Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 19 10 PM

Fotografie

19 10 PM

2019 huet de Lëtzebuerger Fotograf Philippe Matsas 32 Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren portraitéiert - an hirem gewinnten Schreifëmfeld. Gläichzäiteg huet den Nationalen Literaturarchiv dës Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller gefrot, eng Zort literarescht Tagebuch wärend dem Mount Oktober 2019 ze schreiwen. Dobäi koum d'Buch "19 10 PM" eraus.

auto_stories

3 min

Gespréicher iwwer de Fussball a Miseler Wäin, d'Teste vun neie Fäegkeeten wéi Hellsehen, Gedanken iwwer dem Patrick Modiano seng "Encre sympathique", Niewewierkunge vu Medikamenter, déi berüümten Taass Kaffi, an natierlech ëmmer an ëmmer erëm d'Ausenanersetzung mam eegene Schreiwen.

Et gëtt ee gewuer, wéi dem Francis Kirps säi Wierk "Die Mutationen" entstanen ass, dat elo mam europäesche Literatur- a mam Servais-Präis ausgezeechent gouf, déi eng schreiwen an Telegramm-Form, anerer erläutere ganz exegetesch, firwat hiren Agenda net komplett ass.

Vum B wéi Jean Back bis W wéi Nora Wagener - den Oktober 2019 - stoung am Zeechen vum Compte rendu vun hirem Schafen an hirem Alldag. An dës Zort Tagebuch ass am "PM 19 10" ze liesen.

Keen onbekannten Numm

A grad esou wéi d'Texter erlaben dem Phlippe Matsas seng Fotoe vun den Autorinnen an Auteuren an deenen hirem Schreifëmfeld e ganz intimistesche Bléck op déi, déi sech hanner präisgekréinte Bicher verstoppen.

A Frankräich gëtt et wuel kee bekannte Kënschtler, deem den Numm Philippe Matsas dierft friem sinn. Dem Lëtzebuerger Fotograf seng Portraite sinn op den Titelsäite vu groussen europäeschen Zäitschrëften a Bicherverläg. Michel Houellebecq, Siri Hustvedt, Iggy Pop, Luis Sepulveda, Nancy Huston, an Honnerten anerer huet de Philippe Matsas mat sengem Fotoapparat agefaangen. Elo waren et 32 Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren, fir déi hien op Lëtzebuerg, op Wien, op New York gereest ass.

Eng ganz perséinlech Erfarung

E Mënsch ze fotograféiere wär e ganz perséinlecht Zesummekommen, dat vill Sensibilitéit erfuerdert. Et misst ee sech als Fotograf zerécksetzen an de Sujet no vir bréngen. Et misst een e Lien opbauen, an et dierft ee keng Virurteeler hunn, huet de Philippe Matsas an engem 100,7-Interview erkläert.

Et ass genee dës Sensibilitéit déi engem op all Säit, a mat all Bild entgéintkënnt, e schwaarz-wäisse Portrait, e Bléck an de Raum, op d'Plaz, wou geschriwwe gëtt, eng weider Foto - eng Momentopnam vum Auteur - sief et an der Kichen, am Subway, an enger Wiss, op der Strooss.

Sensibilitéit, well d'Fotoen immens authentesch wierken, well se eng Intimitéit verroden ouni voyeuristesch ze wierken, well se dat weisen, wat eis ugeet a just déi Dimensioun zum Virschäin kënnt, ëm déi et geet: ëm Konscht.

D'Zesummespill vum statesche Portrait, dem perséinlechen Text erginn e Gesamtbild, erlaben eng ganz sënnlech an detailverléifte Perceptioun vun den eenzele Protagonisten an an engems vun der Lëtzebuerger Literaturzeen.

"Ce qu'on aimerait savoir c'est non pas précisément où, quand, comment les écrivains écrivent, leur histoire et leurs goût, mais deviner l'endroit intime à partir duquel les mots s'activent."

schreift de Philippe Matsas am Virwuert. Deem ass esou an dësem Buch, dat den Nach-Direkter vum CNL, de Claude Conter an d'Conservatrice am CNL, d'Ludivine Jehin mat méiglech gemaach hunn.