Radioen

On air

De Weekend  |  Van Morrison - Brown Eyed Girl

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aus Al maach Nei

Literatur

Aus Al maach Nei

Dat op Héichglanzpabeier gedréckte Buch "Uuups, mir si krups!" versammelt satiresch Texter vum Jean-Pol Roden an Illustratioune vum Ingo Schandeler. Dat Ganzt verschmëlzt zu engem liewege Sammelsurium.

auto_stories

3 min

Dem Jean-Pol Roden seng satiresch Texter - an et kéint ee grad esou gutt mam Ingo Schandeler sengen Illustratiounen ufänken -, also dem Jean-Pol Roden seng satiresch Texter sinn a Kapitelen opgedeelt, déi sech stilistesch an thematesch vun eneen ënnerscheeden.

Déi relativ kuerz ''Corona-Iwwerleeungen am Summer 2021'', fir de Lieser eng Opwiermronn, sträifen déi politesch Aktualitéit an engem méi onmëttelbar kabarettisteschen Usaz, e Genre, fir deen den Auteur och bekannt ass. Natierlech kënnt, nieft de méi almoudeschen antiklerikale Picken, keng vun de grousse Parteie gutt ewech, an engem ''Land wou a Krisenzäite jiddwereen an der Mëtt oder schonns bal riets steet''.

An awer kann den Auteur och alt emol eng patriotesch Lanz brieche fir d'Lëtzebuerger Corona-Positioun bannent enger soss onsolidarescher EU: ''Et géing Zäit ginn, datt de roude Léiw enger Rei Vullemettië géing décker op d'Panz ginn''.

Konzentréiert Liewenswäisheet

Sou drastesch a salopp déi politesch Texter deelweis dohier kommen, sou subtil, déifgrënneg an och scho mol poetesch sinn déi ''Stëppelbiopsien'' genannten Aphorismen aus dem längsten, dem zentrale Kapitel vum Buch. Déi knapp formuléiert, dacks witzeg Wuertspillereien, konzentréiere Liewenswäisheet. Se geheien e realistesche Bléck op Léift a Sexualitéit, verurteele Rassismus, veräppele Politiker, huelen Déierefrënn op d'Schëpp.

Am léifsten hëlt de Jean-Pol Roden sech selwer net ganz eescht - vun engem gewëssenen Alter u muss een d'Liewe wuel mat ironescher Distanz betruechten:

"E Gesiicht:

Denkerstier

Laachfalen

Tréinesäck."

Al ginn, wéi déi nächst Kapitele weisen, dat ass och d'Nostalgie fir déi haut verschwonne Märeler Kiermes, där den Auteur als Bouf entgéint geféiwert hat. Et ass d'Degradatioun vum Familljeliewen, sou wéi e Chrëschtbeemchen se Joer fir Joer erlieft huet. An da sinn et déi als ''Altersleaks'' iwwerschriwwen Unzeechen, déi, genee wéi d'Inkontinenz, engem wierklech bewosst maachen, datt een dem Enn ëmmer méi no kënnt. Zum Beispill:

''Wann's de däin Organspenderpass net erneiert kriss,

well däi Mo deng Liewer net méi verdaut

Wann's de eng Viagra a 4. deels...

fir der op d'mannst déi Deeg net op d'Schong ze pissen''.

An der Traditioun vu Crumb a Co.

Dem Illustrateur Ingo Schandeler säi wëllen, üppegen, expressionistesche Stil, mat deem hie schonn existent Dréck, dacks verkéiert fir net ze soen detournéiert chrëschtlech Motiver, mat Ueleg-Pastel iwwermoolt, passt bei d'Texter. Net fir näischt fënnt een am Buch sëlleg Hommagen u grouss Meeschtere wéi Picasso, Klee, Matisse, Hundertwasser, Warhol, an awer och Kutter, an am selwechten Otemzuch gëtt den amerikanesche Comic-Zeechner Robert Crumb als wichteg Inspiratiounsquell zitéiert.

Ouni dem Ingo Schandeler seng Biller oder mat anere Biller géif een dem Jean-Pol Roden seng Texter anescht liesen, an ouni d'Texter oder mat aneren Texter géif een d'Biller och anescht kucken. Wat de Roden geschriwwen an de Schandeler gezeechent respektiv gemoolt huet, geréit uneneen, komplettéiert sech.

Mee net ëmmer - oder besser gesot : et muss een d'Korrespondenze sichen, an den Text gëtt doduerch vläicht méi villschichteg wéi ee gemengt hat, an am Bild gesäit een op eemol Saachen, déi den éischte Bléck net erfaasst hat.

Mee dem Ingo Schandeler seng Illustratiounen, praktesch eng pro Säit, sinn net nëmmen do fir z'illustréieren. Si sinn e feste Bestanddeel vun deem ganz liewege Sammelsurium, fir dee béid Auteuren déi gutt Iddi haten, en am DIN A4-Format an op Héichglanzpabeier a mat der Mentioun : ''mat Gratis Impfzertifikat'' ze drécken.


"Uuups, mir si krups!" vum Duo Jean-Pol Roden an Ingo Schandeler ass am Eegeverlag erauskomm.