Radioen

On air

De Weekend  |  Vampire Weekend - Mary Boone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Auf Wiedersehen Deutschland" am Lëtzebuerger Decor

Tournage

"Auf Wiedersehen Deutschland" am Lëtzebuerger Decor

Nom Succès vum Michel Bergmann sengem Roman „Die Teilacher“, deen an Tëschenzäit iwwer 100.000 Mol verkaf gouf, huet de belsche Realisateur Sam Garbarski sech virgeholl, dës Nokrichsgeschicht a Form vun enger Comedie ze verfilmen. „Auf Wiedersehen Deutschland“, mam Moritz Bleibtreu, gëtt vu Samsa Film co-produzéiert.

Julie Riva, md

auto_stories

5 min

Am Nokrichsdäitschland hunn den David Bergmann - gespillt vum Moritz Bleibtreu - a seng Kollegen, alleguer Iwwerliewender vum Holocaust, just een Ziel: an Amerika auswanderen. Mat vill Witz, Charme a Schauspillerei schloe se sech als Verkeefer vu Wäsch an engem Däitschland duerch, dat se kuerz virdrun duerch d’Hell an erëm zeréck geschéckt hat. Déi politesch Situatioun ass onsécher. Et gëllt, sech fir d’éischt aus deenen amerikaneschen Opfanglagere fir Judden eraus ze kämpfen an op een neit a bessert Liewen ze hoffen.

Den Haaptprotagonist David gëtt während dem Film allerdéngs vu senger Vergaangenheet ageholl. Déi amerikanesch Nazi-Jeeërin Sahra Simon (gespillt vum Antje Traue) versicht eraus ze fannen, firwat den David zwee Päss huet an a Kontakt mam Hitler stoung.

Schwieregt Thema, mat Humor verzielt

Datt de Michel Bergmann mat sengem autobiografesche Wierk eng Familljegeschicht verzielt, léisst dat Ganzt nach méi lieweg erschéngen, seet de Produzent Jani Thiltges. Hie schwätzt vun enger Komedie, “och heiansdo eng schwaarz Komedie, mat villen Emotiounen dran”, déi der Fro géif nogoen: “Wéi iwwerlieft een an engem Land wann ee mat deenen zesummeliewe muss, déi deng Famill an e puer Milliounen aner Judden ëmbruecht huet?” Fir de Jani Thiltges géif de Film zwar en Thema behandelen, dee méi schwiereg ass. Iwwert den Humor, iwwert d’Emotiounen géif ee versichen, de grousse Public z’erreeschen.

De Film ass eng international Co-Produktioun tëschent Samsa Film, déi däitsch IGC Films an „Entre Chien et Loup“ aus der Belsch. „Auf Wiedersehen Deutschland“ ass schonn déi fënneft Zesummenaarbecht vu Samsa Film mam belsche Realisateur Sam Garbarski. Virgänger ware „Le Tango des Rashevski“, „Irina Palm“, „Quartier Lointain“ a „Vijay and I“.

Lëtzebuerger Kuliss

Gedréint gëtt nach bis den 14. Mai op verschiddene Plazen hei am Land (Esch, Lasauvage, Diddeléng an am Norden), an och an der ost-däitscher Stad Görlitz, wou et nach Ruine vun deemools gëtt, erkläert de Jani Thiltges. Et ass schonn eng besonnech Atmosphär um Filmset zu Marteleng, wou een Deportatiounscamp nogestallt ginn ass. Et fënnt ee sech tëschent authentesche Baracken erëm an et richt no gutt biergerlechem, deftegem Iesse fir dat d’Leit an der Keelt schlaang stinn. D’Kostümer goufe mat vill léift fir den Detail eraus gesicht. Trotz der Keelt an dem Bulli vermëttelt dat Ganzt eng besonnesch Energie.

De Sam Garbaraski huet laang no de richtegen Decorsë gesicht, sou de Produzent Thiltges. D’Iddi wier et gewiescht, op esou villen natierlechen an authentesche Plaze wéi méiglech ze dréinen. Ganz zefridden wier de Realisateur dann och mat der Auswiel vun den Acteure gewiescht - eng Trupp, déi trotz Ënnerscheeder matenee géif harmonéieren. De Moritz Bleibtreu kennt een aus Filmer wéi „Die dunkle Seite des Mondes“ oder „Lola rennt“. Fir hien ass et no „Vijay and I“  eng weider Kooperatioun mam Garbarski. Seng Kontrahentin am Film, an der Roll vum “Major Sahra Simon” ass déi wonnerbar Antje Traue, déi schonn a Filmer wéi „Woman in Gold“ oder „Man of steel“ matgespillt huet.

Auf Wiedersehen Deutschland”  soll Enn dës Joers op der Berlinale virgestallt ginn.