Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Huis clos am "Bureau de chômage"

Film

Huis clos am "Bureau de chômage"

Am neien Documentaire vun der Anne Schiltz an dem Charlotte Grégoire sëtzt de Spectateur 75 Minutten an engem belsche "bureau de chômage". Et ass eng Erfahrung, bei där engem och mol d'Schudderen ausginn.

auto_stories

5 min

D'Realisatricen hunn d'Chômeuren fir de Film op der Plaz ugeschwat

D'Iddi vu "Bureau de chômage" baséiert op eng ganzer Rei Froen, déi der Anne Schiltz an der Charlotte Grégoire scho méi laang duerch de Kapp gaange sinn: Ass e Chômeur tatsächlech ëmmer selwer responsabel fir seng Situatioun? Firwat gëtt e Mënsch gezwongen, eng Aarbecht unzehuelen, déi guer net sengen Talenter a sengem Goût entsprécht, einfach just well se fräi ass? Ass eng Persoun ouni gréisser schoulesch Ausbildung wierklech schonn am Feler, wa se den administrative Language um "bureau de chômage“ net versteet? Wat ass de Sënn vun der Aarbecht haut?

Déi zwou Fraen hunn de "bureau de chômage" och scho virum Film vu banne kannt. Duerch de Kënschtlerstatut, dee si an der Belsch hunn, kréie si Chomâge-Allocatioune fir déi Deeg, wou si net ënner Vertrag stinn."Dat heescht, mir sinn deene selwechte Kontrollen ënnerluecht, wéi all d'Chômeuren - dat war een Ausgangspunkt fir de Film", erzielt d'Anne Schiltz.

Mënschen an der Sakgaass

D’Anne Schiltz, Joergank 1975, ass Dokter an der Anthropologie, huet am Kulturjoer 2007 de Volet "Partnerstad Sibiu“ assuréiert, war als Konschtcuratrice aktiv, a bréngt zanter Jore mat der Charlotte Grégoire Documentairen eraus. Op a Rumänien oder an der Psychiatrie zu Lëtzebuerg: Dacks geet et an de Filmer ëm Mënschen, déi dem Gefill no an enger Sakgaass gelant sinn, an déi mat hire Moyenen no engem Liichtbléck, enger Perspektiv sichen.

De Huis clos vu "Bureau de chômage" war eng nei Erfahrung fir d'Realisatricen - an éischter Linn wéinst der Situatioun um Plateau. "Mir zwee waren zesumme mam Touningenieur hannert enger Trennwand. Mir waren also do, ouni do ze sinn.

Eng stresseg Situatioun, och fir de Placeur

De Chômeur hat vis-à-vis vu sech de Kontroller setzen an nieft sech de Kameramann", erkläert d'Anne Schiltz. Erstaunt waren déi zwou Realisatricen doriwwer, wéi wéineg Kamerablécker si herno an hirem Material haten. "Ech mengen, dat huet domat ze dinn, datt de Moment souwuel fir de Kontroller wéi fir de Chômeur ganz stresseg ass, a si sech allen zwee musse staark konzentréieren".

Déi belsch ONEM (Office National de l'Emploi) war laang géint de Film, huet um Enn den Tournage awer accordéiert. Vun circa 35 Placeuren hunn der siwe matgemaach, bei de Chômeuren, déi op der Plaz selwer hu missen ugeschwat ginn, waren et der ee vun zwee. A fënnef Woche sinn eng 100 Entretiene mat hinne gefilmt ginn. 75 Minutte laang sëtzt de Spectateur elo an engem belsche "bureau de chômage“ souzesoe fest.

Spectateur vu peinlech beréiert bis revoltéiert

An dobäi ass hien deels peinlech beréiert an och mol revoltéiert, et ginn him d’Schudderen aus. An dat obschonns hie just Témoin vu Face-à-facen ass, déi e jo guer net concernéiere missten.

"Bureau de chômage" ass eN nodenkleche Film, deen een net sou séier vergësst. D'Realisatricë wënsche sech lo, datt de Film och als Support fir Debate ka genotzt ginn, och fir d'Clichéë vum Chômeur ze hannerfroen. "Mir haten net d'Intentioun, fir de Film iwwer déi Béis an déi Gutt ze maachen. Mir wollten d'Interaktioune mat engem éierleche Bléck festhalen, mee natierlech hu mer am Montage och déi Saachen erausgewielt, déi fir eis dat aussoen, wat mer um System kritiséieren", sou d'Anne Schiltz.

Projectioun an de Rotonden

​Den Documentaire "Bureau de chômage“ gëtt en Dënschdeg den Owend (9. Mee) um 19 Auer an de Rotondë gewisen. No der Projektioun ass en Debat mat den zwou Réalisatricen Anne Schiltz a Charlotte Grégoire an der Directrice vun der ADEM, der Isabelle Schlesser.