Radioen

On air

Notturno  |  Kuston Beater - Undo Stress

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'BNL plënnert

Mammutprojet

D'BNL plënnert

Enn September soll d'Nationalbibliothéik am neie Gebai um Kierchbierg hir Dieren opmaachen. Déi Responsabel erklären d'Plënneraktioun vun 1,8 Milliounen Dokumenter an 200.000 Bicher fir den neie Liessall.

auto_stories

2 min

Vum 1. Abrëll u sollen 1,8 Milliounen Dokumenter aus der eelster Bibliothéik vum Land vun der Stad op de Kierchbierg geplënnert ginn. Dorënner wäertvoll Dokumenter an ënnerschiddleche Formater, ee Fond luxembourgeois an non-luxembourgeois an 200.000 Bicher fir an den neie Liessall.

Ee Mammutprojet, erkläert d'Direktesch Monique Kieffer, well d'Kollektioune ganz ënnerschiddlech Formater hunn. "Grouss Affichen, Kaarten, Pläng. Mir hunn Dokumenter, déi fragil sinn, déi ganz schwéier sinn. Dat sinn alles Aspekter, déi dës Plënneraktioun vill méi komplex maachen, wéi eng normal Plënneraktioun vun enger normaler Bibliothéik."

Eng nei Informatik

Dat neit Gebai um Kierchbierg huet 24.000 Meter Carré, e Liessall fir 200.000 Dokumenter, déi fräi verfügbar wäerte stoen. Fir datt an der neier d'Nationalbibliothéik Uerdnung an d'Dokumenter kënnt, huet d'BNL op d'Informatik zeréckgegraff, erkläert de Carlo Blum, Responsabel fir d'Informatik bei der BNL:

"Mir hunn ongeféier 2.000 Etagèren do stoen. 10.000 Tabletten. Dat heescht, all Buch muss op eng Tablett drop kommen. Mir hunn eng Plattform implementéiert fir dee Liessall ze simuléieren a Zeenarioen auszeschaffen, wéi déi Bicher herno op deene Regaler positionéiert ginn. Mir hunn eng Léisung fonnt. An elo wësse mir, wéi ee Buch op wéi enger Tablett steet."

Ännerungen an der Plënnerzäit

All Dokument an all Buch géif virum Plënnere gestëbst ginn, esou nach de Carlo Blum.

Während der Plënnerzäit ginn et Ännerunge bei den Ouvertureszäiten. Ënner anerem wäert déi gréisste Bibliothéik aus dem Land samschdes Moies ganz zou sinn. De Marc Fritz erkläert, datt den Accueil, wou nei Lieser sech aschreiwe kënnen, permanent besat ass. Et géif och op d'mannst Accès zu engem Liessall ginn. Dat géif dovunner ofhänken, wéi wäit ee mam Plënnere weiderkomm ass.

Online-Material fir e gréisstméiglechen Accès

Och eng Rei Dokumenter sinn net disponibel. Fir de Leit trotzdeem e gréisstméiglechen Accès zu den Dokumenter ze garantéieren, mécht D'BNL op hiert Online-Material opmierksam. D'Christine Kremer erkläert, datt d'BNL vill E-Booken huet, an zwar an all Sproochen an all Genren, souwéi E-Journals an eng Rei Datebanken.

Fir de Public méi un d'Online Material ze gewinnen organiséiert d'BNL vun Abrëll un eng Rei Seminairen.