Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Taylor Eigsti - Plot Armor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa

Konferenzen

Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa

Konferenz gouf den 9. Mee 2021 um Europadag lancéiert. Si ass eng Invitatioun un all d'Bierger vun Europa, iwwer d'Grenzen eraus mateneen ze schwätzen, iwwer d'Erausfuerderungen an d'Prioritéite a fir ze hëllefen d'Zukunft zesummen ze gestalten.

auto_stories

1 min

D'Europaparlament, de Ministerrot an d'Europäesch Kommissioun verflichte sech den europäesche Bierger nozelauschteren an hir Recommandatiounen esou wäit wéi méiglech ëmzesetzen. Dëst gëtt den Europäer aus alle Schichten an alle Regioune vun der Unioun d'Méiglechkeet, Iddien iwwer d'Zukunft auszetauschen an zum Opbau vun Europa bäizedroen. Dëse Virschlag riicht sech besonnesch un déi jonk Generatioun, dëst ënner dem Moto: "Är Iddien a Wënsch sollen d'Zukunft gestalten".

Bei dëser Geleeënheet hat den Institut Pierre Werner (IPW) den 21. Juni op eng tri-national Online Diskussioun, tëschent dem Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn an dem däitsche Staatsminister fir Europa am Ausseministère, de Michael Roth, invitéiert. Dëst a Presenz vum franséischen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, dem Bruno Perdu, deen de franséische Staatssekretär Clément Beaune vertrueden huet.

D'Ministeren hu mat jonke Leit aus däitschen, franséischen a lëtzebuergesche Secondaire's Klassen diskutéiert. D'Schüler ware invitéiert ginn, hir Froen zum Theema ze stellen.

D'Diskussioun gouf moderéiert vum Pia Oppel, stellvertriedend Chefredaktesch vum ëffentleche radio 100,7.

Enregistrement vum 21. Juni: IPW / Abtei Neimënster

Mastering a Montage vum Resumé an der Online-Versioun: Carlo Link