Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 24 Wochen, e Film iwwer d'Ofdreiwung

Groussen Ecran

24 Wochen, e Film iwwer d'Ofdreiwung

An der jonker Regisseurin Anne Zohra Berrached hirem Film "24 Wochen" - dëst Joer deen eenzegen däitsche Film deen an der Competitioun vun der Berlinale - geet et ëm e schwierege Sujet: Eng spéit Ofdreiwung, well de Fötus schwéier medezinesch Problemer huet.

auto_stories

3 min

24 Wochen. Foto: Cineuropa

D’Astrid ass am sechste Mount schwanger. Si gëtt gewuer, datt de Fötus Trisomie a schwéier Häerzproblemer huet. D’Koppel muss eng schwéier Decisioun huelen. Soll ofgedriwwe ginn oder net?

Dëst Thema ass der Realisatrice Anne Zohra Berrached immens no, si huet selwer ee Kand virum drëtte Mount ofgedriwwen. Een Zeitungsartikel huet si fir de Film "24 Wochen" inspiréiert. An deem stoung, datt an Däitschland méi wéi nonzeg Prozent vun de Fraen, deenen hiert ongebuerent Kand mat Trisomie diagnostizéiert gëtt, nom drëtte Mount ofdreiwen. An Däitschland ass et erlaabt ee Kand esou spéit Mount ofzedreiwen, wann eng schwéier Behënnerung entdeckt gëtt an d’Mamm sech d'Liewe mat dem Bëbee net zoutraut.

Ofdreiwung, en Tabu-Thema

Den technesche Fortschrëtt an déi fréi Diagnostik vu physesch a geeschtleche Krankheete bedeit, datt ëmmer méi Leit mussen Decisiounen huelen, fir déi et keng moralesch Richtlinne gëtt. Dës dréinen sech ëm d'Liewensrecht vum Fötus. Der Berrached hire Film ënnersicht een Extremfall, an deem de de Fötus 24 Wochen huet a schonn ongeféier 700 Gramm weit. De Long-Métrage ass immens informativ an dokumentéiert den Dilemma virun deem d’Astrid steet. Et kritt ee villes ze héieren an ze gesinn, wat ee villäicht net wësse wollt. Mee grad dorëms geet et. D’Ofdreiwe vun engem behënnerte Kand ass een Thema, dat an der Gesellschaft net richteg ugeschwat gëtt. "24 Wochen" geet dës Problematik op eng couragéiert Manéier un.

E Film, deen ënnert d'Haut geet

Déi zwee Haaptschauspiller vermëttelen dem Publikum d’Tragik vun der Situatioun a spillen d’Personnagen emotionell, intelligent a mat vill Léift. Wat de Film gelonge presentéiert ass, wéi engem seng Matmënschen eng privat an intim Entscheedung ewéi Ofdreiwung beuerteelen. "24 Wochen" jugéiert net de Personnagen hiert Verhalen. D’Anne Zohra Berrached argumentéiert weder fir nach géint d'Ofdreiwung.

Wéi eng Hiewan am Film zu der Astrid seet

"Esou eng Entscheedung kann een nëmmen treffen, wann ee se treffe muss."

A "24 Wochen" vermësche sech Realitéit a Fiktioun. All medezinescht Personal, dat een am Film gesäit, ass och am wierkleche Liewen an dësem Domaine beschäftegt. Fir de staarke Bond tëscht Mamm a Kand z’ënnersträichen, gouf spektakuläert Filmmaterial vun engem ongebuerene Kand am Leif vun der Mamm integréiert. Déi onheemlech Intensitéit gëtt duerch intim Close-ups verstäerkt. Formell gesi bleift "24 Wochen" awer relativ ordinär. Et ass een immens recherchéierte Film, deen ënnert d’Haut geet an iwwert dee sécher vill diskutéiert wäert ginn.