Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Youth Lagoon - Idaho Alien

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Lëtzebuerger Literatur ass méisproocheg

Lëtzebuerger Buchpräis

D'Lëtzebuerger Literatur ass méisproocheg

D'Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis 2016 sti fest. Bei der Remise de 17. November, stoung alles am Zeeche vun der Méisproochegkeet: Déi géif d'Lëtzebuerger Literatur ausmaachen, huet et méi wéi emol geheescht.

auto_stories

4 min

D'Gewënner an de Jury vum Lëtzebuerger Buchpräis

Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg ass de 17. November de Lëtzebuerger Buchpräis Iwwerrescht ginn. D'Lëtzebuerger Buch, dat wier ee Stéck Identitéit vum Land – an domat och d'Méisprooch, esou d'Buergermeeschtesch vun der Gemeng Walfer, d'Joëlle Elvinger, an hirer Begréissung. Eng vun deene wichtegste Froen, mat där sech ee Lëtzebuerger Schrëftsteller géif ausernee setze wier nämlech déi, a wat fir enger Sprooch hie wéilt schreiwen. D'Äntwerte wieren esou ënnerschiddlech, wéi d'Bicher, déi géifen erauskommen, seet d'Joëlle Elvinger. "D'Jongléiere mat Wieder an d'Schafe vun neien Ausdréck an esouguer eegene Wieder, droen dozou bäi, datt eis Sprooch net nëmmen eng Lieweg ass, mee och eng Sprooch, déi sech weider entwéckelt. "

Zwee Präisser fir Op der Lay

D'Sproochevillfalt war am Laf vum Owend méi dacks en Thema. Esou och fir de Gollo Steffen, deen zefridde war, datt direkt zwee Wierker aus senger Editioun Op der Lay gewonnen hunn: Emol der Renée Weber hirt Kannerbuch "Eng Maus am Haus", an der Claudine Muno hire Roman "Komm net kräischen".

D'Claudine Muno huet hirem Editeur Merci gesot, datt hie schonn 20 Joer u si gleeft. Schonn deemools war de Gollo Steffen sech sécher, datt hien et mat enger Erzielerin ze dinn hätt. "An dat huet et an all deene folgende Jore bewisen." Hie lueft der Claudine Muno hir Méisproochegkeet. D'Schrëftstellerin wier vum Engleschen, iwwer d'Däitscht, d'Franséischt op d'Lëtzebuergescht komm. "Ech gesinn doran eigentlech eng Bestätegung vun der Lëtzebuerger Literatur."

Coup de Cœur fir Impossible Readings

D'Méisproochegkeet war dann och ausschlaggebend fir d'Designatioun vum Coup de Coœr. De Jury vum Buchpräis – dat ass d'Marthy Bracké (Cité-Bibliothèque), d'Valerija Berdi (radio 100,7), d'Ludevine Jehin (CNL), de Silvano Vidale (VidaleGloesener) a Lambert Schlechter; ënnert der Presidence vun der Françoise Schlink – war beandrockt vum Projet "Impossible Readings", dee bei Hydre Editions erauskoum.

Ee Buch wéi "Impossible Readings" wier an där Form nëmmen zu Lëtzebuerg méiglech, huet de Schrëftsteller Lambert Schlechter ënnerstrach: Et wier eng Erzielung, "etappeweis redigéiert, nom Prinzip vum Cadavre Exquis, wou jiddereen, dee weiderschreift, op ee Stéchwuert oder Element vu sengem Virgänger muss agoen, an esou d'Geschicht weiderspannen." Dobäi wier eng wonnerbar Geschicht entstanen, lueft de Lambert Schlechter. Mat der Auszeechnung wéilt een och deen "nach jonken, couragéierte Verlag begréissen, deen dee Projet méiglech gemaach huet."

Hommage un de Lex Jacoby

Bei der Remise vun dem Lëtzebuerger Buchpräis gouf och un déi Leit erënnert, déi d'Walfer Bicher Deeg an d'Liewe geruff hunn. De Lëtzebuerger Auteure Lex Jacby, den Nic Weber an de Paul Pütz. "An déi Leit hunn all elo de Stëft fir ëmmer néiergeluecht", bedauert de Vizepresident vun de Bicherediteuren Thomas Schoos. "Mee hire Patrimoine, dee mir ëmmer erliewen, wa mir hir Bicher opschloen, dee bleift. A sou bléift och de Lex Jacoby "

De Lëtzebuerger Schrëftsteller, deen dat lescht Joer gestuerwen ass, wier ee besonnesche Mënsch fir Walfer a fir d'Walfer Bicherdeeg, "well een ëmmer gutt beroden ass, sech drun z'erënneren, wou een hirkënnt." Fir un de Grënnerpapp vun de Walfer Bicherdeeg ze erënneren, huet de Paul Greisch eng Geschicht aus dem Lex Jacoby sengem Buch "Wasserzeichen" vun 1995 gelies.

De Gewënner op ee Bléck:

  • Kanner a Jugend: Eng Maus am Haus; Renée Weber (Text), Illustratiounen vun de Kanner aus der Heischenter Kannerstuff (Editions Op der Lay)
  • Literatur: Komm net kräischen; Claudine Muno (Editions Op der Lay)
  • Bild a Konscht: Die Dynastie Luxemburg-Nassau; Marc Schoentgen / Pierre Even (Editions Saint Paul)
  • Sachbuch: E Maufel Lëtzebuerg; Maischi Tibesart (Editions Guy Binsfeld)
  • Coup de Cœur: Impossible Readings; Carla Lucarelli, Jeff Schinker, Nathalie Ronvaux, Ian de Toffoli, Guy Helminger, Gast Groeber, Raoul Biltgen, Florent Toniello, Francis Kirps, Tullio Forgiarini, Nora Wagener, Jean Bürlesk (Hydre Editions)

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg gëtt och den 100,7 Radio-Präis verginn. Dëst de Freiden, 18. November um hallwer 8 am Chapiteau principal zu Walfer