De Robert Brandenburger, besser bekannt als Brandy, gouf 1946 zu Lëtzebuerg gebuer. Vu klengem u wousst hien, datt d'Molerei säi Liewe sollt bestëmmen. An der Famill hätt et schonn ëmmer eng kënschtleresch Oder ginn, esou de Robert Brandy.
Schwéieren Ufank an der Provence
Nodeems hien duerch d'Welt gereest war, huet hien 1972 decidéiert, Artist ze ginn. Wéi säin deemolegt Virbild Paul Cézanne goung hien op Aix en Provence op d'École des beaux-arts. Gläichzäiteg huet hien och ugefaang fräi ze schaffen.
1976 hat de Brandy seng éischt Eenzelausstellung zu Lëtzebuerg an der Galerie Paul Brück. De Lëtzebuerger Moler bezeechent sech selwer als "Galleryman". Hie wier dauernd op der sich no neie Galeristen gewiescht, sou de Brandy.
De Succès koum, awer bis et souwäit war, hätt hien dacks net gewosst, wat hien deen nächsten Dag sollt iessen: "Ech hu Vendangë gemaach, Héngerställ gebotzt, egal wat, fir bësse Geld eranzekréien."
Recycléiert Faarf aus dreckege Pinselen
1976 ass de Kënschtler mam Mouvement "support-surface" a mam Vincent Bioulès a Kontakt komm. Wéi den Numm et undeit, steet net méi de Sujet alleng am Mëttelpunkt, mee de Support, d'Method an d'Technik.
Dat huet seng Aarbecht sou markéiert, datt hie bis haut seng Toilë selwer opspaant a behandelt, a seng Faarfpigmenter selwer mëscht. D'Faarwe géifen aus dem Gefill eraus entstoen, erkläert de Kënschtler.
Oder hie klaut d'Faarf vu sengem Fils: "Heiansdo sinn ech immens frou, wann hie seng Pinselen net gutt gebotzt huet. Hien huet sou eng Azur-Faarf. Mëttlerweil maachen ech se awer och mol selwer ..." Zwee Joer laang hätt hie selwer keng Faarf gemaach. "Déi koum all vu senge knaschtege Pinselen. Ech hu mir net méi gegënnt."
D'Interpretatioun vum Brandy senge Wierker ass net einfach. Seng Biller wiere Gefiller, erzielt hien. Hie géif net géint de Krich a Syrie molen. Awer dat, wat hien an den Noriichte géif héieren, géif hie scho beaflossen. Verschidde Leit géifen och spieren, datt sou Emotiounen a sengen Tableaue géife stiechen.
En uerdentlechen Atelier
Wat am Brandy sengem Atelier opfält, ass d'Uerdentlechkeet. Alles huet seng Plaz, keng Spuer vu Chaos, wei een an engem Kënschtleratelier kéint erwaarden. Dat Zweet wat opfält ass, datt den Atelier engem Autosmusée gläicht. Uelegdousen, Kanen, Benzinspompelen an Oldtimer fëllen de Raum: Dem Kënschtler seng zweet Passioun sinn al Autoen.
A senger Fräizäit fiert de Kënschtler Vëlo a geet lafen. Egal wéi d’Wieder ass.
Den Atelier ass an enger fréierer Schlässerei. Déi grouss Fënstere bidden optimal Liicht-Konditiounen. Am héije Raum ass genuch Plaz, fir säi Stock vun honnerten uerdentlech geraumte Biller a Souveniren aus der ganzer Welt. An un de Maueren hänken aktuell Tableauen, un deenen zum Deel nach geschafft gëtt.
Verännerung a Reduktioun
An enger Welt, déi sech ëmmer weider verännert muss och e Kënschtler sech ëmmer nees nei erfannen. Zanter e puer Joer kéim et ëmmer nees fir, datt hien alles a Fro géif stellen, seet de Brandy. "Ech hunn den Tour vu menge Pigmenter a Fuerwe gemaach. Virun e puer Joer hunn ech scho probéiert, fir dat alles ewech ze loossen." Scho fir d'zweet hätt hie viru véier Joer quasi just nach wäiss Toilë gemaach.
Hie kéint sech zwar mëttlerweil alles erlaben, awer hie wéilt fir sech selwer ëmmer nees eppes fannen.
De Marché an der Kris
De Brandy huet d'Impressioun, datt de Konschtmarché haut net méi esou gutt leeft. D'Kris wier Schold. D'Mëttelklass wier zu Lëtzebuerg wech gefall, an et géife manner Leit ginn, déi sech nach Biller kéinte leeschten.
Och déi jonk Kënschtler hätten et net einfach fir z'iwwerliewen. Wichteg wier et, déi richteg Leit am richtege Moment kennen ze leieren. A virun allem misst ee Chance hunn.