Radioen

On air

Espresso Beats  |  Smokey Robinson - A Quiet Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Lutte géint autoritär Elteren

CinEast

D'Lutte géint autoritär Elteren

Déi kroatesch-dänesch Koproduktioun "Quit Staring at My Plate" erzielt d'Geschicht vun der Marijana, enger jonker Fra, déi mat Mëtt Zwanzeg nach bei hiren autoritären Eltere wunnt. Hiert Liewen ass vu Monotonie markéiert, bis enges Daags hire Papp schwéier krank gëtt. Vun do un ka si selwer iwwert hiert Liewe bestëmmen

auto_stories

3 min

Quit Staring at My Plate. Foto: CinEast

D'Marijana ass eng jonk Fra, déi mat hirer Famill op enkstem Raum an enger klenger Wunneng an enger kroatescher Stad um Mier wunnt. 24 Joer jonkt, féiert si een trist Liewen, dat sech just ëm hir Aarbecht am Labo an ëm hiert Elterenhaus dréint. Hir Mamm ass Hausfra an duckt virun hirem Mann. De Brudder, dee méi al ass, ass am Kapp zeréck bliwwen a gesäit dëst als Grond fir net schaffen ze goen. De Familljepapp, een autoritären Tyrann, geet mat sengen erwuessene Kanner ëm, wéi wa si nach kleng wieren. Doduerch hu si weder Kollegen nach eng Privatsphär.

Bis zu deem Zäitpunkt, wou hien enges Daags en Hireschlag huet a vun do u gelähmt an un d’Bett gefesselt ass. Opgrond vun dëser Situatioun bleift dem Marijana näischt anescht iwwreg, ewéi sech ëm d’Famill ze këmmeren an d'Roll vum Familljechef ze iwwerhuelen. Vu elo u bestëmmt si wéi vill Sue der Mam fir Akeef ze Verfügung stinn. Si muss och dem Papp seng Pamperse wiesselen.

Dës nei Roll gëtt der jonker Fra eng Aart Muecht a bréngt gläichzäiteg eng gewësse Fräiheet mat sech. Si mécht hir éischt sexuell Erfahrungen a schléisst eng nei Frëndschaft. Déi nei Situatioun mécht hir Loscht op méi am Liewen, a gëtt hir endlech d’Méiglechkeet fir virun der Monotonie fortzelafen.

Ausbroch aus engem triste Liewen

Dësen Drama erzielt mat schwaarzem Humor d’Geschicht vun engem jonke Mënsch op der Sich no sech selwer, dee probéiert aus sengem triste Liewen erauszebriechen - wäit ewech vun den Elteren an Noperen, déi iwwert een uerteelen. Den Titel vum Film "Ne gledaj mi u pijat" , op Englesch "Quit staring at my plate", ass ee kroatescht Spréchwuert a bedeit souvill wéi "Këmmer dech em deng Saachen".

Geschriwwen a realiséiert gouf dësen Debutfilm vun der jonker Realisatrice Hana Jušić, déi bis dohinner mat hire Kuerzfilmer Succès hat. Fir "Quit Staring at My Plate" gouf si dëst Joer Filmfestival zu Venedeg mam Präis fir dee Beschten Europäesche Film ausgezeechent. Och um Warschauer Filmfestival krut si e Präis fir de Film.

Eng Architektin spillt d'Haaptroll

D'Haaptfigur Marijana gëtt vun der Mia Petričević gespillt, enger jonker Architektin, déi duerch Zoufall un dës Roll komm ass. Trotz dem Succès vu "Quit Staring at My Plate", plangt si net fir an eng Carrière am Film ze maachen. Obwuel si keng professionell Actrice ass, iwwerzeegt si mat hire Schauspillkënschten. Si spillt déi schéi Fra mam traurege Bléck ganz iwwerzeegend. Eng jonk Fra, déi net vill iwwer hir Gefiller schwätzt, a si awer schauspilleresch zum Ausdrock bréngt. Si ass ee staarke Personnage, eng Fra déi doheem ënnerdréckt gëtt an trotzdem hir Famill no bausse beschütze wëllt. Doduerch kritt si vill Sympathie vum Public.


"Quit Staring at My Plate" leeft an der Haaptcompetitioun vum CinEast Festival.