Krich Uganks den 1990er Joren, deen d'Bréck schléit mat der Familljegeschicht : den Alphonse war wéi gesot am Balkan ëmkomm. De Jean Sorrente interpretéiert hei eng ideologesch Kontinuitéit.

Nazismus a Kommunismus si fir hien dat selwecht, hie gäisselt all déi Literaten an Intellektuell, déi wärend dem Jugoslawien-Konflikt Serbien verdeedegt haten. Dat ass säi gutt Recht. Mee am Äifer gëtt hie fälschlescherweis "de Serben" d'Schold fir déi symbolesch Zerstéierung vun der Bréck vu Mostar : et ware Kroaten... (S. 214).

Opschlësselung vun der Form

Op engem drëtten, theoreteschen Niveau da liwwert de Jean Sorrente de Schlëssel vu sengem Roman "La Guerre du temps". Den Auteur erkläert, an enger selbstreflexiver Demarche, wéi de Kafka him gehollef huet, literaresch mat der geierfter Familljeschan ëmzegoen.

Mam Verweis op dem spuenesche Moler Velazquez seng Kader am Kader-Ästhetik, sengem Spill mat Spigelen, gëtt d'Struktur vu sengem Roman opgeschlësselt. Mat der anticker Diskursform Catabase, wat esou vill heescht ewéi "descente aux enfers", entwéckelt hie seng Reflexioun iwwert d'Zäit an d'Zäitbréch.

"(...) ce qu'il importait de retrouver, c'était le temps auquel l'Histoire faisait écran."

E Stil tëschent Klassizismus a Modernitéit

"La Guerre du temps" ass en imposante Roman vu gutt 450 Säiten, deem säi klassesche Stil - laang, duerch Kommae rhythméiert Sätz - un déi laténgesch Period uknäppt. Net vun Ongeféier wimmelt et, nieft der Hellewull u méi recherchéierte Wierder, och u Referenzen un déi antik Mythologien. Et ass e Stil, deen de Lieser de Floss vun der Zäit spiere léisst.

Deem Klassizismus steet dann déi méi modern Selbstreflexivitéit géigeniwwer, an eng net-lineaire Erzielweis, déi an der Zäit hin an hir spréngt, ëmmer erëm op d'Grondobsessioune vum Auteur zeréck kënnt an d'Mechanisme vun der Erënnerung opdeckt.

"La Guerre du temps" ass bestëmmt keng einfach, mee eng faszinant a wichteg Lektüre. De Jean Sorrente, alias Jean-Claude Asselborn, huet sech ouni Zweiwel déi néideg Zäit geholl, fir säin duerchduechte Roman ze schreiwen, e Roman, wéi der a Punkto Usproch a Qualitéit hei am Land ganz wéineg publizéiert ginn.