Autorinne-Lies Romain Butti
Hie gehéiert zu den neie jonke literaresche Stëmmen an huet nach weider Talenter ze bidden.

De Romain Butti huet bis elo eng Novelle publizéiert, hien ass mat engem Theaterstéck de Gewënner vum Nationale Literaturconcours 2018 a Lyrik ass him och net friem. Nieft dem Schreiwen huet de jonken Auteur awer weider Passiounen. D'Valerija Berdi war bei de Romain Butti schelle fir eis Serie Autorinnen- an Autore-Lies.