Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grousse Schrëftsteller, spéit Unerkennung

Literatur

Grousse Schrëftsteller, spéit Unerkennung

De slowenesch-italiéinesche Schrëftsteller Boris Pahor war de 24. Februar zu Lëtzebuerg. Hie gouf 1913 zu Triest gebuer, dat deemools nach zu Eisterräich-Ungarn gehéiert hat. A sengem staark autobiografesch geprägte Wierk huet sech deen haut 102 Joer ale Pahor fir déi slowenesch Minoritéit an Italien, a géint Faschismus, Nazismus a Kommunismus agesat. Engem internationale Publik gouf hie relativ spéit ee Begrëff, virun allem duerch déi literaresch Verformung vu senge KZ-Erliefnësser.

Michel Delage

auto_stories

5 min

Boris Pahor (© Miran Hladnik)

“Pèlerin parmi les ombres”, an der däitscher Iwwersetzung “Nekropolis”, gëtt dacks am selwechten Otemzuch genannt wéi aner Gréisste vun der sougenanntener KZ-Literatur wéi Primo Levi, Imre Kertesz oder Jorge Semprún. 1967 gouf d’Buch op slowenesch publizéiert, mee erréischt 23 Joer méi spéit a Frankräich. Däitsch Lieser hu misste bis 2001 waarden. An Italien war den italiéinesche Staatsbierger Boris Pahor bis 2008 kee Begrëff.

D’Geschicht vun der slowenescher Minoritéit war déisäits den Alpe laang een Tabuthema. 1920, nom Éischte Weltkrich, krut Italien en Territoire vum fréieren éisterräichesch-ungaresche Räich zougesprach, op deem ee Véierel vun all de Slowenen, also ongeféier 330.000, gelieft haten. Zu Triest, wou de Boris Pahor 1913 gebuer ass, goufen et deemools proportionell méi Slowene wéi zu Ljubliana, haut Haaptstad vu Slowenien.

"D'Faschiste soten, mir hätte keng Sprooch, keng Nationalitéit"

Besonnesch ënnert dem Faschismus gouf dës ethnesch Minoritéit zwangs-italianiséiert, erkläert de Pahor. "Am deemolegen Éisterräich-Ungarn ware mer ni eng Minoritéit. Mir ware mat Wien verbonnen, dem Paräis vu Mëtteleuropa. Et sinn d'Faschisten, déi eis gesot hunn, mir hätte keng Sprooch, keng Nationalitéit. Als Vollek hätte mer jo misste frou sinn, Italiéiner ze ginn."

Een Zeeche vun dëser kultureller Ënnerdréckung war den Ëmgang mat slowenesche Familljennimm. Dem Schrëftsteller seng Famill konnt weider Pahor heeschen, anerer mam selwechte Numm wiere beispillsweis a Pacorini oder Parrini ëmgedeeft ginn.

Spéit säi Wee als slowenesche Schrëftsteller fonnt

De Boris Pahor war siwe Joer al wéi de slowenesche Kulturzenter zu Triest vun de Faschiste verbrannt gi war - een Evenement, dat hien- eegenen Aussoen no - staark beandrockt huet. Spéiderhin hätt hie Widderstand geleescht. Zwar net um politesche Plang ("dat Praktescht war net esou meng Saach"), mee iwwert d'Sprooch.

De geléierten Italiéinesch-Professer Boris Pahor huet relativ spéit säi Wee als slowenesche Schrëftsteller fonnt. Déi literaresch slowenesch Sprooch hätt hien nom Zweete Weltkrich ugefaang ze léieren - hannert zouenen Dieren. "Domat huet och meng Aktivitéit als Schrëftsteller ugefaang. "Ech hu mech als Slowen entdeckt obwuel ech d'Geschicht vun der slowenescher Literatur net kannt hunn. Déi slowenesch literaresch Sprooch hat ech deemools och net beherrscht."

"Iwwert d'Leed vun ënnerdréckte Mënsche schwätzen"

Säin eegent Liewen huet dem Pahor d’Material fir säi literarescht Wierk geliwwert: seng Zäit als Zwangsrekrutéierten an der italiéinescher Arméi a Libyen, säin Engagement op der Säit vun de slowenesche Partisanen, an dann d’Deportatioun a sëllech KZer, wéi Dachau, Mittelbau-Dora, Natzweiler-Struthof oder och Bergen-Belsen.

Politesch huet de Slowen Boris Pahor éischter liberal, humanistesch, jiddefalls anti-totalitaristesch Positioune vertrueden. "Wéi ech an der Lag war iwwert d'Vergaangenheet ze schwätzen - net als Schrëftsteller, mee als Reporter vum Béise vum 20. Jorhonnert - hunn ech mer virgeholl iwwert d'Leed vun ënnerdréckte Mënschen ze schwätzen."

"Déi fréier Kolonialmuechte musse sech op Kompromësser aloossen"

Am kommunistesche Jugoslawien war de Kritiker Pahor bis ugangs den 1980er Joere persona non grata. "De Sowjet-Staat huet all d'Hoffnungen an eng méi gerecht Gesellschaft zerstéiert. Elo hu mer op der Welt keng Positioun méi vun der Wourecht, keen Zentrum, vun deem ee sech an d'Zukunft kéint projezéieren."

Den islamisteschen Terrorismus gesäit de Boris Pahor als Konsequenz vun der europäescher Kolonialpolitik un. Krich ass fir hie keng credibel Äntwert. De Schrëftsteller proposéiert eng Aart europäesche Kongress, oder Weltkongress. Déi fréier Kolonialmuechte misste sech op Kompromësser aloossen. Dem Boris Pahor no misst ee sech bei dësen Diskussioune vun engem mënschleche Gewësse leede loossen, dat et hautdesdaags net géif ginn. De Mënsch wéilt dominéieren, wier egoistesch.

"Fäerdeg bruecht, weider un de Mënsch, un d'Léift ze gleewen"

Trotz dem Leed, dat hien a sengen autobiographesche Romaner beschreift, huet de Boris Pahor ëmmer versicht Optimismus ze verspreeën. Zum Beispill a “Printemps difficile” iwwert seng Zäit an engem franséische Sanatorium. "A Frankräich sote se: 'Do ass een Deportéierten - an dat ass rar - deen aner halleft Joer mat Krematorien, mat Mënschen, déi gestuerwen, erhaang goufen, verbruecht huet. An awer huet hien et fäerdeg bruecht, weider un de Mënsch, un d'Léift ze gleewen.'"

"Mier brauche Léift, net nëmme Sex", sou de Boris Pahor. Léift wier e Besoin, ee Cadeau, deen de Mënsch net liicht géif acceptéieren. D'Fraen hätten, a sengen Aen, eng besonnesch Missioun. "D'Fra, dat ass net nëmmen d'Léift, mee och d'Liewen aus engem anere Bléckwénkel gesi wéi e Mann." D'Frae wiere vun de Gefiller geleet, d'Männer wieren ëmmer op der Säit vun der physescher Kraaft.