Radioen

On air

Simon Says  |  Guts - Peaceful Life Feat. Lorine Chia

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ China Dream vum Ma Jian

BUCH-TIPP FIR DE SUMMER

China Dream vum Ma Jian

Dram oder Albdram? Wann d'Autoritéiten eng onkamoud Vergangenheet wëllen a Vergiessenheet gerode loossen ... De Michel Delage recommandéiert de satiresche Roman "China Dream" (Flammarion) vum chinesesche Schrëftsteller Ma Jian.

auto_stories

4 min

De Ma Daode ass en héije chinesesche Lokalbeamten, verantwortlech fir de "Bureau vum chineseschen Dram". Seng Aufgab besteet doranner, de Chinesen d'Zukunftsvisioun vun hirem President Xi Jinping anzetriichteren. Fir seng propagandistesch Missioun ze erfëllen, schafft hien un engem éiergäizege Projet: ee Mikrochip, mat deem een de Leit dem President Xi seng Visioun direkt an d'Gehir kéint transplantéieren.

"China Dream", dem chinesesche Schrëftsteller Ma Jian säi neiste Roman, ass eng Satir op den aktuellen autoritäre Regime zu Peking an déi korrupt Elitte vun der kommunistescher Partei. Den Dram vum Buchtitel bezitt sech op de sougenannten "Dram vun der nationaler Erneierung", deen de chinesesche President Xi Jinping fir d'éischt 2012 an enger Ried ernimmt hat. Souzesoen dem Xi säi politesche Programm fir déi nächst Joerzéngten, deen den Haaptinteresséierte gedenkt nach laang selwer ze begleeden - an Tëschenzäit huet hie sech nämlech zum President op Liewenszäit ernenne gelooss.

Utopie oder Albdram?

Wat deenen engen als wënschenswäert Utopie erschéngt, ass fir vill anerer en Albdram. Sou thematiséiert de Roman beispillsweis de Widderstand vun der Populatioun géint d'Zerstéierung vu ganzen Dierfer zugonschte vun industrielle Projeten. Et ass des weidere wuel bekannt, datt déi chinesesch Autoritéiten déi modernst Technologien notzen, fir d'Iwwerwaachung vun de Bierger an d'Repressioun vu Kritiker ze verschäerfen.

Besonnesch hu si et op d'Erënnerung ofgesinn. D'Chinese solle mat Optimismus no vir kucken a sech net eng fir Peking onkamoud Vergaangenheet an d'Gediechtnes kënne ruffen. Do ass zum Beispill de Massaker vun der Pekinger Tian'anmen-Plaz, 1989, en Evenement, dat schonn an den Ae vum Haaptprotagonist senger Duechter zu enger am Ausland erfonnter Verschwörungstheorie degradéiert gouf.

Den Auteur ernimmt Tian'anmen zwar nëmmen um Rand, leet awer Spuren: Yaobang an Ziyang heeschen am Roman nämlech déi zwou fiktiv Uertschaften, déi d'Vergaangenheet an d'Géigewaart matenee verbannen - et sinn d'Nimm vun zwee kommunistesche Responsabelen, déi 1989 den Dialog mat de Manifestante wollte sichen an dowéinst an der Partei an Ongnod gefall waren.

Den Trauma vun der "Kultureller Revolutioun"

Omnipräsent ass a "China Dream" dann dat verluerent Joerzéngt vun der "Kultureller Revolutioun", déi China tëschent 1966 an 1976 an eng Zort Biergerkrich gestierzt hat. Den héije Beamte Ma Daode hat déi "Kulturell Revolutioun" selwer als Jugendleche materlieft. Och hie war dem Opruff vum deemools an den Abseits gerodene Mao Zedong nogaangen, sech géint d'Elitten ze rebelléieren. D'Konsequenz war ee Strudel vu Gewalt an Doud: et ware bluddeg Ausenanersetzungen tëschent Schülergruppéierungen, oder nach d'Juegd op soi-disant "konterrevolutionär" Individuen - net seelen Elteren, déi vun den eegene fanatiséierte Kanner ugeschass, ëffentlech humiliéiert a mësshandelt goufen ...

"Maintenant que ses souvenirs d'enfance refoulés ont commencé à refaire surface, Ma Daode, qui a grandi pendant la Révolution culturelle, haut fonctionnaire chargé de promouvoir le rêve chinois qui remplacera tous les rêves privés, a peur que son travail soit mis en péril. Son moi passé et son existence présente sont aussi opposés que l'eau et le feu."

Wéi e schlecht Gewësse stéisst d'Vergaangenheet dem Ma Daode op. D'Géigewaart vermëscht sech ëmmer méi mat der Vergaangenheet. Den héije Beamte verléiert lues a lues d'Schlappen. Mat sengem ausschwäifende Sexliewen - hie féiert eng Lëscht mat sengen zwielef léifste Maîtressen - ergräift hien d'Flucht no vir.

Wéi e Sënn huet d'Liewen ouni d'Vergaangenheet?

Den Trauma vun enger Geschicht, déi een am léifste géif a Vergiessenheet gerode loossen, ass dem Ma Jian säi grousst Thema. Schonn a sengem wichtege Roman "Beijing Coma" iwwer de Massaker vun Tian'anmen stoung dee Sujet am Mëttelpunkt. "Mais lorsqu'on déconnecte la vie du passé, elle perd tout son sens: 'L'histoire, c'est le bouillon de poulet de l'âme', après tout", seet e Personnage a "China Dream".

Deem säin Auteur, Ma Jian, lieft zanter Joren zu London am Exil. Seng Bicher sinn a sengem Heemechtsland, wou hien iwwregens net méi däerf areesen, verbueden. Mir awer kënne seng Romaner liesen. "China Dream" ass gutt geschriwwen (souwäit een dat bei enger franséischer Versioun ka beuerteelen, déi eng Iwwersetzung net aus dem Chineseschen, mee aus dem Engleschen ass). Virun allem ass et - wéinst senger universeller Thematik - e wichtegt Buch, dat ech jiddwerengem nëmme ka recommandéieren.