Radioen

On air

Notturno  |  Franco Battiato - La Musica E Stanca

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Aliens" a "Red Scare"

Televisioun

"Aliens" a "Red Scare"

All Episode vun "The Invaders" fänkt mam selwechte Prolog un. Den David Vincent gesäit Ausserierdescher, déi wéi Mënschen ausgesinn. De Spectateur gëtt direkt avertéiert, datt se vun engem Planéit kommen, dee stierft. An dofir wëllen se eis Äerd erueweren.

auto_stories

4 min

Den David Vincent leeft virun den Invaders fort.

Et geet ëm e Mann, deen d’Wourecht weess, mee hien ass eleng a kritt déi aner net derzou him ze gleewen. Hien ass en Eenzelgänger, deen derzou verdaamt ass ënnerwee ze sinn. E "Pariah", dee vun Episode zu Episode géint Wandmille kämpft. Den engleschen Adjektiv "Picaresque" beschreift am beschten dës Zort vun Anti-Held.

De Larry Cohen huet "The Invaders" ronderëm d’Angscht virun enger ausserierdescher Invasioun geschriwwen. All Episode vun "The Invaders" fänkt d'selwecht un. Den Architekt David Vincent ass nuets doudmidd ënnerwee. Hien entschléift bal a wéi hie sech op engem Feldwee verfuer huet, do gesäit hie, wéi en UFO lant. Den David Vincent huet d’Invaders gesinn

Déi Ausserierdesch gesi wéi normal Mënschen aus. Verschiddener hunn en Defaut, deen den David Vincent kennt. Si hunn e klenge Fanger, deen ze laang ass a wann een se ëmbréngt, léisen se sech an engem roude Luuchtstral op. Villméi gëtt een iwwert dës ausserierdesch Invasoren an hire Planéit net gewuer.

D’Iddi, datt d’Aliens hei ausgesi wéi Mënschen, war awer net nëmme pragmatesch. Mat deem klenge Budget konnt ee vill Suen beim Maquillage, Masken a Kostümer spueren. Dëst Doppelgänger-Bild fënnt een an e puer Klassiker vum Genre erëm. Virun allem dem Jack Finney säi Forsetzungsroman "Invasion of the Body Snatchers" aus dem Joer 1954 ass déi typesch Virlag, där hiren Afloss deelweis an "The Invaders" op der Televisioun vun de 1960er Joren ze spiere ass.

"Red Scare" an Hexejuegd

1956 huet den Don Siegel déi éischt Kinosdapatatioun vun "The Body Sntachers" erausbruecht. Grad am leschte Joer vum zweete sougenannte "Red Scare", der Angscht virun de Rouden, de Kommunisten. Infiltratioun, Subversioun, Invasioun an um Enn d'Zerstéierung vum "American Way of Life": dat war déi grouss Angscht, déi sech an Extremen ausdrécke sollt. E Beispill war déi sougenannten "Witch Hunt", d’Hexejuegd, ënnert dem Senateur Joseph McCarthy.

Vill Science-Fiction Filmer aus de 50er Joer hunn am Alien, am Ausserierdeschen, deen eis iwwerfält, eng Metapher fir d’Weltdominatioun vum Kommunismus gewisen. An der bedréckender Stëmmung vun den Hexejuegte waren d’Geschichten vun enger ausserierdescher Invasioun eng Allusioun op eng gefaarte kommunistesch Ënnerwanderung.

Et kann iwwerall a jidderee sinn

Fir zréck op "The Invaders" ze kommen: et fält op, mat wéi engem Eescht de Spectateur dës mat den Hoer erbäigezunne Geschicht virgespillt kritt. Den David Vincent ass op enger Missioun a wann hien als Eenzelgänger optrëtt ass dat keng Exzentrik oder Paranoia. De Mann huet einfach Recht, mee et gleeft keen him. Wann een d’Serie haut kuckt kann een net anescht wéi drun ze denken dass och hei eng ënnerschwelleg Angscht virum Kommunismus matspillt.

Deemools si Radio-Reklammë fir d’Serie gelaf, wou gefrot gouf: Wien sinn d’Invaders? Als Äntwert koum : "E Passagéier, dee Moies am Bus nieft iech sëtzt, kéint ee vun hinne sinn. De Bréifdréier oder den Zänndokter." Kuerz gesot: Et kann iwwerall a jidderee sinn.

D’Manéier wéi d’Invaders duergestallt ginn, wierkt haut villäicht e bësse simpel. D’Serie hat deemools net vill Budget fir Dekoren oder vill Effekter a Kostümer. Dëse Manktem ass dann duerch d’Stëmmung ersat ginn. Eng Atmosphäre vu Mësstrauen an där ee kengem traue konnt. 43 Episode laang, matzen am kale Krich gouf den US-Amerikaner um klengen Ecran d’Angscht vun der Iwwerfriemung gepriedegt. Mee zwee Joer waren eng ze laang Zäit fir Dréibicher, déi mat der Zäit net besser goufen. Déi leschten Episode war eng Enttäuschung. Net wierklech e Schluss a net wierklech e Coup de théatre.

"X-Files" mat Aspekter aus "The Invaders"

Den David Vincent aus den Invaders ass deemools vum Roy Thinnes gespillt ginn. En Acteur, un deen ee sech haut virun allem wéinst där enger Roll erënnert. 30 Joer drop war hien an enger Nieweroll an zwou Episode vun den "X-Files" ze gesinn. Wéi just d’Ironie et méiglech mécht, huet hien en Ausserierdesche gespillt.

202 Epsiode vun "X-Files" si vun 1993 un mat engem enorme Succès bal 10 Joer gelaf. Iwwert d'Halschent vun deene Episoden waren UFO-Geschichten an deenen een Aspekter vun den Invaders aus de 1960er Joren, wéi Konspiratioun oder Invasioun ërem fënnt.

Et ginn ëmmer erëm Rumeuren, dass d’Equipe vun "The Invaders" nees zesumme soll kommen. "The Invaders" ass awer eng vun deene Serien, déi wa se am falschen Ament fir de Kino adaptéiert ginn, d’Nostalgiewell verpasse kënnen an zu engem Flop ginn.

Datt "The Invaders" Kultstatus erreeche konnt, ass manner wéinst den dach ganz simpelen Intrigen déi sech entwéckelt hunn. Mee villméi wéinst dem Stil vun deem ganzen. Et mierkt een, dass alles an enger Zäit gemaach gouf, wéi déi faarweg Televisioun och richteg faarweg sollt sinn. Dat ass sécher een Erëmerkennungswäert bei "The Invaders", déi bis zum Schluss mat hire subversive Machinatioune weidergemaach hunn.