Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Avis aux cinéphiles!

Filmfestival 2016

Avis aux cinéphiles!

Eelef Deeg, 18.000 Spectateuren, 130 Seancen, eng 70 Filmer – et ass rëm Filmfestival zu Lëtzebuerg an dat vum 25. Februar bis de 6. Mäerz. An der internationaler Kompetitioun sinn zéng Filmer, bei den Documentaire sinn et der aacht. An och Lëtzebuerger (Co)produktioune sinn dobäi.

Yves Stephany / ct

auto_stories

5 min

Alexis Juncosa: "Et si Filmer vu grousser Qualitéit"

D'Kinosamateuren zu a ronderëm Lëtzebuerg stinn a de Startbléck a net nëmme si: de Lëtzebuerger Filmfestival, dat heescht all Joer, vill Planung an Organisatioun an de Kulissen. De Programmkoordinateur Alexis Juncosa ass zefridde mat deem wat dëst Joer iwwer de groussen Ecran leeft, an och deem wat niewendrun lass ass. 

Frou ass hien, zum Beispill, datt dëst Joer vill Lëtzebuerger (Co)-Produktiounen dobäi sinn. "Et si Filmer vu grousser Qualitéit, wat ëmsou méi erfreelech ass, well dëst Joer och erëm de Filmpräis vergi gëtt", sou den Alexis Juncosa. 

Dräi Filmer vu Lëtzebuerg sinn an der internationaler Kompetitioun:

  • Eldorado vum Rui Abreu, Loïc Tanson an Thierry Besseling iwwer d'portugisesch Migratioun zu Lëtzebuerg
  • La Supplication vum Pol Cruchten. Den Documentaire baséiert um Buch vun der Svetlana Alexievitch. 2015 krut d'Schrëftstellerin den Nobelpräis fir dëst Wierk, si ass och Invitée vum Festival
  • Sunset Song, ee Fiktiounsfilm vum Terence Davies, dee vun Iris coproduzéiert gouf.De britesche Cineast Terenence Davies ass och selwer Invité um Festival. 

Wan Xiaoshuai, President vum Jury 

Dobäi kënnt, datt nach ni sou vill Invitéen zougesot haten, fir op engem Lëtzebuerger Filmfestival dobäi ze sinn, ënnersträicht den Alexis Juncosa. Ganz houfreg ass een iwwer d'Präsenz vum chinesesche Realisateur Wan Xiaoshuai, deen d'Presidence vum Jury huet. De Cineast an Zeenarist ass mat senge sëlleche Präisser, déi hien op diverse Festivalen, a fir ënnerschiddlech Filmer, gesammelt huet, alles anescht wéi en Onbekannten an der Welt vum Kino.

Bei ville Projektioune vum Festival gëtt et nom Film d'Méiglechkeet de Cineaste Froen ze stellen. Och de Volet "Jeune Public" ass gutt encadréiert. "Just well Kanner dräi Joer hunn, sollen si net op d'Recht verzichten, fir de Realisateur oder d'Acteuren ze begéinen, déi hinnen erklären, wéi een ee Film mécht", seet den Alexis Juncosa.

Skandinavien an Südamerika gutt representéiert

Et wier den Organisateuren och wichteg, ee méiglechst breede Spektrum vun deem ze weisen, wat an der Welt vum Kino geschitt. Wéi all Joer ginn, och ouni de fréieren Titel "Discovery Zone", Filmer aus aller Welt gewisen. "Do ginn et ëmmer gewëss Tendenzen", erkläert den Alexis Juncosa. "Dëst Joer ass de skandinavesche Film a Südamerika gutt representéiert." Dat géif sech och op anere Festivaller weisen: et kéint een eng generell Baisse vum asiatesche Kino an eng Hausse vum südamerikanesche Kino observéieren, sou de Juncosa. 

Nodeems d'Programmatioun déi lescht Joere vu verschiddene Leit als ze däischter bezeechent gouf, däerf ee sech bei der Editioun 2016 souguer op eng Komedie freeë – wann och eng schwaarz Komedie: "Applesauce" vum Onur Turkel. Och bei grousse Festivallen, wéi Cannes oder Berlin, géife wéineg Filmer fir ze laache gewisen, seet dozou den Alexis Juncosa. "D'Epoque ass net wierklech ganz witzeg", seet den Alexis Juncosa. "An de Kino ass e Reflet vun der Realitéit."

Virtuell Realitéit bei der Gëlle Fra

Den neie Festivalzentrum ass an engem Spiggelzelt bei der Gëlle Fra. Hei soll Loscht op de Kino vu muer gemaach ginn: Mat virtueller Realitéit an 360-Grad-Filmer. "Et ass bësse wéi am Ufank vum Kino. Déi ganz Grammaire muss erfonnt ginn. An d'Qualitéit vun dëse Geräter ass erstaunlech," seet den Alexis Juncosa.

De Budget vum Filmfestival beleeft sech op 850.000 Euro. Och wann de Festival mat jeeweils 250.000 Euro vum Kulturministère an der Stad Lëtzebuerg ënnerstëtzt gëtt, ass ee fir wäit iwwert een Drëttel vum Budget vu Sponsoren ofhängeg. Den Alexis Juncosa beméit hei de Verglach mam Vëlo: "Wann een net ophält mat pedalléieren, da fält een". De Festival entwéckelt sech ëmmer weider, dowéinst ass et eng vun de wichtegsten Erausfuerderungen u seng Organisateuren, fir déi néideg (dat heescht: ëmmer méi) finanziell Mëttelen opzedreiwen. 

Privat Gelder als "néidege Risiko"

"D'Leit froen eis dacks wat mir de Rescht vum Joer maachen, wa kee Filmfestival ass. Majo, mir sichen ënner anerem no Sponsoren a maache Lobbyaarbecht bei de Produktiounsfirmen, a Kontakter knäppen op aner Filmfestivallen. An et muss weider goen, de Festival muss wuessen", sou den Alexis Juncosa.

A fir ze wuesse bréicht de Festival méi Ënnerstëtzung aus dem Privatsecteur – dat wier e néidege Risiko, wann een "op enger anerer Plaz" net méi Ënnerstëtzung géif kréien. Den Alexis Juncos präziséiert awer och, datt d'Invitée net bezuelt gi fir ze kommen, et misst een awer fir hir Fligerbilljeeën opkommen, an dat wier net ëmmer evident.

Déi ganz Programmatioun, Kalenner, etc. fannt Dir um Site vum Festival.