"On ne se souvient pas des jours, on se souvient des instants", gëtt den italieenesche Schrëftsteller Cesare Pavese am Ufank zitéiert. Et sinn also Momenter, scho laang vergaange Momenter, déi de Belsch-Lëtzebuerger Dichter Paul Mathieu, Joergang 1963, a sengem Gedichtband "À Bord" defiléiere léisst.
An de 47 Néngzeiler vum Haaptdeel vum Bichelche rekonstituéiert hien eng Rees um Schëff laanscht déi afrikanesch Küst, bis an de belsche Kongo. Seng perséinlech Souvenire kënnen et also net sinn.
Algérie française
De lyreschen Ech beschreift al Fotoen, erënnert un deemoleg Reklamme vu Schëffskompagnien, zielt Nimm vun Häfen op :
"les noms des ports
sonnent bien ils font rêver à l'ailleurs ",
... urale Cliché, fir d'Loscht op exotesch Reesen opkommen ze loossen.
Wat am Ufank nach e vaagt Gefill iwwer eng grad esou ondefinéiert vergaangen Zäit ass, hëlt no an no méi präzis Konturen un. Elo ginn Datumer genannt : Zum Beispill den 28. Abrëll 1923 zu Antwerpen, Dag vum Depart.
E knappt Joer méi spéit, den 29. Februar 1924, ass et de Souvenir vun der "plage des jeunes filles", Collo, zu Tamanart, Algerien, deemools nach franséischen Territoire; asw. Iergendwann ass een um Floss Kongo, u Bord vum Passagéierschëff SS Elisabethville, a Richtung Hafe vu Matidi.
Congo belge
Aus dem initialen Dram vun der Eskapad gëtt en Albdram vun der Gewalt. Wat nämlech duerno kënnt ass e Konzentrat vun der Kolonialherrschaft, symboliséiert duerch déi wäiss Uniform, d'Mënze mam belsche Kinnek sengem Kapp, den Tintin op Elefantejuegd an den Elefant um Côte d'Or-Schockela.
Mee dann och d'Gummiplantagen an d'Instrumenter vun der Repressioun : "les fouets des rois blancs", "la chicotte", "cette affaire des mains coupées", "la grappe de/phalanges tranchées net d'un coup de/machette". Et sinn dës déi prägnantst, déi konkretst Biller. Am Kontrast zu den ofgetrennte Glidder : detailléiert Menüskaarte vun den exquisitte Platen, déi d'Herrschaften op den Ozeandampferen zerwéiert kruten.
De Rescht bleift flou, wéi op dëser Foto vun engem Matrous :
"tout est rattrapé ici par le sépia:
le blanc de la peau & celui de la coque
confondus dans le même jaune-brun qui
est aussi celui du ciel & celui de l'eau du
fleuve que l'on devine à grand-peine".
Ästhetik vum Flou
Dat Verschwomment, dat Vaagt, de Flou, dat alles dréckt de Paul Mathieu sproochlech aus duerch eng Virléift fir Alliteratiounen an Assonanzen, Kläng, déi bal zu engem ondifferenzéierte Kontinuum verschmëlzen, wéi de monotonen Hin an Hier vun de Wellen um Mier :
"mogadiscio porto novo
colombo tant de sanglots sanglés",
oder :
"collé au hublot à la ligne toujours
équivalente qui va lente à l'horizon".
Dës Usammlung vun onklore Souveniren, déi emol net déi eege sinn, mussen interpretéiert, jo, praktesch entziffert ginn, well näischt wierklech sécher ass : "on dirait", "on ignore", "on aimerait savoir", heescht et am Laf vun de Gedichter. Fir den Dichter besteet den Exercice heiranner : "glisser l'image vers l'imaginaire".