Kannerkëscht Wantergeschicht: Dem Bop seng Moulen
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren.

Léif Kanner wësst der wat eng Moul ass? Maja Moul kann ee op Lëtzebuergesch soen fir Händsch, also wat een undeet fir datt een, wann et kal dobaussen ass, d'Fangeren net kal kritt.
Den Dan Tanson huet elo eng Geschicht fir iech derbäi, wou eben eng Moul am Mëttelpunkt steet an zwar dem Bop seng Moul, an dir wäert iech wonneren, firwat esou eng Moul ka gutt sinn.
Vill Spaass beim Lauschteren.