Literaresch Rares D'Wierklechkeet ass just e Schiet vum Wuert

Wousst Dir schonn, datt d'Tapéite schwätze kënnen? A wéi een d'Stären asammelt, déi erof gefall sinn? Huet Äre Papp och Vullenhochzäiten organiséiert? An hutt Dir Iech scho gefrot, op de Moie schonn opgestanen ass? Hu Dir schonn e Gesiicht kannt, dat sech vergiess huet? An hutt Dir scho mat Safran de Buedem gebotzt? Dat alles ass wierklech geschitt.

Valerija Berdi / jcm / cwi

Die Zimtläden
"Die Zimtläden", Erënnerungen un d'Kandheet mat philosopheschen Iwwerleeungen.

An der galizescher Stiedchen Drogobych, haut Ukraine, ass den an den 1930er Joren erfollegräichen an ëmstriddene Schrëftsteller, Graphiker a Moler Bruno Schulz gebuer. Hien ass an enger jiddescher Famill opgewuess, déi sech mat der polnescher Kultur a Sprooch identifizéiert huet. Säi Papp hat e Stoffbuttek, deen hie wéinst schwéierer Krankheet an der Konkurrenz vu Grossisten huet mussen opginn.

De Bruno Schulz hat ugefaangen Architektur ze studéieren, mee wéinst dem Ufank vum éischte Weltkrich an eegene gesondheetleche Problemer huet hie säi Studium missen opginn.

De kranke Papp, di galizesch Stiedchen an de Stoffbuttek sinn déi zentral Themen, ronderëm déi dem Bruno Schulz seng Erënnerungen dréinen. Erënnerungen, déi esou onwahrscheinlech irreell sinn. An awer net all ze friem.

Si erënneren de Lieser un eege Kandheetsdreem a -Fantasien. Beim Bruno Schulz ass et net nëmmen dat Fantastescht, wat seng Erzielunge sou besonnesch mécht. Seng surrealistesch Zeene verleeden zu philosophesche Froen, seng Metapheren féieren an d'Mythologie a säi bal antike Vokabulär gëtt mat wëssenschaftlechen Ausdréck vermëscht.

"Eng mythesch Geschicht vun enger bestëmmter Famill", huet de Bruno Schulz seng Geschichte genannt. En huet se ënner dem Titel "Die Zimtläden" versammelt. Kandheetserënnerunge, gemëscht mat den Dreem, Fantasien, Ängschten a Virstellunge fëllen des phantastesch Erzielungen.

De Papp, de groussen Denker

De Bruno Schulz benotzt eng Onmass vun Adjektive fir Mënschen, Planzen, Saachen a Situatiounen ze beschreiwen. Ob hie vu Rideaue schwätzt, vun der Rou, vun der Mëttesstonn oder just eng Dier beschreift. All Ausféierung ass voller ongewéinlecher an awer stëmmeger Poesie.

An tëschent all dëser Schéinheet vun der Sprooch kënnt de Papp, de groussen Denker. Hie setzt sech engersäits mat parapsychologesche Begrëffer auserneen. Anerersäits beschäftegt hier sech mat der Entwécklung vun der Technik an der Wëssenschaft. De Papp fillt mat de Déieren, mat de Plazen. Hien freet sech wéi vill leident, verkrëppelt, fragmentaresch Forme vum Liewen et gëtt.

An nennt dann als Beispill, dat kënschtlech zesummegepechtent, mat Neel graff zesumme gebaute Liewe vu Schief an Dëscher: Déi fuerchtbar Transplantatioune vu sech friemen a sech haassenden Zorte vu Holz, déi zu engem eenzeger onglécklecher Perséinlechkeet zesumme verschweesst ginn.

“Die Zimtläden”, eng Erausfuerderung fir de Lieser

Et gi Froen opgeworf iwwer d'Matière an iwwer d'Zäit, iwwer den Ufank vum Liewen an iwwer d'Enn vun der Welt. An esou, wéi de Fortschrëtt an existenziell Sujeten thematiséiert ginn, esou sinn d'Erzielungen och voller Exkursen an d'Mythologie an an d'Entwécklungsgeschicht vum Mënsch. Et gëtt ëmmer erëm en Zesummenhang tëscht der Evolutioun an der Bedeitung vun der Sprooch an tëscht dem eenzele Wuert.

Dem Bruno Schulz seng Erzielunge fuerdere vill vum Lieser, well si op ganz vill verschidden Niveauen opgebaut sinn. Hien schafft mat der Poesie grad esou wéi mat komplizéierte Fachausdréck. Bedéngt sech ganz minutiéise Beschreiwungen a komplexen Erkenntnisser

An esou verléiert de Lieser sech an de Stroossen, well d'Fassaden all blo an eidel sinn. Wann den Dag sech aus dem brongen Niwwel gewéckelt huet, fir engem Kondor, dee wéi e buddhistesche Lama ausgesäit, géigeniwwer ze setzen an um Bord vum Schicksal Rousejus ze drénken.

