Kannerkëscht Wantergeschicht: Kaweechelchen a Kéisécker bereede sech op de Wanter vir
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mer iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren.

Elo geet da vu zwee Déiere rieds, déi de Wanter hei an eisen Géigende verbréngen, d'Kaweechelchen an de Kéisécker, dat Déier wat och gären den Igel genannt gëtt.
D'Katharina Kurt aus dem Naturmusée verzielt iech an dëser Kannerkëscht wat geschitt wann d'Kaweechelchen an de Kéisécker sech onverhofft begéingen.
Dir héiert d'Katharina Kurt als Kaweechelchen an de Jean Claude Majerus als Kéisécker.