Radioen

On air

Espresso Beats  |  The Scaners - Wipeout

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Plakeg Haut klappt Nation Branding

Deborah de Robertis

Plakeg Haut klappt Nation Branding

D’Deborah de Robertis huet sech zu Paräis plakeg virun en Tableau geluecht. D'Kënschtlerin gouf vun de Gardienen ënnerbrach. De Christian Mosar iwwert d'Selbstduerstellung an der Opmierksamkeetseconomie.

auto_stories

4 min

Am Oktober d’läscht Joer hat de Musée d’Orsay eng nei Publizitéitscampagne am Paräiser Metro gestart. Op groussen Affichë konnt een do liesen: "Emmenez vos enfants voir des gens tout nus – Emmener ses enfants à Orsay et à l’Orangerie, c’est l’enfance de l’art". Dat Ganzt mat engem Nu vum Auguste Renoir als Hannergrond.

Knapps ee Joer virdrun, am Mee 2014 hat d’Deborah de Robertis eng éischte Kéier en Optrëtt am Musée d’Orsay, wou si virun der "Origine du Monde" vum Courbet d’Bild  an d’Pose um Bild imitéiert hat. Elo huet si dat widderholl. Virum Manet senger "Olympia".

Modern Ikone vum Orsay

Déi zwee Biller, vu Männer gemoolt, waren an hirer Zäit selwer skandalträchteg wéinst den Nu-Duerstellungen an hunn esou eng eenzegaarteg Plaz an der Konschtgeschicht. Et sinn elo eigentlech modern Ikone vum Muséee d’Orsay.

De Choix vun dëse Molereie vun der Deborah de Robertis schéngt deementspriechent pertinent. Well dës Biller u sech schonn Opmierksamkeet erreegt hunn, oder haut nach erreegen, wat ganz gutt an hir Aktioune passt. Dertëschent gouf et dunn nach de Fiasko vun enger geplangter Ausstellung am Casino Luxembourg Forum d’art contemporain, déi awer ni zustane koum.

15 Minutes of Fame

Wéinst hirer neier Aktioun am Musée d'Orsay gouf si kuerzfristeg vun der Paräiser Police festgeholl, awer ouni Poursuite vun de Chargen nees fräigelooss. D’Deborah de Robertis huet domat iwwert déi läscht Deeg déi international Press, an net nëmmen Konschtpress, méi beschäftegt wéi all aner Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin.

An der Opmierksamkeetseconomie an där mir liewen huet d’Deborah de Robertis hir "15 Minutes of Fame" nach eng Kéier verlängere kënne. Mat Artikelen am däischte Monopol, an den Inrockuptibles, awer och zum Beispill am Guardian oder e rezenten Interview am Independent. D’Kënschtlerin, déi sech systematesch als Kënschtlerin vu Lëtzebuerg oder lëtzebuergesch Kënschtlerin z'erkenne gëtt, oder op d'mannst esou beschriwwe gëtt, ass omnipräsent.

Dat ass net oninteressant wann ee sech iwwerleet, datt d’Deborah de Robertis matt hiren zwou Interventiounen am Musée d'Orsay méi Opmierksamkeet an der internationaler Press op sech zitt wéi dee ganzen Nation Branding. Den neie Violon d’Ingres vun enger Regierung, déi Kultur offensichtlech nach ëmmer als Event gesäit. Mee bei der Deborah de Robertis kucke méi Leit no wéi bei enger Ausstellung, déi am Kader vun der Presidence am Bréisseler Bozar organiséiert gouf... Vill méi Leit.

Internet als Bühn

D’Fro vum Sënn oder Onsënn stellt ech einfach net méi. Et geet drëms, datt een eng Googleprominenz erreecht, déi bis elo villes an de Schiet stellt wat hei ënnerholl oder éischter net wierklech ënnerholl gouf. Dat, wat d’Deborah de Robertis am Musée d'Orsay provozéiert huet, ass sécher kee Skandal. Et ass eng onbehollef awer effikass Strategie fir Opmierksamkeet ze kréien. De Publikum op der Plaz, dat waren zu engem Deel déi Kollegen, déi si matbruecht hat. Et waren am ganzen net vill Leit.

D’Diffusioun vun deem Ganze geschitt scho laang net méi am Musée, mee an der Onlinepress. An elo geschwënn anscheinend mat engem neie Film, deen op Youtube déi rezent Aktioun dokumentéiere soll. D'Deborah de Robertis hat sech eng Kamera op d’Stir gebonn, fir domadder d’Reaktioune vun den Spectateuren opzehuelen. Dat soll dann d’Material fir dat neit Youtube-Dokument ginn.

Eng Fro vu Klicks

Hir lescht Aktioun, virun engem Joer online gesat, ass an e puer Versiounen ënnert anerem mat sechs Minutte Filmer op Youtube ze fannen. Dës Aktioun totaliséiert eng 800.000 Klicks op Youtube. Als Verglach: De Promotiounsfilm vu "Luxembourg for Tourism" stagnéiert zanter zwee an engem hallwe Joer, also méi wéi duebel esou laang, op e bësse méi wéi 90.000 Klicks.

Opmierksamkeet ass dat wat hei gëllt. Ob d’Kënschtlerin dat elo wëllt oder net.