Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Shortlist fir de Lëtzebuerger Buchpräis ass eraus

Lëtzebuerger Literatur

D'Shortlist fir de Lëtzebuerger Buchpräis ass eraus

Den 17. Oktober huet de Jury am Stater Cercle seng Auswiel bekannt ginn. D'Shortlist fir de Buchpräis 2016 steet also. Vum 22. Oktober bis den 8. November kann de Public op bicherdeeg.lu oder rtl.lu senge Favoritten eng Stëmm ginn. D'Gewënner ginn dann am Kader vun de Walfer Bicherdeeg, den 17. November ausgezeechent.

auto_stories

2 min

Lambert Schlechter; Françoise Schlink; Marthy Bracké; Valerija Berdi; Silvano Vidale. Foto: Jérôme Jaminet

All Joer am November gëtt op de Walfer Bicherdeeg de Lëtzebuerger Buchpräis iwwerreecht. E fënnefkäppege Jury huet e Summer laang d'Zäit sech duerch di nei Publikatiounen duerchzeliesen, iert en sech zesumme setzt a fir di eenzel Kategorië säi Choix fir d'Shortlist mécht. D'Auswiel fir de Buchpräis 2016 gouf de 17. Oktober bekannt gemaach.

D'Selektioun. Foto: Jérôme Jaminet

Vun den 44 Bicher, déi bei de Lëtzebuerger Editeuren eraus komm sinn, si folgend Publikatioune vun der Jury zréck gehale ginn:

Bild a Konscht

  • Bergwerke: Jérôme Konen, Jean-Louis Scheffen (Editions Jérôme Konen)
  • Die Dynastie Luxemburg - Nassau; Marc Schoentgen / Pierre Even (Editions Saint Paul)
  • Frantz Clément, Intellektueller, Schriftsteller, Journalist; Robert Thill (Editions Phi)
  • Gueule de Bois; Norbert Braconnier (Maison Moderne)

Literatur

  • Abreise; Michel Clees (Editions Guy Binsfeld)
  • Komm net kräischen; Claudine Muno (Editions Op der Lay)
  • L'Architecture des Temps instables; Jean Portante (Editions Phi)
  • Zalto Mortale; Jean Back (Kremart Editions)

Kategorie Sachbuch

  • Don't feed me; Sabrina Gérard (Editions Schortgen)
  • E Maufel Lëtzebuerg; Maischi Tibesart (Editions Guy Binsfeld)
  • Marisha, Das Mädchen aus dem Fass; Gabrielle Hannemamm (Editions Friederich-Schmidt)
  • Tarantula - Seems impossible. Let's do it (Maison Moderne)

Kanner a Jugend

  • Eng Maus am Haus; Renée Weber (Text), Illustratiounen vun de Kanner aus der Heischenter Kannerstuff (Editions Op der Lay)
  • D'Glühschwéngchen; Nora Wagener / Luc Caregari (Text); Carlo Schmitz (Illustratioun) (Editions Op der Lay)
  • D'Pohutukaw-Eil; Liz May (Text an Illustratioun) (Editions Phi)
  • L'imagination; Jhemp Hoscheit (Editions Guy Binsfeld)

D'Jury, déi d'Bicher fir d'Shortlist selektionéiert huet:

  • Lambert Schlechter (Schrëftsteller)
  • Ludivine Jehin (Centre National de Littérature)
  • Marthy Bracké (Cité Bibliothéik)
  • Valerija Berdi (radio 100,7)
  • Silvano Vidale (Vidale-Gloesener)

Vum 22. Oktober bis den 8. November kann de Public op bicherdeeg.lu oder rtl.lu senge Favoritten eng Stëmm ginn. D'Gewënner ginn am Kader vun de Walfer Bicherdeeg, den 17. November ausgezeechent.