Radioen

On air

Notturno  |  Tom Skinner - The Journey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bliederen oder wëschen

Literaturlabo

Bliederen oder wëschen

D'Digitaliséierung verännert d'Literatur. Allerdéngs net sou séier, wéi Experten dat virausgesot hunn. Beim Literaturlabo gëtt iwwer Chancen a Perspektive vun neie Literatur-Formen diskutéiert.

auto_stories

5 min

D'Fro "Blieders du nach oder wëschs du schonn?" kann ee sech stellen, zënter et E-Books ginn. Mëttlerweil gëtt Literatur och um Smartphone gelies. Wat verännert sech fir de Lieser, wa Literatur net méi nëmmen op Pabeier verdriwwe gëtt, mä zum Deel gratis einfach am Internet ze fannen ass?

Äntwerte wäerten et bei der drëtter Editioun vum Literaturlabo ginn, wou de Claude Conter, Direkter vum Literaturarchiv zu Miersch, Invité ass. Den Thema ass "Literatur 2.0: Netzliteratur oder Hyperfiktioun".

Editeuren a Librairë bleiwe wichteg

Wichteg Froe wäerten och sinn: wéi eng Forme vun digitaler Literatur ginn et iwwerhaapt? Wat ännert sech fir den Auteur, den Editeur, de Lecteur, de Libraire? An no der Diffusioun de Bibliothekär an den Archivist? Wat sinn d'Konsequenze vun digital generéierter Literatur an der Digitaliséierung vun der Literatur?

"Jo, mir brauchen di verschidden Acteuren nach," seet d'Nathalie Bender, Responsabel beim radio 100,7 fir Literatur. Beim Auteur wär et kloer: Wa kee schreift, gëtt et keng Literatur. Awer och den Editeur an de Libraire sinn der Journalistin hirer Meenung no weider wichteg Acteuren. Déi géifen eng Zort Qualitéitskontroll bedeiten, géifen eng Preselektioun fir de Lieser maachen, an hie bei sengem Choix beroden.

D'Librairen zu Lëtzebuerg géifen och E-Booke verkafen, seet den Dirk Sumkötter, President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Librairen. Bei Problemer, zum Beispill mam Digital Rights Management vum Lies-Gerät, géifen d'Librairen donieft och hëllefen a beroden. D'Entwécklung vun de Liesgewunnechte géif sech manner séier vum Pabeier zum E-Book entwéckelen, wéi vill Experten dat prognostizéiert hätten.

Online-Texter nach marginal

Momentan géif een nach keen Afloss vun Texter spieren, déi fräi um Internet géife publizéiert ginn, seet de Manuel Schortgen. "Mir sinn ëmmer frou, wa gelies gëtt," sou de Vizepresident vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Editeure weider. Déi Auteuren déi Texter fräi um Internet zougänglech maachen, géife parallel och op Pabeier publizéieren. Wa si sech op deem Wee en Numm géife maachen, géifen och d'Editeure profitéieren.

"Den experimentellen Ëmgang mat all deene verschiddene Forme vun Netzliteratur an digitaler Literatur huet keen onmëttelbaren Afloss op d'Aarbecht vum Libraire", sou den Dirk Sumkötter.

Literatur um Ecran?

Virun engem Schierm kéint hien net déi Form vun Opmierksamkeet mobiliséieren, déi Literatur verdéngt hätt, seet de Jérôme Netgen zu Online-Literatur. De passionéierte Lieser a Buch-Sammler liest haaptsächlech Sekundärliteratur a Rezensiounen um Écran. "Déi, déi zanter Joren d'Enn vum Buch posaune si souwisou Leit, déi keng Literatur liesen." Hien ënnersträicht, datt e Buch en Outil de travail wär, wou ee kéint dra schreiwen, wou ee kéint Saachen dra leeën, a wat robust wär.

D'Nathalie Bender huet bei der Virbereedung vum Literaturlabo kee fonnt, dee keng Zukunft fir gedréckte Bicher gesäit. Si huet awer och kee fonnt, deen exklusiv nëmmen online liest, schreift oder publizéiert.

Second Screen

Beim Literaturlabo gëtt deemno och iwwer d'Co-Existenz vun deene verschiddene Formen diskutéiert. Den däitschen Hanser Verlag huet zum Beispill den Auteur Tillmann Rammstedt iwwert eng Period vu puer Méint e Buch online schreiwe gelooss. D'Lieser konnten direkt drop reagéieren. Enn Juli kënnt dat, wat online entstanen ass, als Buch eraus. "Mir stellen also och d'Fro, ob de Lieser den Auteur ka beaflossen", sou d'Journalistin.


De Literaturlabo ass de 27. Juni um 18:30 an der Nationalbibliothéik. Wann ee bei der Diskussioun wëllt dobäi sinn, soll ee sech iwwer info@bnl.etat.lu umellen. Mam Claude Conter diskutéieren d'Nathalie Bender, d'Valerija Berdi an de Jérôme Jaminet.

De Literaturlabo: