Radioen

On air

De Moien  |  Anna St. Louis - Phone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aisha Franz - Work-Life-Balance: Frëschen Ëmgank mat engem alen Theema

Graphic Novel

Aisha Franz - Work-Life-Balance: Frëschen Ëmgank mat engem alen Theema

A hirer neier Graphic Novel Work-Life-Balance setzt sech déi däitsch Zeechnerin Aisha Franz op witzeg a bësseg Aart a Weis mat der moderner Aarbechtswelt auserneen. Hir dräi Heldinnen - jonk, urban, kreativ Mënschen - hunn all Problemer fir hiert Aarbechtsliewe vun hirem Privatliewen ze trennen a mussen dowéinst an d'Therapie. Do ginn hir Problemer awer nach laang net geléist.

auto_stories

4 min

D'Aisha Franz gehéiert mëttlerweil zu den etabléierte Stëmme vum däitschen Indie-Comic. An hirer véierter Graphic Novel, "Work-Life-Balance" déi grad am Reprodukt Verlag erauskomm ass, setzt sech d'Zeechnerin mat der moderner Aarbechtswelt auserneen an de Problemer, fir d'Aarbechtsliewe mam Privatliewen ze verbanne respektiv dovun ze trennen.

De Comic spillt an enger Stad, där hiren Numm net genannt gëtt, an engem Milieu vu jonken, sougenannte kreative Mënschen, déi um Ufank vun hirer Karriär stinn an eppes erreeche wëllen, dobäi awer séier op Hindernisser stoussen.

Jonk, hip, urban

D'Anita huet Konscht studéiert, mécht awer amplaz vu Skulpture just Keramikbecheren a Vasen, wärend d'Kolleegin, mat där et sech den Atelier deelt, seng éischt Ausstellung an enger hipper Galerie virbereet. Aus Frust zerstéiert d'Anita ee vun de Wierker vu senger Frëndin, wärend dat grad an enger Residenz ass. D'Sandra schafft an engem Start-up mat Sushi-Buffet, Bean Bags a flaachen Hierarchien, muss awer wéinst der sexueller Belästegung vun engem Mataarbechter e Congé sans solde huelen.

De Rex schliisslech ass e Freelance-Software-Entwéckler, dee fir eng Firma eng Therapie-App programméiere sollt, dann awer feststelle muss, datt d'Firma seng Iddi geklaut huet an ouni hien un der App schafft. Hie muss sech als Vëloscourrier duerchschloen, wärend e gläichzäiteg iwwerleet, wéi e sech un der Firma räche kann.

D'Geschichte vun dësen dräi Haaptfigure sinn haaptsächlech theematesch verbonnen a gi parallel erzielt. Allerdéngs geet et ee Punkt, wou se sech iwwerschneiden, ouni datt sech d'Figuren direkt begéinen. Déi dräi ginn nämlech all bei déi selwecht Therapeutin, d'Doktor Sharif, am Fong déi véiert Protagonistin vu Work-Life-Balance.

De Rex geet zwar just virtuell bei d'Therapeutin an notzt d'App, déi e selwer hätt entwéckele sollen, fir sech mat hir ze ënnerhalen. E mengt, datt e keng Therapie brauch a just op där Plattform ass, fir se auszespionéieren an erauszefannen, wéi en der Firma hanner der App eng auswësche kann. Mee am Endeffekt erliewe mer och hien ëmmer erëm an de Gespréichssituatioune mat der Doktesch, déi déi verschidden Erzielsträng zesummenhalen. Et ass eng formal Verknëppung vun den dräi Geschichten, mee natierlech och eng theematesch, doduerch, datt all d'Aarbechtsverhältnisser am Comic eppes Pathologesches, eppes therapiewürdeges un sech hunn.

D'Theema vum Buch ass net nei

Allgemeng huet Work-Life-Balance eng satiresch Approche zu sengem Thema, déi, wann et ëm d'Therapie geet, scho bal zynesch ass. D'Therapeutin ass eng eenzeg Witzfigur, déi net wierklech nolauschtert, Chipsen ësst wärend de Rendezvousen, ëmmer déi selwecht Froe stellt an, wéi si se nennt selwer nennt, déi selwecht "Ritualer" proposéiert. Datt Therapie eng Léisung ass, eppes, wat dobäi hëllefe kéint, Privat- an Aarbechtsliewe besser an der Balance ze halen, gëtt am Comic staark bezweifelt.

Et kann een d'Aisha Franz awer och esou verstoen, datt d'Tatsaach, datt d'Leit wéinst hirem Aarbechtsliewen an d'Therapie ginn, en Deel vum Problem ass an dofir eben och Zil vu satiresch Attacken. D'Therapie ass just eng Moossnam, fir sech besser ze fillen, an ännert näischt un de Aarbechtskonditiounen u sech.

D'Aarbechtsplazen am Comic, speziell de Start-up, gi sech allgemeng Méi, locker ze wierken an eng agreabel Atmosphär ze erschafen, wou engem d'Aarbecht net méi wéi Aarbecht virkënnt. An d'Protagonisten hu vläicht grad dowéinst Problemer, kloer Grenzen ze zéien, ze realiséieren, datt ënner der frëndlecher Surface nach ëmmer Ustrengung, Leeschtungsdrock, Kompetitioun an Ausbeutung stiechen. Dat ass d'Diagnos vun der Graphic Novel, wann ee sou wëll, déi natierlech keng ganz nei ass.

De rotzege Stil gëtt der Satir den néidege Bëss

De Humor vum Aisha Franz an net zulescht och hir Zeechnunge kënnen deem Manktem un Originalitéit allerdéngs entgéintwierken. D'Zeechnerin huet en onverwiesselbare Stil, mat minimalisteschen, bal naive Biller, oft einfache Kreesser a Linnen, mat deenen et trotzdeem vill ausdrécken an eis seng Protagonistinne méi no brénge kann. Och d'Koloratioun ass mat relativ simpele Mëttele gemaach - et gëtt haaptsächlech Orange, Mof, Donkelgréng an Hellblo - a packt et trotzdeem der Graphic Novel e ganz eegene Look ze ginn. Et ass insgesamt, wéi een dat bei engem Indie-Comic erwaart, e frechen, e rotzege Stil, deen der Satir den néidege Bëss gëtt.

Wat dem Aisha Franz iwwer déi verschidden Erzielsträng a Figure sécherlech gutt geléngt, ass et, ganz vill Facette vu modernen Aarbechtsverhältnisser, zumindest déi vun der urbaner Mëttelschicht, ze versammelen. Work-Life-Balance bitt eng Zort Panorama vun de Problemer, déi d'Gesellschaft aktuell zu dësem Thema beschäftegen, och wann d'Buch selwer net wierklech eppes Neits dozou bäizedroen huet. Mee dofir huet d'Graphic Novel duerch hiren Zeechestil ëmmerhin e frëschen a witzegen Ëmgang mat hirem Sujet.