Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Kult vun der Provokatioun

Doudesdag Gainsbourg

De Kult vun der Provokatioun

Hie war eng Revelatioun fir di eng. Di aner huet hien éischter ofgestouss. Ob alle Fall konnt ee bal net keng Meenung iwwert hien hunn: de Serge Gainsbourg – deen um Enn vu sengem Liewen als "Gainsbarre" bekannt war - verlottert, onraséiert, seelen niichter. Wat bleift vun dësem kontroverse Mënsch 25 Joer no sengem Doud?

Nathalie Bender / ckl

auto_stories

7 min

Gainsbourg: Vum Provokateur bis bei de verlotterte Chansonnier (©Claude Truong Ngoc)

Fir een Enn de 70er-Joere gebuerenen, dee sech net wierklech mam Artist auserneegesat huet, bleift dëst: De Gainsbourg war en onméigleche Mënsch. En komesche Vull. Deen deen d'Lidd Je t'aime ....moi non plus gemaach huet. An deen dem France Gall säin Poupée de cire poupée de son geschriwwen hat, mat deem die jonk Chansonnière dunn 1965 d'Eurovisioun fir Lëtzebuerg gewonnen huet. Deen mam Brigitte Bardot an Jane Birkin liéiert war. An deem seng Musek mech ni wierklech positiv erreecht huet.

Dat klengt lo béis. Well de Serge Gainsbourg war fir vill e Fixstär um franséische Musekhimmel. Ee Genie. Een wéi sou séier kee méi zeréckkënnt. Een deen een eigentlech net kann op seng Aktivitéiten als Museker reduzéieren.

De Lucien Ginsburg, Fils vu jiddeschstämmegen Elteren, war auteur-compositeur-interprète, huet Piano gespillt, war Moler, Scénarist, Metteur en scène, Schrëftsteller, Acteur a Cinéast. An huet virun allem eent gär gemaach: provozéiert.

Skandal mat Je t'aime moi non plus

Provokatioun war wuel och de Schlëssel vum Gainsbourg sengem Succès, op mannst am Réckbléck. Nodeems hie mat der Brigitte Bardot de bis haut bekannten Tube Je t'aime moi non plus opgeholl hat an dat Stéck – wat een um musikalesche Plang sécher net muss fir e Meeschterwierk halen – nëmmen eemol an der Mëttesstonn Enn 1967 op der franséischer Privatchaîne Europe 1 diffuséiert gi war, ass de Skandal fäerdeg: der Bardot hiren deemolege Mann Gunther Sachs kritt eppes u sech an dréit mat rechtleche Suitten. Je t'aime moi non plus gëtt no dëser éischter Kéier net méi diffuséiert, d'Affaire Bardot - Gainsbourg as giess, an de Gainsbourg frustréiert well säi Lidd zenséiert as.

Allerdéngs zéckt de Gainsbourg keng Sekonn fir dat nämmlecht Stéck Je t'aime moi non plus zwee Joer mie spéit 1969 mat senger nächster Flam, der deemools 20 Joer jonker englescher Actrice Jane Birkin, nei opzehuelen, an zack ass nees Skandal ugesot. Um Disc, deen am Februar 1969 publizéiert gëtt, steet drop datt e verbueden ass fir Jonker, déi manner wie 21 Joer al sinn, a Philips schreift nët Philips als Label drop, mais Fontana.

"Éléphants en train de s'accoupler"

Datt déi weiblech Stëmm déi hei zesumme mam Gainsbourg gutt 4 Minutte keimt an eendeiteg besengt – wat eigentlech déi normaalst an intiimst Saach ass – der nach net volljäreger Birkin hier ass, léisst d'Faass iwwerlafen. Eng ganz Rei Radiosendere refuséieren dem Gainsbourg säi Steck ze spillen, an der Press steet geschriwwen: "En l'espace de trois ou quatre minutes, Gainsbourg et Jane Birkin émettent autant de soupirs, de plaintes et de grognements qu'un troupeau d'éléphants en train de s'accoupler".

Dës skandaléis Plack gëtt natierlech wie geckeg verkaf – t'ass ëmmerhin am Joer 1969 – erënnere mer un de Woodstock-Festival an déi grouss Well vum 1967er Summer of love. Fräi Léift ass d'Liewensgefill, an endlech dréckt och a Frankräich een dat sou kloer an onmëssverständlech aus.

