Radioen

On air

De Moien  |  Kante - Zombi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Äddi, Esch2022

Europäesch Kulturhaaptstad

Äddi, Esch2022

De Programm vun Esch2022 ass offiziell op en Enn komm: An der Rockhal um Belval ass en Donneschdeg den Owend den Ofschloss vum Projet vun Esch als Europäesch Kulturhaaptstad gefeiert ginn.

auto_stories

4 min

Ee Videomessage vun der Grande-Duchesse huet den Owend ageleet. Si mengt, datt de "Remix" - een Haaptstéchwuert vum Escher Kulturjoer - keen eidelt Wuert, mee eng Philosophie wier. Esch2022 hätt alles remixt.

Laang Diskussiounsronn iwwer all Projeten

No dem Message vun der Grande-Duchesse gouf et eng éischt Kéier méi lieweg: Op der Bün gouf gedanzt, ee Gittarist huet ee Solo gespillt iwwer een Technotrack vun 120 BPM.

Dräi Stonne laang gouf dono an enger laanger Diskussiounsronn de Bilan vum Escher Kulturjoer duerchgeboxt. All d'Projete goufen nach ee Mol ernimmt, jiddereen hat zwou Minutten dofir Zäit.

An 12 Diskussiunsronne wéi dëser gouf de Bilan mat de 19 involvéierte Gemenge gemaach. Foto: Cyrille Hill

Méi spéit um 21h00 Auer ass et da richteg lass gaangen: nom méi formellen Deel vum Owend koumen eng grouss Performance a vill Concerte bis an d'Nuecht eran.

Ee gegléckten Ofschloss fir d'Escher Kulturjoer, mengt d'Generaldirektesch vun Esch2022 Nancy Braun:

"Wann een deen Owend de ganze Rewind-Deel, dee mir et jo genannt hunn, dee ganze Recap, wann een dat dann elo nach eng Kéier virun Ae gefouert kritt an all déi Temoignagen, da soen ech einfach: "Wow". Wat ass awer wierklech hei alles an deene Méint an där Regioun passéiert an opgebaut ginn."

160 Projetspartner an 2.400 Eventer

Den Diskussiounsdeel wier villäicht ze laang gewiescht, mee dat géif weisen, wéi vill an de leschten zéng Méint geschitt wier, esou d'Nany Braun.

De Bilan: mat 160 Projetspartner goufen et zanter Februar, an 2.400 Eventer. 11 Lëtzebuerger Gemengen aus dem Minett an den aacht franséische Gemengen aus de Grenzregioun ware bedeelegt.

International huet Lëtzebuerg och mat de béiden aneren Kulturhaaptstied zesummegeschafft, nämlech Kaunas a Litauen an Novi Sad a Serbien. 30 Prozent vum Programm vun Esch2022 ass an Zesummenaarbecht mat deene Stied entstanen.

Si vill Projeten un de Leit laanscht gezunn?

Eng Kritik, déi d'Kulturjoer hei zu Lëtzebuerg begleet huet war, datt Projete grad un deenen nooste Leit an de Gemengen laanscht gezu wieren.

D'Nancy Braun versteet d'Kritik a fënnt awer:

"Wann een elo den Owend kuckt wat alles initiéiert ginn ass, a wou ech héiere wéi vill Leit dobäi waren, wéi d'Leit ugeschwat gi sinn, mengen ech, fir do wou et net ukomm ass, ech mengen datt déi Leit et och net wollten dobäi si well si dat einfach net interesséiert huet, an dat ass ok."

Datt et awer net u jidderengem laanscht gezunn ass, weist sech un der Rockhal, déi am Laf vum Owend ëmmer méi voll ginn ass.

De Sall huet sech am Laf vun der Ofschlossfeier ëmmer méi gefëllt. Foto: Cyrille Hill

Sam Tanson: Elo muss de Bilan gezu ginn

Déi gréng Kulturministesch Sam Tanson, déi gëschter och op der Ofschlosszeremonie vun Esch2022 war, mengt awer, datt et elo nach ze fréi wär fir ze soen, ob Lëtzebuerg sech nach eng Kéier als Kulturhaaptstad bewerbe sollt.

Et misst een elo mol e Bilan zéien a sech iwwerleeën, ob ee vill Ressource wéilt nach eng Kéier an eng Kulturhaaptstad stiechen, oder anescht an d'Kulturzeen investéieren:

"[...] et muss een ofweien wat do méi bréngt fir d'Zeen déi sech zanter der éischter Kulturhaaptstad 1995 extrem developpéiert huet. Do muss ee kucken, ob et elo nach eng Plus-Value hätt zu Lëtzebuerg eng Kulturhaaptstad ze maachen an sou engem Zeitrahmen, oder ass et villäicht besser et waart een."

Kritik och vu Richtung22

Wéi gewinnt ass och beim Ofschloss vun Esch2022 vum lëtzebuergesche Kënschtlerkollektiv Richtung22 net mat Kritik gespuert ginn. Et hätt een am Verglach zu de béide Kéiere wou d'Stad Kulturhaaptstad wär, et net gepackt, d'Kulturpolitik weider ze entwéckelen.

Ausserdeem werfe si der Gemeng Esch finanziell Intransparenz vir. Suen, déi am Fong u Kënschtler sollte goen, ginn a Sanéierunge gestach, esou de Reproche.

Fazit ass: Esch 2022 koum op een Enn. Ob dat elo gutt oder schlecht ass, hänkt ëmmer nach staark of, wien ee freet.