Radioen

On air

De Moien  |  Bryan Ferry + Roxy Music - Love Is The Drug

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Seriell Container-Romantik

Zäitgenëssesch Konscht

Seriell Container-Romantik

De Christian Frantzen ass am Ueleg doheem. Meeschtens moolt hien Haiser, Stied – Repetitiounen aus dem urbanen Dschungel. De Moment weist de Lëtzebuerger Kënschtler aner Motiver, nämlech Containeren.

auto_stories

3 min

D'Containeren waren eng "Schnapsiddi" vum Christian Frantzen, passen awer gutt an d'Bild

Am viischte Raum vun der Galerie um Fëschmaart si groussformateg Tableauen accrochéiert, op deene faarweg Containeren ze gesi sinn. Rout, blo, gréng giel, wäiss – sou wéi een dat vu grousse Frachthäfen oder -gare kennt. Am hënneschte Raum weist de Christian Frantzen donieft awer och déi Motiver, mat deenen hie bekannt gouf: Vuen aus der Groussstad. Haiser mat ville Fënsteren, an och ee ganz groussformategen Tableau mat asiateschen Enseignen.

D'Containere wiere just eng Phas gewiescht, erkläert hien. "Et war eng Schnapsiddi. Ech duecht mir, dat géif gutt bei meng Iddi vun der Repetitioun a vun der Iwwerluedung passen: Vill Faarf, nëmme keng Natur, nëmme kee Bam dra molen!". ​​Dem Christian Frantzen seng Léift fir dat Repetitiivt, Kaalt a Seriellt kënnt aus der Abstraktioun a vun der Uni, erkläert hien. Do hat hie sech mat der Wiesselwierkung vu Molerei a Musek beschäftegt, ënner anerem mat der Aarbecht vu Komponiste wéi dem Steve Reich.

"D'Ae midd maachen"

Intressant fënnt de Christian Frantzen bei där Virgoensweis déi quasi hypnotesch Wierkung, déi entsteet, wann ee Pattern einfach iwwertenee leet. "D'Iddi vun der Widderhuelung ass déi, den Ae keen Unhaltspunkt ze ginn, e bëssche midd ze maachen an ze iwwerfuerderen" sou de Christian Frantzen. Doduerch datt keen zentrale Punkt am Bild wier, misst de Betruechter mat sengen Aen "duerch d'Bild spadséieren".

Déi beschriwwen Effekter erziilt de Kënschtler mat senger Liiblings-Technik: Dem Ueleg. Am Ufank hätt hien zwar mat Acryl gemoolt, awer zanter hien den Ueleg géif maîtriséieren, wier et einfach säin Truc. "Wann ee sech bis an déi Faarf verléift huet, da kënnt een net méi dovun ewech. Acryl kann ni déi Saturatioun vu rout erëmgi wéi Ueleg. Acryl gëtt zum Beispill ëmmer méi däischter wann se dréchent", erkläert de Kënschtler. Fir deen "Artifice" duerzestellen, deen hie wëll duerstellen, wier Ueleg méi intressant.

Interessi fir Lëtzebuerger Hannerhäfff

Lëtzebuerg ass am Christian Frantzen sengen neie Wierker net vertrueden. D'Motiver sinn anonym, fir net ze soe belibeg. Trotzdem ass hien och nach u Lëtzebuerg interesséiert. Awer u Perspektiven, déi kee kennt. Un deem kalen, onperséinlechen. Un zoufällegen Nieweproduite vu perspektivloser Städteplanung, zum Beispill.

Konkret géif him eng Serie mat Hannerhäff vun Esch an aus der Stad virschwiewen. "Ech denken un Hannerhäff déi een ni ze gesi kritt. Do misst ee Leit froen, engem Fotoen ze schécke vun hirem Hannerhaff. Zu Esch ginn et wonnerschéi Vuen no bannen, déi een net vun der Strooss aus gesäit".

Dem Christian Frantzen seng Container-Biller sinn nach bis den 12. August an der Galerie Nosbaum Reding um Fëschmaart ze gesinn.