Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Konscht wäert d'Gesellschaft net änneren"

Filip Markiewicz

"D'Konscht wäert d'Gesellschaft net änneren"

De Filip Markiewicz ass e villsäitege Kënschtler: Hien zeechent, dréint Filmer a mécht Musek. Seng Konscht ass dacks gesellschaftskritesch. Eng Moralpriedegt wéilt hien awer net halen.

auto_stories

3 min

Filip Markiewicz

D'Single "Bluepop", déi viru kuerzem erauskomm ass, huet de Filip Markiewicz no den Attentater zejoert zu Paräis komponéiert. "Et war eng komesch Stëmmung an der Loft, mee ech wollt eppes Positives maachen". Den Text vum Lidd wier zwar pessimistesch, mee mat der melancholescher Melodie soll d'Single Hoffnung ginn. Dobäi wiere seng Texter awer ni ganz narrativ, esou de Filip Markiewicz. "D'Iddien déi sech zesummesetze sinn éischter abstrakt, dadaistesch a visuell".

"Ech wëll kee Grammy kréien"

"Bluepop" huet de Filip Markiewicz bei sech doheem opgeholl. Mat zwee Kanner géing een eréischt Nuets zum Ophuele kommen, esou de Kënschtler, deen zu Hamburg lieft. A schliisslech wéilt hie jo och kee Grammy gewannen.

Geplangt sinn op laang Siicht méi musikalesch Projeten: De Filip Markiewicz wëll een Album erausbréngen, mat engem Release-Concert. "Mir hunn eis dofir den 10. November als Datum festgesat". Op dësem Datum wier nämlech d'Luxembourg Art Week. Heifir wéilt een en Event mat Special Guests op d'Bee stellen.

Op der Bühn wäert de Filip Markiewitz dann awer net eleng stoen. Awer hie wäert net vun enger "klassescher Rockband" encadréiert ginn. De Kënschtler wéilt mat verschiddene Museker zesumme schaffen, zum Beispill mam Pianist Michel Abreu Lopes a mam Batteur Nuno Brito.

"Ech denken immens musikalesch"

De Filip Markiewicz mécht awer net nëmme Musek, mee en ass a ville Beräicher aktiv. Hien ass Zeechner, dréint Filmer, mécht Performancen... Dobäi géing hie sech awer als Gesamtkonzept verstoen.

"Fir mech ass d'Musék ëmmer präsent. Egal ob ech eng Expo opbauen oder e Video montéieren, ech denken immens musikalesch."

D'Konscht als Dialog

Dem Filip Markiewicz seng Wierker sinn dacks gesllschaftskritesch. Dobäi mengt de Kënschtler awer net, dass d'Konscht d'Gesellschaft wäert änneren. "Ech gesinn dat éischter wéi eng Satir".

Et wier net seng Aufgab ze soe wat gutt a wat schlecht wier an der Gesellschaft. Hie wier méi e Satiriker wéi e Mënsch, deen eng moralesch Priedegt wéilt halen. "Mee iergendwéi kënnt et awer eraus, wann een dat ganzt Bild gesäit vun deem wat ech maachen", esou de Filip Markiewicz.

Seng Welt wier déi vum Humor. Domadder géing ee méi Mënschen erreechen. Et géif him dorëms goen, en Dialog opzebauen. D'Reaktioune vun de Leit, ob positiv oder negativ, wieren eng Beräicherung.