Radioen

On air

Notturno  |  Jenny Owen Youngs - Avalanche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Roll vum Vernissage

Luxembourg Art Week

D'Roll vum Vernissage

D'Luxembourg Art Week ass déi éischt grouss Foire fir zäitgenëssesch Konscht zu Lëtzebuerg. Den Interesse vun de Konschtamateuren an Artisten ass enorm. Ass dee klassesche Vernissage elo 'out'?

auto_stories

3 min

Kéint d'Konschtfoire de Vernissage ersetzen? ©Agence luxembourgeoise d'action culturelle

De Galerist an Initiator vun der Luxembourg Art Week Alex Reding gesäit sech als Vermëttler vu Kënschtler, un deenen hier Konscht hie gleeft. Mee dofir geet de Raum vun der Galerie, mam klassesche Vernissage, net méi onbedéngt duer.

De Vernissage ass fir den Alex Reding nëmmen nach eng Saach vu villen. “Wéi d'Zeen nach net esou dense war, wéi et nach net déi Evenementer, déi Foiren an all déi Saache gouf, wéi d'Leit nach net konnten iwwer Internet steeën, war de Vernissage einfach den Top-Event vun der Galerie. Do sinn d'Leit komm a si hu kaaft.” Vernissagë wär wuel nach flott, well ee kéint cibléiert schaffen. An et géif engem ee gudden Iwwerbléck iwwer dat ginn, wat déi verschidde Galerien un Neiem bidden. De Vernissage ass dem Alex Reding senger Meenung no awer kee Pilier vun vun de Vente méi.

Konscht als Diskussiounsgéigestand

D’Galerie bleift awer fir anerer den ideale Kader fir den Austausch. De klassesche Vernissage -oder d’Party fir de Kënschtler- associéiert de Rheinlänner Michael Krome, deen zanter 1 Joer eng Succursale vu senger Berliner Galerie um Belair bedreift, allerdéngs mat engem Public an der Alterskategorie tëscht 20 a 40 Joer.

Michael KromeDéi Grupp wär um lëtzebuerger Konschtmarché manner präsent. "Ech perséinlech hu léiwer ee Format, wat mir "Dinnertalk" nennen. Ee Sträitgespréich iwwer Konscht mat engem Invité läit mir méi no."

Perspektive fir Lëtzebuerg

Fir d’Audrey Bossuyt vun der Galerie Zidoun-Bossuyt  huet de Vernissage ganz kloer nach seng Funktioun, mee keng verkafstechnesch. Si mécht am Virfeld vun Ausstellungen d’Ronn vun hire Collectionneuren, fir e Wierk ze presentéieren. Den Owend vum Vernissage gëtt mam Kënschtler gefeiert, d’Soirée soll eppes Oppenes a Soziales duerstellen. Déi Deeg drop kommen am Prinzip déi potenziell Keefer. Dann, wann et méi roueg ass. Mee d’Onrou vun enger Luxembourg Art Week huet fir d’Audrey Bossuyt net nëmme Repercussiounen fir de Milieu, mee fir e ganz Land.  

"Ech war mat mengem fréiere Chef bei där éischter Editioun vun Art Basel Miami. Miami huet sech duerch dës Foire ganz staark verännert." D'Stad am Süde vu Florida hätt bis dohin net vill ze bidde gehat, sou d'Galeristin. Déi ganz Populatioun hätt sech fir dee Projet begeeschtert, a si géif mengen, datt dat zu Lëtzebuerg och kéint geschéien. Et kéint sech positiv op d'Galerien a Muséeën auswierken. Awer d'Audrey Bossuyt ka sech och zum Beispill d'Kreatioun vu Studioen oder vun enger Konschtschoul virstellen.