Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Boeckner - Lose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anke Stelling - Schäfchen im Trockenen

Leipziger Buchmesse 2019

Anke Stelling - Schäfchen im Trockenen

Wisou d'Anke Stelling fir hire Roman "Schäfchen im Trocknen" de Leipziger Buchpräis 2019 kritt huet, ass schwéier nozevollzéien, och de bewossten oder onbewosste Versuch engem Didier Eribon oder enger Annie Ernaux nozeäiferen ass hei absolut mësslongen. Trotzdeem huet de Roman säi Charme, deen awer weder an der literarescher Qualitéit, déi ass hei quasi inexistent, nach um Inhalt, deen iergendwéi net vun der Plaz kënnt, läit. Woura läit dann de Charme?

auto_stories

4 min

Resi, eng Schrëftstellerin a Mamm vu véier Kanner kuckt op hiert Liewen zeréck. Si probéiert hir Geschicht der eelster Duechter z'erzielen, déi awer net vill Interessi weist, dofir ass wuel de Lieser dozou verdaamt, hiert Gesouers iwwer sech ergoen ze loossen.

E Gesouers, dat am Ufank nach iergendwéi virwëtzeg mécht. D'Resi kënnt aus einfache Verhältnisser a wiisst awer an engem Ëmkrees vu Kanner aus de sougenannte gudden Haiser op. Eréischt elo am gewëssen Alter, d'Resi muss Ufank 40 sinn, gëtt si sech de sozialen Ënnerscheeder bewosst. Si gëtt sech där Ënnerscheeder virun allem bewosst, well si hir Wunneng gekënnegt kruten, en Appartement, dat der Resi an hirer Famill vun gemengte Frënn verlount ginn ass.

Déi eng hu Suen, déi aner net

Aus dëser prekärer Situatioun eraus erënnert sech d'Resi un d'Frëndschaft mat der Clique aus räichem Haus an dat mat ganz vill Verbatterung. "Ungleichheit teilt uns in die, die Privilegien haben und die, die sie nicht haben, und das ist für alle, die sich nach Gerechtigkeit sehnen, ein Problem.", seet d'Resi a fëmmt eng Zigarett op déi aner a wann d'Kanner aus dem Haus sinn, ësst si Béchseravioli an Zoppen aus der Tut.

"Ich bin eine Wandlerin zwischen zwei Welten, eine Mutter, die ihre Armut verbirgt. Sie in Mülleimer vergräbt und mit ein paar Tricks auf gutbürgerlich macht." Dat geléngt der Resi, well si gebilt ass, well si vill an hirem Liewe gelies huet, well si sech trotz allem ëmmer an de bessere Kreesser beweegt huet.

D'Resi freet sech, ob et net awer besser gewiescht wier den Ulf deemools ze bestueden, dee gudden Ulf, deem seng Mamm weder kachen nach bake konnt, well si der éischter Generatioun vun hirer Famill ugehéiert huet, déi sech keng Kächin leeschte konnt...also awer net esou räich?

Wisou krut dëst Buch de Präis?

An do ass dann de Knackpunkt, deen d'Fro opkomme léisst: wat huet de Jury vum Leipziger Buchpräis sech geduecht fir dësem Buch de grousse Präis ze ginn?

"'Schäfchen im Trockenen' ist ein scharfkantiger, harscher Roman, der wehtun will und wehtun muss, der protestiert gegen den beständigen Versuch des besänftigt Werdens, der etwas aufreißt in unserem sicher geglaubten Selbstverständnis und dadurch den Kopf frei macht zum hoffentlich klareren Denken.", sou d'Wiebke Porombka, Spriecheri vun der Jury.

Wou deet dëse Roman wéi? Duerch d'Ausso, datt déi eng méi Frick hu wéi anerer an datt dëse Fait net gerecht ass? Dofir brauch een awer net der Anke Stelling hire Roman ze liesen, virun allem net, well ee sech dauernd freet, wou ass dann déi grouss Aarmut vun der Resi hirer Famill? Dodran, datt d'Kanner een Tablett hunn a keng Weltrees kënne maachen a keng deier Markekleeder droen?

Eng enttäuschend Lektür

Jo, dach! Dëse Roman deet wéi, well en enger fuerchtbarer Sprooch geschriwwen ass, déi am Ufank säi Charme huet, mee spéitstens no 100 Säiten engem fatzeg op de Nerv geet, an dat scharfkantig und harsch sech just am Gesouers um héijen Niveau erëmspigelt. Well et geet just ëm de Frick an datt d'Resi ëmmer erëm betount, wéi frou si mat hirer Famill ass, wéi wonnerbar hir Kanner an hire Mann sinn, mécht d'Saach net besser, och dann net wa si mat Klischeeë spillt mat Aussoe wéi "Mit einem letzte Rest Unterpriviligierteninstinkts habe ich das getan, was unsereins am besten kann: mich vermehrt wie ein Karnickel."

Dësen Instinkt ass dann a Sätz ze liesen, déi de Sënn vun engem Dressingroom analyséieren, wat wierklech penibel ass, dann awer och charmant Momenter, wou d'Resi sech un d'Kandheet an d'Jugend erënnert an wéi däämlech et sech gefillt huet, wou et op ganz witzeg Aart a Weis déi iergendwéi ugebuere Priviligéierteninstinkter beschreift, wéi de selbstverständlechen Ëmgang mat Zerwéiten, déi riicht Kierperhaltung asw. Weider Klischeeën, déi awer och eng Grëtz Wourecht enthalen. An do wier et interessant gewiescht, wann d'Anke Stelling e bëssen an d'Déift gaange wier.

Op alle Fall, um Enn vum Roman gewënnt d'Resi mat hirem Buch, an deem si dës Geschicht erzielt, e grousse Literaturpräis, dee mat 15.000 Euro dotéiert ass, genee sou wéi de Leipziger Buchpräis. Wuel den eenzege richteg gelongene Clin d'oeil, well esou hunn béid d'Resi an d'Anke hier Schäfchen im Trocknen!