Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Selbstverléiftheet an hir Konsequenzen

Kreatioun vum Saeed Hani

D'Selbstverléiftheet an hir Konsequenzen

A senger Kreatioun "The Blind Narcissist" beschäftegt sech de Choreograph an Dänzer Saeed Hani mat der Selbstverléiftheet an eiser Gesellschaft a wéi eng Konsequenzen domat verbonne sinn.

auto_stories

5 min

Mat senger Danzkompanie "Hani Dance", déi mat internationale Kënschtler zesummeschafft, kreéiert de Saeed Hani organesch-innovativ Piècen - dorënner "One Night Stand", "Dem Menschen ein Wolf" oder nach de Solo "A Man by the Sea".

Am Moment gëtt et dem Saeed Hani seng Kreatioun "The Blind Narcissist" ze gesinn. Baséierend op dem Mythos vum Narziss, denkt een dorun, sech selwer gären ze hunn, vläicht heiansdo ze vill, an dorun, wat d'Konsequenze sinn, wann d'Obsessioun mat sech selwer ufänkt, eng Gefor ze ginn.

Fir d'éischt koum dem Saeed Hani de Gedanken, méi mat dësem Sujet ze maachen, wéi eng Frëndin him iwwer eng problematesch Bezéiung mat engem sougenannten Narziss verzielt huet. Hien huet sech an d'Thema erageschafft, an dobäi ëmmer méi iwwer sech selwer erausfonnt:

"Mir sinn all iergendwéi e Narziss. Mee et kënnt dorop un, zu wéi engem Pourcentage. Heiansdo mol e Selfie maachen ass ganz okay, mir hunn eis gären. Mee et gëtt en Ënnerscheed tëschent Sech-Gären-Hunn an Narzissmus. Wéi ech mam Sujet geschafft hunn, hunn ech mir d'Fro gestallt: Sinn ech e Narziss?"

Et wier eppes, wat guer net esou rar ass an eiser Gesellschaft, fënnt de Saeed Hani. Dofir brauch een net wäit sichen ze goen: Wéi vill Leit setzen sech op Social Media reegelrecht an Zeen, esou datt mir alleguer der Selbstverléiftheet ausgesat ginn:

"Ech mengen, mir haten alleguer well mat engem Narziss ze dinn, oder si well engem begéint. Dofir wollt ech dës Pièce maachen. Ech denken, datt d'Leit, déi et gesinn, sech domat kënnen identifizéieren oder eng Reaktioun dorop hunn - entweder, well si esou eng Persoun kennen oder selwer eng sinn. Et kënnt dorop un, wie grad do sëtzt."

D'Gefor, blann duerch d'Liewen ze goen

Et gëtt da geféierlech, wann een ufänkt, anerer ze vernoléissegen, net méi fir d'Leit do ass, an net méi op si lauschtert - eben als "blannen" Narziss duerch d'Liewe geet.

Et wier geféierlech, seet de Saeed Hani. Mir missten eng Balance fannen, fir eis gären ze hunn, well mir eis esou vill ëm eis selwer géife këmmeren. Dëst kéint zu deem selbstverléifte Verhale bäidroen:

"An der Gesellschaft brauche mir aner Leit, si sinn Deel vun eisem Liewen. Mir mussen eis gären hunn, mee mir mussen och déi aner gären hunn. Meng Frënn soen, et geet dobäi ëm mech. Ech soen dann, mee et geet och ëm déi aner. Firwat kënne mir kee Gläichgewiicht dertëschent hunn?"

D'Spill mat eisen Erwaardungen

Observatioune sinn eng Saach, mee d'Konscht besteet jo dann doran, esou een introspektiven, perséinleche Sujet visibel ze maache fir de Spectateur. Dem Saeed Hani seng Approche spillt an "The Blind Narcissist" mat der Erwaardungshaltung vum Zuschauer, dee sech vläicht och selwer ertappt wäert fillen.

Normalerweis ziilt de Saeed Hani direkt op d'Imaginatioun vun den Zuschauer. Hie géif versichen, datt net nëmmen seng Dänzer, mee datt och de Public Deel vun der Choreographie gëtt:

"Kloer, ech bidde meng eege Léisung un, mee et ass méiglech, datt d'Leit am Sall eng ganz aner Léisung gesinn. Zum Schluss spären ech de Narziss a sengem eegene Spigel an. Alles, wat s du muss maachen, ass, de Narziss ze verloossen. Du kanns en net heelen. Dat ass dat, wat ech un de Public erundroe wëll."

Effektiv dréit hien nach vill weider Elementer u säi Public erun - Theemen, déi ëmmer erëm opdauchen, sinn d'Individualitéit, d'Fräiheet, a Grenzen a Maueren ze sprengen:

"Ech schaffe mat Nuditéit op der Bün, an ech kommen aus enger Kultur, an där dat verbueden ass. Ech géif riskéieren, dofir an de Prisong ze kommen. Ech setzen domat e Statement, datt ech e Mënsch sinn. Ech hu Syrie gären, ech hunn hir Kultur gären, an och d'Leit: Si hunn e grousst Häerz. Mee ech well net iergendwou higehéiere mussen. Ech wëll einfach iwwerall sinn, mat all Mënsch. Wat ënnerscheet eis da wierklech? Guer näischt."

A Residenz zu Berlin

Iwwer de Summer dëst Joer wäert de Saeed Hani, deen a Syrie gebuer ass, a Residence an d'Uferstudios zu Berlin goen. Do këmmert hie sech dann ëm d'Recherche a Kreatioun vun enger neier Pièce, déi den Titel "Inlet" dréit - also eng Zort Aarm vun engem Floss, oder e schmuele Passage vu Waasser tëschent Inselen. Oder, geet et ëm vill méi?

"'Inlet' ass iwwer den Noen Osten, an iwwer de Konflikt, iwwer d'Maueren, déi physesch a moralesch - d'Iddi vun de Grenzen, a wéi wichteg déi fir den Noen Oste sinn - woumat ech net averstane sinn, als Persoun, déi vun do fortgaangen ass."

Fir Mee 2023 ass dann d'Kreatioun "Khaos" geplangt, ee weidere Sujet, deen aus der griichescher Mythologie inspiréiert ass.


"The Blind Narcissist" gëtt den 19. Mäerz am Kader vum "Hors Circuits" am Trois-CL gespillt. Weider Informatioune fannt Dir hei.