Kannerkëscht Wantergeschicht: Et tockt beim Wanja an der Nuecht

An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren.

Kannerkëscht: 7-9 Joer

Lauschteren


Léif Kanner, an dëser Geschicht vum Dan Tanson stinn den Hues, de Fuuss an de Bier am Mëttelpunkt. An engem schlëmme Schnéistuerm fannen den Hues, de Fuuss an de Bier friddlech ënnerdaach am Wanja sengem Haus.

Et ass eng Geschicht a Reimform. Vill Spaass beim Nolauschteren

Méi zum Thema

Kannerkëscht: 3-6 Joer
Kannerkëscht

Den Dan Tanson huet elo eng Geschicht fir iech derbäi, wou eng Moul am Mëttelpunkt steet: dem Bop seng Moul! Dir wäert iech wonneren, firwat esou eng Moul ka gutt sinn.

Kannerkëscht: 7-9 Joer
Kannerkëscht

Vill Leit wënsche sech wäiss Chrëschtdeeg: Schnéi ass ëmmer eng Freed, awer net fir jiddwereen. De Fuuss brauch fir d'éischt en Haus, fir doraus eng Paschtéit ze maachen.

Kannerkëscht: 7-9 Joer
Kannerkëscht

An der Kannerkëscht proposéiere mir iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren. An dëser Geschicht geet et ëm de Roude Kueder.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen