Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Sowjetunioun lieft an eis weider"

Literatur

"D'Sowjetunioun lieft an eis weider"

Eng tragesch Libesgeschicht virum Hannergrond vun dramateschen Entwécklunge wärend den Ufänk vun der Sowjetunioun. Fir hiren historesche Roman "Les Enfants de la Volga" (Les Editions Noir sur Blanc) knäppt déi russesch Schrëftstellerin Gousel Iakhina un d'Traditioun vun den däitsche Märercher un. Renconter um Festival "Etonnants voyageurs" uganks Juni zu Saint-Malo.

auto_stories

2 min

Gousel Iakhina

De ganzen Interview mat der Gousel Iakhina lauschterenplay_arrow


Dräi Romaner huet d'Gousel Iakhina (Joergang 1977) bis elo verëffentlecht. Allen dräi behandelen dramatesch Episoden aus der sowjetescher Geschicht. Fir d'Inspiratioun huet déi jonk Autorin net misste wäit siche goen: si ass vun den Erliefnesser vun hiren eegene Grousselteren ausgaangen.

Op franséisch leie bis elo zwee vun hire Wierker vir. Nom villverspriechenden Debutroman "Zuleikha ouvre les yeux" (2017) konnt déi russesch Schrëftstellerin mat "Les Enfants de la Volga" (2021) hiert literarescht Talent confirméieren.

D'Wolga, mythesche Floss, dee verbënnt

Obwuel si selwer aus der tatarescher Minoritéit staamt, befaasst d'Gousel Iakhina sech hei mat de "Wolga-Däitschen". Et ass net eleng de mythesche Floss Wolga, dee béid ethnesch Gruppe matenee verbënnt.

Am Gespréich erkläert d'Gousel Iakhina, firwat si sech mat der Geschicht befaasst, wéi eng Roll Minoritéiten an der deemoleger Sowjetunioun gespillt haten, wéi een däitsch Märercher op deen historesche Kontext kann iwwerdroen, a wéi si op déi rezent russesch Attack op d'Ukrain reagéiert huet.


Op däitsch sinn d'Romaner vun der Gusel Jachina am Aufbau Verlag verëffentlecht ginn: "Suleika öffnet die Augen" (2017), "Wolgakinder" (2019) a "Wo vielleicht das Leben wartet" (2022).