Net doheem, fort vun doheem: Einfach, quasi banal, Wierder, ënnert deenen ee sech jee no zäitgeschichtlechem Kontext, perséinlecher Situatioun oder Erlieftem, eppes anescht virstellt. Fir d’Fotoen vun der Expo "Away From Home" an der Abtei Neimënster muss een awer keng där gedanklech Emweeër maachen. Déi éischter mëttelméisseg Zeenografie huet een och séier vergiess, well dat, wat op de Biller ze gesinn ass trëfft a betrëfft wahrscheinlech de Gros vun den Expo-Visiteuren.
8 Artisten, 9 Projeten, 150 Fotoen
De CinEast-Comité hat d’Gefill, datt d’Leit duerch d'Aktualitéit de Begrëff "Migranten" direkt géife mat Réfugiéen a Mënschen ouni Ënnerdaach associéieren. Dobäi kënnt den Ausdrock vum laténgesche "migrare", also wanderen. Esou meditativ oder entspaant kommen déi mannst vun den néng Fotoprojeten am verwëllefte Niewegebai vum Neimënster eriwwer. Et geet ëm:
- Katastropheflüchtlingen: Mënschen, déi viru ronn 30 Joer nom Reakterongléck zu Tschernobyl verplanzt gi sinn, an awer ëmmer nach no hirem Doheem verlaangeren.
- Krichsflüchtlingen: Haaptsächlech aus Syrien, Afghanistan, aus dem Iran an aus Somalia - 2015 op hirer Odyssee duerch Slowenien vu jonke sloweneschen Fotografen portraitéiert.
- Flüchtlingen viru 0815 Gesellschaften: Wéi zum Beispill déi 60 Käpp staark Romafamill, déi an enger Zort Slum baussent der polnescher Stad Wroclaw wunnt. Op engem Terrain, dee Muppefeld vernannt gëtt. An zwar a Cabannen, déi si selwer an engem Dag zesummen zëmmeren, déi d’Allgemengheet awer ni offiziell als en "Doheem" unerkannt huet.
- An Heemflüchtlingen: De rumänesche Fotograf Radu Ciorniciuc ass engem ganz bestëmmte Sujet op de Gronn gaangen. Seng Fotoen am Gronn weisen de Bukarester Kanalisatiounssystem am Ënnergronn. Erzielt gëtt d’Geschicht vun enger Generatioun vu Kanner, déi vun hiren Elteren zu Zäite vum Ofdreiwungsverbuet ënnert dem Ceausescu abandonnéiert gi sinn. Nom Stuerz vum Diktator sinn d’Kanner aus hiren Horror-Kannerheemer geflücht an hunn an den Égoute vun der Haaptstad en neit Doheem a mam "King of the sewers Bruce Lee", wéi hie sech nennt eng Pappefigur fonnt. Hie versuergt déi jonk an dack krank Erwuesse mat Drogen a Liewensmëttel.
Mënsche si keng Nummeren
Dat, wat sech zejoert op der Balkanstreck ofgespillt huet, war schwéier a Wierder ze paken. Dowéinst hunn eng ganz Partie Fotografen décidéiert, datt et hir Flicht wier, d’Akltualitéit mat der Kamera festzehalen. De Flüchtlingen op déi Manéier souzesoen e Gesiicht, eng Biografie erëmzeginn. Plakeg Zifferen, niichter Statistiken an offiziell schrëftlech Communiquéen verwandelen Affer an eng flou Mënschewell, déi Europa ze iwwerfluten dreet. Mee hunn ëmgedréint net d’Diskussioune ronderëm en EU-Flichtquota fir Réfugiéen, jo schonn d’Bezeechnung Flüchtling, de Leit hier Identitéiten, hir Liewensgeschicht ausradéiert?
Op a Slowenien, Polen, Rumänien, oder ronderëm Tschernobyl: d'"Away From Home"-Fotografe versichen op Mënschen opmierksam ze maachen, déi aus iergendengem Grond un de Bord vun der Gesellschaft gerutscht sinn.
Dräi Projete vu Lëtzebuerg
Och dräi Projete vu Lëtzebueg ginn op der Expo gewisen.
De Patrick Galbats weist déi zwou Liewenswelte vun de rekordverdächteg séieren Gypsy-Brass Spiller aus dem Nordoste vu Rumänien. Déi géife gär doheem bleiwen, mussen awer och Sue verdéngen. An dat bedeit an hirem Fall als musikalesch Gaaschtaarbechter am Paräisser Metro grad esou wéi op sëllechen Hochzäite spillen.
De Sven Becker huet fir d’Internetplattform "I am not a refugee" Mënsche portraitéiert, déi no hirer Flucht versichen, zu Lëtzebuerg Akzeptanz an eventuell eng Zukunft, ze fannen.
An d'Migrante-Portraiten vun der polnescher Fotografin Margo Skwara wierken op den éischte Bléck wéi e Witz par rapport zu deenen anere Fotoen. Da liest een, datt et sech ëm Expats an hirem "new home" am Grand-Duché handelt. Interessant Biografien an engagéiert Mënschen: Déi meescht vun hinne sinn nieft hirem Beruff bei enger ONG aktiv oder hu si mat gegrënnt. Nodeems si sech en neit Doheem konstruéiert haten, war also nach Energie iwwereg, fir bénévol Projeten matzedroen. Oder versti si besser ewéi anerer, datt een och nach kulturell Wuerzelen huet, déi op enger anerer Plaz weider wuessen?
D'Expo "Away From Home" ass nach bis den 23. an der Abtei Neimënster ze gesinn.