Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Blind Date mam Däitsche Buchpräis

Literatur

Blind Date mam Däitsche Buchpräis

D’Anna Weidenholzer schreift iwwer verluere Figuren an eiser Gesellschaft. Mat der sachlecher an awer billerräicher Sprooch vun hirem leschte Roman "Weshalb die Herren Seesterne tragen” huet si et an d’Longlist vum Däitsche Buchpräis gepackt. Viru kuerzem huet si sech dem Lëtzebuerger Publik virgestallt.

auto_stories

2 min

Anna Weidenholzer

All Joer, zum Optakt vun der Frankfurter Buchmesse, zeechent d’Stëftung vum "Börsenverein des Deutschen Buchhandels" hire Roman vum Joer aus. Am däitschsproochege Raum ware Liesunge mat den zwanzeg, fir d'Longlist nominéierten Auteuren organiséiert ginn. Dorënner de Peter Stamm, d’Sybille Lewitscharoff oder och de Bodo Kirchhoff. D'Anna Weidenholzer hat sech Lëtzebuerg als Gaaschtland ausgesicht - de Publik an der Abtei Neimënster gouf dat eréischt den Owend selwer gewuer.

"Weshalb die Herren Seesterne tragen" ass der Éisträicherin (1984 zu Linz gebuer) hiert drëtt Buch no enger Sammlung vun Erzielungen (“Der Platz des Hundes”) an engem éischte Roman (“Der Winter tut den Fischen gut”), an deem d’Anna Weidenholzer op eng skurril Aart a Weis den tristen Alldag vun enger Wittfra am Chômage thematiséiert hat. De Feuilleton war deemools begeeschtert vun enger klorer, decidéierter a sachlecher Sprooch.

Mënschen, déi net der Norm entspriechen

Ëmmer erëm sti bei hir Mënschen am Mëttelpunkt, déi um Bord vun der Gesellschaft existéieren. Déi distanzéiert Sprooch wier hir dofir ganz wichteg. “De Sujet bitt u sech scho genuch Fläch, d’Sprooch muss an engem Géigesaz dozou stoen. Fir net ze vill an iergend eng Leier ze verfalen”, erkläert d’Anna Weidenholzer.

Och am neiste Roman "Weshalb die Herren Seesterne tragen" ass e skurrille Personnage de Protagonist: ee pensionéierte Schoulmeeschter um Wee an e Schigebitt ouni Schnéi, wou hie wëll erausfannen, wéi zefridden d’Mënsche sinn. Et si keng erfollegräich, jonk an dynamesch Figuren, déi d’Anna Weidenholzer an hirer Prosa zeechent. Éischter Mënschen, déi sech net onbedéngt der gesellschaftlecher Norm upassen. “Mech interesséiere Situatiounen, déi elo net op den éischte Bléck blénken, gläichzäiteg awer eppes Besonnesches an deelweis Absurdes hunn”.

Wéi geet déi jonk Autorin mam Succès ëm?

Den Haaptpersonnage Karl reest mat engem liicht verännerte Froebou am Gepäck, unhand vun deem se am Bhutan “d’Bruttonationalgléck” berechnen (dëse Froebou existéiert wierklech!). “Wéi ech iwwert de Sujet recherchéiert hunn ass iergend wann d’Iddi komm, ee Personnage op d’Rees ze schécken. An do huet de Karl sech ëmmer méi kloer eraus kristalliséiert.”

Drëtt Publikatioun, drëtt Nominatioun fir e Präis. Wéi geet eng jonk Schrëftstellerin mat dësem Succès ëm? “Ech halen dat esou wéi et geet vu mer ewech. Fir ze schreiwe muss ee sech dovun isoléieren, soss funktionéiert et net”, seet d’Anna Weidenholzer.

“Weshalb die Herren Seesterne tragen”, dat ass een op der Liesung am Neimënster, déi den Institut Pierre Werner organiséiert hat, iwwregens net gewuer ginn…