Natierlech kann a sollt een de Gainsbourg lo net op deen ee Skandal festneelen. Éischtens huet hien där wäitaus méi fäerdeg bruecht – wéi zum Beispill d'Verbrenne vun engem 500 Franc-Billjet op der Tëlee – a säi Liewenswierk ass bedeitend méi grouss wie nëmmen dat dote Lidd.

Vun der Molerei bei d'Musek

U sech wollt de Gainsbourg Moler ginn, säi Papp hat hien op de Goût bruecht. De jonke Mann schreift sech an der Ecole nationale des Beaux-Arts zu Paräis an, a bestit sech 1951, mat 23 Joer, mat enger russescher Aristokratin déi de Surrealisten nosteet. D'Koppel wunnt an der Scholae cantorum, wou een ale Piano steet, deen hien da restauréiert, an sech sou méi a méi vun der Molerei zur Musik dréit. Bis dohin huet hie säi Brout mat Zeechecours'en, Surveillance an klengen Aarbechte verdéngt.

Hien decidéiert als Pianist am Cabaret ze schaffen an ass begeeschtert vum Boris Vian. Oder villméi vun deem sengen Texter: provokant, zynesch, witzeg. De Gainsbourg begleed am Cabaret d'Michèle Arnaud, a wann si 1957 zesumme mam Direkter vum Cabaret Francis Claude bei de Gainsbourg heemkommem, fir seng Toilen ze kucken, entdecke sie seng Kompositiounen. Den Dag drop stellt de Francis Claude de Gainsbourg am Cabaret op d'Bühn, an dee stierft vun Opreegung, interpretéiert awer aus sengem eegene Repertoire, zum Beispill Le poinconneur des lilas, a gëtt op de Radio invitéiert. No an no gesäit de Gainsbourg eng Méiglechkeet an der Musék Fouss ze faassen, am November 1958 bréngt hien säin éischten Disk eraus - Du chant à la une! - wat keen enorme Succès gëtt.

Rock around the bunker a Reggae-Marseillaise

Ma de Gainsbourg schreift awer och fir anerer: Juliette Gréco, Petula Clark, Françoise Hardy a France Gall. Zemools de Succès vum Gainsbourg sengem Titel "Poupée de cire, poupée de son", dem Gewënnertitel bei der Eurovisioun 1965 fir Lëtzebuerg, mécht dem Gainsbourg de Wee op zu engem méi breede Publikum. Vun do ass et nëet méi wäit bis bei déi faméis Skandalnummer Je t'aime moi non plus vun 1967 - d'Jane Birkin begéint de Gainsbourg um Tournage vum Film Slogan, wou déi zwee d'Haaptroll hunn an d'Musik vum Gainsbourg geschriwwen ass.

De Gainsbourg kultivéiert no an no säi Goût vun der Provokatioun, hie produzéiert an den 1970er véier Disken. 1975 kënnt "Rock around the bunker" eraus: de Gainsbourg provozéiert mat nationalsozialisteschen Themen an Titele wie Nazi rock, SS si bon oder Tata Teutonne. Een ähnleche Schock gëtt et, wou de Gainsbourg seng Reggae-Marseillaise erausbréngt.

Image vum verlotterte Chansonnier

Op d'Géigestëmmen vun der Presse reagéiert de Gainsbourg motzeg, hie fillt sech falsch verstanen, an fänkt un d'Bild vum schlecht raséierten, dacks alkoholiséierten a spéider als Gainsbarre bekannten Personnage ze kultivéieren. 1980 huet d'Jane Birkin es dann och genuch vum Gainsbarre, sie geet hirer Wee, a mam fréiere Gainsbourg geet et kontinuéierlech d'Baach erof.

De Gainsbourg gëtt op d'Tëleevisiounsplateauen invitéiert – net wéinst sengen artisteschen Exploiten, mais wéinst senger mëttlerweil aarmséileger Perséinlechkeet: e gebrachene Mann, deen den Image vum verlotterte Chansonnier bis un d'Limite gedriwwen huet.

Schued dass de Gainsbourg sech selwer sou futti gemaach huet, an och d'Zeeche vu sengem Kierper mëssuecht a souguer bewosst ennerdréckt huet: no sengem éischten Häerzinfarkt 1973 huet hien sech virgeholl "le mal par le mal" ze bekämpfen – a monter weider gefëmmt an ëmmer méi gedronk. Eigentlech ass et een tragesche Personnage, deen den 2. Mäerz 1991 un de Suite vu sengem 5. Häerzinfarkt gestuerwen ass. A vun deem eng komesch Geschicht bleift.