Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Frànçois & The Atlas Mountains - Coucou

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Filmproduzente wëlle méi Sue vum Staat

Cannes Filmfestival

Lëtzebuerger Filmproduzente wëlle méi Sue vum Staat

De Premier a Kulturminister Xavier Bettel huet um Freideg zu Cannes déi méiglech Schafung vun engem Fong fir Filmproduktiounen annoncéiert. Zil vun deem Fong wier et, privat Investisseuren ze motivéiere Suen an den audiovisuelle Secteur ze stiechen. Um Filmfestival op der Croisette war et déi traditionell Journée luxembourgeoise.

auto_stories

2 min

"Journée luxembourgeoise" um Filmfestival vu Cannes (© Thibaut Demeyer)

Fir dee Fong wier ee schonn am Gespréich mam Finanzministère, Detailer missten nach gekläert ginn, sou de Xavier Bettel. Wat d’Co-Produktioune betrëfft wier een den Ament am Gespréich mat Dänemark. "Ech selwer ginn a Kanada fir en neie Co-Produktiounsvertrag z'ënnerschreiwen, Enn dës Joers, Ugangs d'nächst Joer", sot de Premier a Kulturminister zu Cannes.

De Filmsecteur wier wichteg fir Lëtzebuerg well e vill Leit géif beschäftegen an no baussen een anert Bild vu Lëtzebuerg erëmspigelen. De Xavier Bettel huet betount, dass de Budget fir d’Kultur net géif gekierzt ginn. "D'Sue sträiche fir alles wat kreativ ass an d'Leit zesumme bréngt wier e Feeler. Verschidde Länner mengen, dass et wichteg ass an d'Sécherheet z'investéieren. Ech mengen, dass d'Kultur de Moment Präventioun ass".

Ze vill Produktiounsfirmen oder net genuch Budget?

D'Unioun vun de Produzenten (ULPA) seet, datt et mam aktuelle Budget net duer geet. De Fimsekteur géif zu Lëtzebuerg an enger Kris stiechen, et bräicht een Hëllef vun der Politik, sou de Nicolas Steil. "Et sief, Produktiounsfirme maachen zou an Aarbechtsplaze falen ewech." D'Zuel vun de Produktiounsfirme wier em 33% geklommen, de Budget wier awer dee selwechte bliwwen.

De Yann Tonnar, Member vun der Associatioun fir Realisateuren e Scenaristen, sot sech sengersäits optimistesch a bezuch op d’Zuel vun de Lëtzebuerger Filmer. D’Qualitéit géif virgoen. "Mir striewen eng authentesch Lëtzebuerger Filmsprooch, een authentesche Lëtzebuerger Kino un".

Um Filmmarché zu Cannes sinn dëst Joer 24 Lëtzebuerger Filmer an 21 Produktiounsfirme vertrueden. Donieft hunn um "Lëtzebuerger Dag" zwee jonk Lëtzebuerger Realisateuren hire ‘’Virtual Reality’’-Projet virgestallt. E Méindeg gëtt den Animatiounsfilm ‘’Funan, le peuple nouveau’’ presentéiert. Eng franséisch-belsch-lëtzebuergesch Co-Produktioun.