Radioen

On air

Espresso Beats  |  The Child Of Lov - Give Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Plaz vun der Fra an der Filmgeschicht

Berlinale 2016

D'Plaz vun der Fra an der Filmgeschicht

Ween decidéiert wat an Erënnerung bleift? Um Filmfestival zu Berlin hu sech Spezialiste Gedanke gemaach, firwat an der Filmgeschicht weiblech Regisseure keng grouss Roll spillen. An der Filmbranche ass et net anescht wéi an anere gesellschaftleche Beräicher: och hei gi Fraen diskriminéiert.

Charlotte Bruneau, md

auto_stories

4 min

© (Bigstock/Tom Wang)

Während der Podiumsdiskussioun mam Titel “No Past without a Future” (Keng Vergaangenheet ouni Zukunft) huet déi feministesch Medientheoretikerin Alexandra Juhasz versicht, unhand vun engem Filmbeispill d’Fro ze beäntwerten: Ween decidéiert haut u wat mir eis mar erënneren? De Film “The Watermelon Woman” gouf virun 20 Joer vun der US-Regisseurin Cheryl Dunye gedréint. Erzielt gëtt d’Geschicht vun enger schwaarzer homosexueller Fra op der Sich no hirer eegener Geschicht. Dobäi fënnt se eraus, datt sou gutt wéi keng Archiven iwwert hir eege Communautéit existéieren.

Ween decidéiert iwwerhaapt, wouraus eis Archive bestinn? "Fir d’alleréischt déi Leit, déi eng Kamera hunn", erkläert d'Alexandra Juhasz. Eng Kamera wier eng Maschinn fir Archiven ze produzéieren. "Wéi mir de Film 'Watermelon Woman' virun 20 Joer gedréint haten, ware Fraen, Lesben oder schwaarz Leit net an den Archive vertruede well dës Gruppe keen Zougank zu Kameraen haten". Selwer hätte si sech also net kënne fotograféieren, et wier och soss keen dorun interesséiert gewiescht. "Dës Situatioun huet sech awer verännert. 20 Joer méi spéit huet bal jiddereen Zougank zu engem iphone", sou d'Alexandra Juhasz.

Wee Muecht huet kontrolléiert d'Archiven

Duerch den technologesche Fortschrëtt ass de Prozess vum Archivéieren hautdesdaags vill méi demokratesch ginn. Mee den Accès zu enger Kamera alleng géif net duer goe fir sech eng Plaz am kollektive Gediechtnes ze schafen, seet déi feministesch Autorin Juhasz. "Deen zweete Grupp, deen doriwwer decidéiert u wat mir eis erënneren, sinn d’Leit un der Muecht an hir ausgewielten Archivisten. De Staat, seng Sekretären, d’Presidente vu Festivalen oder d’Conservateuren." Politesch Muecht géif Hand an Hand goe mat enger Kontroll vun den Archiven.

Och Historiker a Filmkritiker kontrolléiere wat zeréck behal gëtt. Obwuel virun 20 Joer net vill iwwer Fraen am Film geschriwwe gouf huet sech dëst haut geännert, ënnert anerem duerch den Internet. Frae gi méi gefilmt a filmen och selwer méi. An duerch eng Demokratiséierung vum Accès zu den Informatioune gëtt haut och méi iwwert dës Filmer geschwat.

Diskriminéierung an der Filmbranche

Trotzdem bléif um Terrain vun der Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra an der Filmbranche nach vill ze maachen, ënnersträicht d’Beryl Richards, Presidentin vun “Directors”. Dës englesch Organisatioun huet eng Etude virgestallt, déi d’Carrière vu Fraen am Filmmilieu unhand vun 2.500 Filmer ënnersicht huet. D'Enquête hätt gewisen, datt Frae lues a lues aus de méi héije Positiounen an der Filmbranche eraus gefiltert ginn.

"Och wa Fraen d'Hallschent vun de Filmstudenten ausmaachen, ass et fir eng Fra duebel esou schwéier wei fir e Mann en zweeten, drëtten oder véierte Film ze realiséieren", sou d'Beryl Richards. An England inszenéieren nëmmen nach 3,3% Regisseurinne Fiktiounsfilmer mat héijem Budget, sou d'Etude. Verschidden Enquêtë beschreiwen eng ähnlech Situatioun an anere Länner.

ARD féiert op Drock hinn eng Fraequote an

Déi däitsch Bloggerin a Schauspillerin Belinde Ruth Stieve huet d’Präsenz vun der Fra an der Geschicht vum däitsche Filmfestival analyséiert. Tëscht 1956 an 2015 wieren nëmmen 3% vun de Gewënner vum Präis fir déi bescht Regie weiblech. D'Tendenz wier op dëser Berlinale déi selwecht. "Allgemeng triede Fraen éischter als Schauspillerinnen op", sou d’Ruth Stieve.

Fir eng besser Vertriedung vu Fraen an der Filmbranche setzt sech zënter zwee Joer d’Bewegung “Pro Quote Regie” an. D'lescht Joer huet se erreecht, datt d’ARD-Duechtergesellschaft Degeto Quoten agefouert huet. Wéinstens all fënnefte Film muss an Zukunft vu Regisseurinne gedréint ginn, gouf versprach. E positive Schrëtt, fënnt Pro Quote Regie" - deen awer nach laang net géif duergoen.