Radioen

On air

Espresso Beats  |  Pharrell - Caged Bird Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Liewe vun engem Schwärmer

Literatur

D'Liewe vun engem Schwärmer

An Nord-Italie fänkt en un, zu Lëtzebuerg hält en op - dem Jean Back säin epesche Roman ''L'Arc di Marianna'' (Editions Guy Binsfeld) iwwer eng tragesch Libesgeschicht geet iwwer en halleft Joerhonnert. Den Auteur huet sech ganz vill virgeholl. Sengen Ambitioune gëtt hie bei Wäitem net gerecht.

auto_stories

4 min

De Cosimo, Steepoléierer an Autodidakt, wiisst an engem friulanesche Bauerenduerf op. An den 1960er Jore léiert hien dat jonkt a schéint Marianna kennen, seng grouss Léift. Zesumme verloosse si hiert Duerf, entdecken déi grouss Welt, ginn duerch Héichten an Déiften. Éier si dann zeréck an de Friaul kommen, wou dat schrot Äerdbiewe vun 1976 si trennt ... Vun do u léisst sech de Cosimo vun der Geschicht dreiwen ...

''Mein Leben war das eines Mondsüchtigen'', léisst de Jean Back säin Haaptprotagonist, dee sech och als ''Schwärmer'' bezeechent, bilanzéieren. D'Motiv vum Mound zitt sech deemno och duerch dat ganzt Buch.

Parcours vun engem italieenesche Migrant

''L'Arc di Marianna'' ass e laange Roman vu 500 Säiten op Däitsch, deen e gutt halleft Joerhonnert ëmfaasst an de gebiertege Friulaner Cosimo, genannt Co, op d'Rees schéckt. Mailand, Marseille, Lyon, d'Champagne an um Enn Lëtzebuerg, dat sinn d'Statioune vu senger jorelaanger Migratioun - keen ontypesche Parcours, d'Schicksal vu villen Italieener, déi am Laf vun der Zäit hir Heemecht aus ekonomesche Grënn hu misste verloossen.

De Jean Back verzicht op all Form vu Larmoyanz an der Duerstellung vun där Existenz, och wann hien eng gewëssen Nostalgie fir de verloossene Friaul duerchklénge léisst. Den Aarbechter Cosimo muss sech wuel erëmklappen, mee hien ass net eleng. No senger Zäit mat der Marianna dreift hie sech mat anere Jonggesellen erëm: fir de Lieser bedeit dat eng Hellewull u lëschtegen, saloppen Dialogen, déi nawell gutt fléissen.

70er Joren an Italien: eng ugespaanten Zäit

Dem Cosimo seng Talenter als Poléierer gi vu senge räichen Opdraggeber duerchaus geschat - soi-dit en passant: als Lieser hätt een him gären emol bei der Aarbecht iwwer d'Schëllere gekuckt ... Dee privilegéierte Statut (wann een dat esou däerf nennen) bréngt hien an eng onkamoud Situatioun géigeniwwer senge Komeroden, déi hirersäits eng resolut klassekämpferesch Attitüd un den Dag leeën.

De politesche Kontext vun de 70er Jore war an Italien besonnesch hëtzeg, mat de sozialen Ausenanersetzungen, der Konfrontatioun tëschent Kommunisten an Neo-Faschisten, dem Terrorismus ...

De Jean Back hält sech net all ze laang domat op, konzentréiert déi deemoleg Atmosphär an enger zéng Säite-laanger Zeen, enger fiktiver, fir net ze soe surrealer ëffentlecher Diskussioun an engem Planetarium zu Mailand, un där den Neofaschist Pino Rauti, de Chrëschtdemokrat Aldo Moro, de Poobst Jean XXIII, de Péitrus, den Ikarus, an nach anerer matenee streiden.

Chronologesch Unhaltspunkte gëtt et am Roman relativ wéineg, esou datt een dacks net weess, a wéi engem Joerzéngt ee grad ass. Dat passt duerchaus bei de Schlofwandler Cosimo. Mee dat kann och zu Konfusiounen an Anachronismusse féieren, zum Beispill wann ee vun de Personnagë vun der EU schwätzt, déi 1993 gegrënnt gouf, an ee méi spéit feststelle muss, datt mer do eréischt Enn de 70er-ufanks den 80er Jore sinn ...

Italien-Flair: e bësse bëlleg ...

Wat am Roman wierklech stéiert, dat sinn all déi Sazdeeler, déi op eemol op italieneesch geschriwwe sinn, obwuel hei Italieener ënner enee schwätzen: ''Dio mio. Was hast du nur?''; ''Sie ist ein Märchen. Una favola'' ; ''Sì, lo so. Ich weiß es''; ''Auf der gegenüberliegenden Straßenseite der Chiesa'', déi och grad esou gutt ''Kirche'' hätt kéinten heeschen; asw.

Dee bëllegen Trick, fir e gewëssen Italien-Flair ze schafen, gëtt nach méi peinlech, wann déi Wierder an Nimm och nach en masse falsch geschriwwe sinn, respektiv d'Buch net anstänneg lektoréiert gouf: ''Guiseppe'', ''Cesaré'', ''Terremoto Orore'', ''Tarentalla Napolitana'', ''Vittorio Emmanuele'', ''Il segno de Venere'', ''Cinecitta'', ''Alora?'', ''Partita Communisti Italiana'', ''questa puttane'', asw. (amplaz: ''Giuseppe'', ''Cesare'', ''Terremoto Orrore'', ''Tarantella Napoletana'', ''Vittorio Emanuele'', ''Il segno di Venere'', ''Cinecittà'', ''Allora?'', ''Partito Comunista Italiano'', ''questa puttana''). An heescht deen Niewepersonnage dann elo Della Porta oder Della Porto? Et fënnt een deen ee bal grad esou dacks wéi deen aneren ...

E Buch voller Referenzen

De Jean Back zitéiert a sengem Roman da relativ vill Referenzen, besonnesch aus der Konscht. De Cosimo trëfft iergendwann dann och op de franséische Sculpteur César, a souguer op de Michelangelo ...

D'Buch hält op - esou vill däerf ee verroden - mat enger Opféierung vum Mussorgsky sengem Pianoszyklus ''Bilder einer Ausstellung'', eigentlech eng Neiinterpretatioun, vun där de Jean Back de Libretto geschriwwen a sengem Buch separat bäigeluecht huet. Am Roman selwer fënnt een Transpositioune vum Mussorgsky senge Biller erëm, zum Beispill de Gnom oder de sougenannten ''Heldentor'' vu Kiew, deen een elo, wann een esou wëllt, um Boulevard Royal stoen huet.

Manner wier vläicht méi gewiescht ...

Als Lieser huet een allerdéngs den Androck, datt den Auteur hei ze vill wollt maachen a vu ville Beem de Bësch net méi gesinn huet.

Dat wat eigentlech den Zentrum vu sengem Roman sollt sinn, nämlech dem Cosimo seng passionéiert Bezéiung zu senger grousser Léift Marianna, ass him net gelongen. Esou gären een och zesumme mam Cosimo ëm déi Fra géif zidderen - et verspiert een einfach näischt. Dee weibleche Personnage ass engem egal. An da gëtt et schwéier, wann ee sech duerch Honnerte vu Säite muss schleefen, ouni richteg ze wëssen, firwat.