Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Choreographical Talks: Den Alldag als Choreographin

Danz

Choreographical Talks: Den Alldag als Choreographin

Am éischte Band vun de "Choreographical Talks", déi vum Lëtzebuerger Literaturarchiv editéiert ginn, gëtt d'Léa Tirabasso en Abléck an hiren Alldag als Choreographin. Den Danz mat sproochleche Mëttelen duerzestellen ass eng Erausfuerderung.

auto_stories

3 min

2016 gouf d'Dänzerin a Choreographin Léa Tirabasso mam Prix Art et Lettres vum Institut Grand-Ducal ausgezeechent. Zanterhier mécht si mat hire Kreatiounen ëmmer erëm op sech opmierksam, ewéi z.B. dëst Joer, wou si Lëtzebuerg um Festival Off zu Avignion vertrueden huet.

Wat eis awer haut iwwer d'Léa Tirabasso schwätzen deet, ass keng Opféierung vu modernem Danz, mee e Buch, dat rezent vum Centre national de littérature vu Miersch eraus bruet gouf. Et ass den éischte Band vu "Choreographical Talks", enger Rei, déi ënner der Ägide vum d'Daniela Lieb, déi wëssenschaftlech Mataarbechterin beim CNL ass, an Zukunft wäert weider gefouert ginn.

Mam Danz d'Limitte vum Kierper iwwerwannen

"How can we know the dancer from the dance?" freet de William Butler Yeats a sengem Gedicht "The Tower" seng Lieser:innen. An hirem Buch versicht d'Léa Tirabasso eis eng Äntwert op dës Fro ze ginn.

Dës Dänzerin huet modern Literatur a Konschtgeschicht zu Lyon a Modernen Danz zu London studéiert, ass also bewandert, esouwuel um Terrain vun der Literatur, ewéi um Gebitt vun der kreativer Gestaltung vum Danz, der Choreographie. An de "Choreographical Talks" versicht si e Lien tëschent deenen zwou grondverschiddenen Ausdrocksformen hierzestellen, andeems si hir ganz perséinleche Reflexiounen an Erfarungen ausnamsweis emol schrëftlech zum Ausdrock bréngt, fir deem Ephemere vun der Beweegung a vum Danz am Text eng Dauer ze ginn.

Schonn Ufanks beschreift si d'Choreographie als "The transcription, through a physical state, of what being human is", eng Transkriptioun vun engem physesche Prozess, deen ausdréckt, wat Mënschsinn ass. Doriwwer eraus erlaabt den Danz et hir, déi Limitten ze iwwerwannen, déi dem Kierper gesat sinn.

E Bléck hanner d'Kulissen

D'Bün, den Ensembel vun den Dänzer, Ritualer, Kreatioun, Kompositioun a Recherche an ëmmer erëm Zweiwel, Onsécherheete gehéieren hei zum Alldag. Et iwwerrascht, wéi dobäi onscheinbar Momenter a marginal Gewunnechten ewéi "Check your emails", "Say hello", "Say goodbye", wéi se an allen Disziplinnen a Konschstparten zum gängegen, repetitiven Acquis gehéieren, hei zu engem bemierkenswäerte Ritual rehausséiert ginn.

Wäitaus méi opschlossräich dogéint sinn d'Opzeechnungen am Virfeld vu "Starving Dingos", en Danzstéck, dat d'Hektik vum Liewe portraitéiert, wou d'Zäit dauernd knapp ass an d'Liewen éischter konsuméiert ewéi gelieft gëtt.

"Starving Dingos" ass iwweregens am Juli um Festival Off d'Avignion opgefouert ginn. Doriwwer eraus kritt de Lieser en Aperçu vun deem wat dës Choreographin bei Virbereedungsaarbechte vu Wierker ewéi "TOYS" oder "The Ephemeral life of an octopus" beschäftegt huet, a wéi d'Iddie vun den Dänzer a vun Experten aus aneren Domainer an d'Choreographie mat erafléissen.

An de "Choreographical Talks" besënnt sech d'Léa Tirabasso op hir Originnen, op hir Roll als Artistin, als Responsabel vun engem Ensembel, an, net ze vergiessen, op hir Aufgab als Mamm vun zwee klenge Kanner.

Si beschreift hir Zweiwel, hir Gefiller, hir Gedanken a wéi hiert Ëmfeld op si awierkt. Et mierkt ee schnell, datt vill experimentéiert, diskutéiert, improviséiert a verworf gëtt, bis no Wochen a Méint en Danz-Entworf steet, den astudéiert ka ginn.

Stëmmen aus der Danzzeen

Et ass ze begréissen, datt am Mierscher Literaturarchiv nieft der Lëtzebuergescher Literatur och d'Bestänn vum Danztheater archivéiert ginn, deen hei zu Lëtzebuerg an zënter den 1950er Joren op eng räich a mouvementéiert Traditioun zeréckkucke kann. Erënnert sief an deem Kontext nëmmen un esou markant Nimm ewéi Stenia Zapalowska, Jules Mackel oder Li Marteling.

Am Ofstand vun engem Band pro Joer solle weider Personnagen aus der Danzzeen d'Geleeënheet kréien, an dëser Rei iwwer hir Konscht ze reflektéieren.

Et dierft een also gespaant sinn, wéi eng Stëmmen aus der Danzzeen an de "Choreographical Talks", déi vum Centre national de littérature vu Miersch erausbruecht ginn, sech der Erausfuerderung nach stellen, den Danz als non-verbal Konscht mat sproochleche Mëttelen duerzestellen.