Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Buchkritik: "der mond ißt äpfel" vum H.C. Artmann

Haiku

Buchkritik: "der mond ißt äpfel" vum H.C. Artmann

An dem bibliophille Band "der mond ißt äpfel" presentéiert den Thanhäuser Verlag Haikuen aus dem Vermächtnis vum Lyriker Hans Carl Artmann, niewent Texter an Zeechnunge vu Schüler:innen aus zwou éisträichesche Grondschoulen.

auto_stories

3 min

Zu Ottensheim, eng kleng Gemeng un der Donau, tëschent Wien a Salzburg huet d'Editioun Thanhäuser hire Sëtz. Den Thanhäuser-Verlag gouf 1989 gegrënnt, op d'Initiativ vum éisträichesche Lyriker a Schrëftsteller Hans Carl Artmann a vum Kënschtler an Illustrator Christian Thanhäuser, deen niewent senger Aktivitéit als Verleeër e.a. fir Insel, Suhrkamp, Matthes & Seitz a Friedenauer Presse Bicher illustréiert huet.

Zwee bis dräi Bicher am Joer bréngt Thanhäuser eraus, mam Schwéierpunkt op Lyrik, Kuerzprosa an Essayen. Des Ëftere scho gouf dëse Verlag ausgezeechent fir déi schéinste Bicher a Buchëmschléi, déi hei nach am Handsatz hiergestallt ginn.

Haikue vum Hans Carl Artmann

Vun Thanhäuser hu mir ee schmuele Band virleien, mat Haikuen aus dem Nolass vum Hans Carl Artmann a mat Texter an Zeechnunge vu Schülerinnen a Schüler aus Grondschoule vu Wien a vun Ottensheim.

Den Artmann, deen am Dezember 2000 am Alter vun 79 Joer gestuerwen ass, gouf 1997 mam Georg-Büchner-Präis ausgezeechent. Zäitliewens war him vill dru geleeën, Nowuesschrëftsteller ze ënnerstëtzen.

Ënner deem Aspekt ass dat schmuelt Wierk ze gesinn, mam Titel 'der mond ißt äpfel', dat vum Ulrike Tauss a Christian Thanhäuser zum 30järege Jubiläum vun der Editioun eraus bruet gouf. Den Titel vum Buch gëtt den éischte Vers vun engem Kuerzgedicht erëm, dat op der Gedenktafel steet, vun deem Haus zu Wien, wou den Artmann opgewuess ass, an dat esou kléngt:

"der mond ißt äpfel

wenn ich nicht zusehe

aus unsren bäumen."

Den Artmann war eng vun de schillerndste Kënschtlerperséinlechkeete vun der Nokrichsszäit an der éisträichescher Literaturzeen.

Op senge Reesen uechter Europa an den 1950 a 70er Joren huet hie sech ë.a. mam Elias Canetti, mam Erich Fried an och mat dem lëtzebuergesche Lyriker Jean-Paul Jacobs ugefrënnt.

D'Frëndschaft tëschent deenen zwee hat Joerzéngte laang Bestand.

Enfant terrible

Vu sech schwätze gedinn huet den Artmann virun allem duerch seng "Mundart-Experimente". Mat schwaarzem Humor a mat subtille Sproochspiller huet hien et vun Ufank u verstanen, op Distanz ze goen, zu jedwelcher nationalistescher Vereinnahmung.

Esou war et net verwonnerlech, datt hien als Sproochartist an Enfant terrible an der Zeen an doriwwer eraus geschätzt a respektéiert gouf.

Zu senger Reputatioun huet bäigedroen, datt hie seng Texter meeschtens tëschent dräi a sechs Auer Moies geschriwwen huet, nodeems hie se mat Kolleegen duerchdiskutéiert hat.

Andréck an der Sprooch festhalen: keng einfach Aufgab

Et ass d'Liichtegkeet, dat Spillerescht an d'Spontanitéit, dat seng Literatur auszeechent. Dës Eegenschafte gi besonnesch an den Haikue geschat.

Déi traditionell japanesch Gedichtform, mat hire 17 Silben, verdeelt op dräi Versen, gëtt zu de kierzte Gedichtforme weltwäit gezielt.

D'Texter an Zeechnunge vu Schülerinnen a Schüler, déi een hei niewent deene vum Artmann begéint, goufen a verschiddene Workshoppen ausgeschafft.

Et sinn emol verspillten, emol méi gekënschtelt Gedichter, déi schnell erkennen dinn, datt et net eleng fir Erwuessener, mee och scho fir Kanner net einfach ass, Andréck spontan an der Sprooch festzehalen.

Trotzdeem ass 'der mond ißt äpfel' aus der Editioun Thanhäuser mat Haikuen aus dem Nolass vum Hans Carl Artmann an eben och mat Gedichter an Zeechnung vu Schoulkanner eng begréissenswäert Initiativ an zugläich en exemplaresche Bréckeschlag tëschent de Generatiounen an tëschent zwou ganz verschiddene Kulturen.

E virbildlecht Beispill, dat, 'der mond ißt äpfel' aus der Editioun Thanhäuser ouni Zweiwel zu engem besonnesche Buch mécht.