"Die Zimtläden" an "Das Sanatorium zur Sanduhr" sinn di zwee eenzeg Wierker vum Bruno Schulz. Vun 1941 war hien am Ghetto vun Drogobisch. Hien ass 1942 vun engem SS-Mann erschoss ginn, wéi hie probéiert huet aus dem Ghetto z'entkommen.

Méi zum Thema

Ben Okri
Literaresch Rares

De Ben Okri verbënnt am Roman “Die hungrige Strasse” den haarden Alldag an engem nigerianesche Slum mat enger Welt vu Geeschter. E Roman dee mol traureg an tragesch ass, awer och voll Liewesfreed an Humor.

Tolstoja - Eine Frage der Schuld
Literaresch Rares

Mat 18 Joer huet d'Sofja Andrejewna de Lew Tolstoi bestuet. Drësseg Joer méi spéit huet si e Roman geschriwwen. Eng Äntwert op dem Tolstoi seng fraen- a loschtfeindlech "Kreutzersonate".

Das poetische Tagebuch
Literaresch Rares

Literaresch sinn d’Gedichter vum Sisi sécher net besonnesch wäertvoll. Se weisen awer eng interessant Vue vun an op eng Fra, déi wéineg mam verkitschte Personnage Sisi ze dinn huet.

Tshingis Aitmatow
Literaresch Rares

An "Der Schneeleopard" erzielt de Schrëftsteller Tschingis Aitmatow vun der Frëndschaft tëscht engem ale Schnéileopard an engem jonke Journalist am post-sowjetesche Kirgistan.

Stanislaw Lem
Literaresch Rares

Science-Fiction ass net onbedéngt e Literatur-Genre, dee jidderee begeeschtert. Mee wann ee mam Pilot Pirx op d'Rees geet, dann erlieft een eng Aventure, déi een net sou séier vergësst.

Alaa El Aswany
Literaresch Rares

Den Alaa El Aswany huet eng realistesch Duerstellung vum aktuellen Egypten zesumme gesponnen. Säi Roman "L'immeuble Yacoubian" huet e regelrechte Flächebrand an der arabeschsproochescher Welt ausgeléist.

Imgard Keun - Gigli
Literaresch Rares

Eng jonk Fra, déi refuséiert sech de gesellschaftlechen Normen ze fügen. Déi wëll onofhängeg sinn an hire Wee goen. An engem Land, dat virum Ënnergang steet. Dat erwaart een an der Irmgard Keun hirem Roman.

Luigi Pirandello - Mattia Pascal
Literaresch Rares

1934 kritt de Sizilianer Luigi Pirandello de Literaturnobelpräis fir "Mattia Pascal". E Roman dee weist, datt héichwäerteg Literatur och ganz witzeg a spannend ka sinn...

Hans Werner Richter - Ein Julitag
Literaresch Rares

Den Hans Werner Richter ass als Grënner vun der "Gruppe 47" an d'Geschicht agaangen. Als Schrëftsteller ass hien éischter onbekannt. Zu Onrecht, fënnt d'Valerija Berdi.

Kafka - Der Verschollene / Amerika
Literaresch Rares

De Roman "Amerika - der Verschollene" ass net dat, wat ee vum Franz Kafka gewinnt ass. Als méi lieweg a faarweg wéi all seng aner Wierker huet de Schrëftsteller vu Prag d'Buch selwer bezeechent.

zypkin.jpg
Literaresch rares

Kleng Meeschterwierker aus der Literatur, déi dem grousse Publik net sou bekannt sinn. Ee Weideren Deel vum Valerija Berdi senger neier Summerserie.

Valerija Berdi Friedo Lampe.JPG
Literaresch Rares

De véierten Auteur an eiser Summerserie ass de Friedo Lampe. Eng cineastesch Erzielperspektiv, e magesche Realismus an en avantgardistesche Stil zeechnen dëse vergiessene Schrëftsteller aus.

die schöne Olessja
Literaresch Rares

Eng Hex, eng romantesch Bezéiung, mee och vill Kritik un der russescher Gesellschaft. All dat stécht am Alexander Iwanowitsch Kuprin senger Erzielung. Summer-Tipp vum Valerija Berdi!

Azarel
Literaresch Rares

Wéi "Azarel" 1937 erauskoum, war d'Buch staark ëmstridden. Haut ass dem Károly Pap säi Roman dem grousse Public awer dacks kee Begrëff. Dobäi ass "Azarel" e Meeschterwierk, fënnt d'Valerija Berdi.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen